Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
2005
[Home] [1. Kommunioun] [2005]
[2010] [2009] [2007] [Kommuniounskanner 2007] [2006] [Kommuniounskanner 2006] [2005] [Kommuniounskanner 2005]

Eischtkommunioun 2005

DKommiounskanner aus der Schoul Parc Housen

sin beréet a frou, dFréed vun hierer éischter helleger Kommunioun mat aarme Kanner ze déelen.

Dest Joer hu mir de Projet Solidaritéit mat Indien eraus gesicht, dén och vun eisem Paarverband ennerstetzt get.

A verschiddenen Stämm an Indien get den Handicap vun enger Persoun als Fluch betruecht, dat bedeit fir behennert Kanner kéen Ennerdach. Si gin vun hirer Famill ausgeschloss a landen op der Strooss. Den Erzbeschof Mgr. Thomas Menamparamil vun Guwahati huet dInitiativ ergraff, éen Foyer fir déi behennert Kanner ze bauen (méi zu dësem Projet op dem nächste Blad).

DKommiounskanner aus der Schoul Parc Housen wëllen dese Projet mat engem Don ennerstetzen. Wéen beréet ass dese Kanner ze hellefen, kann éen Don mam Numm vum Kommiounskand op de Konto vum Parverband Housen-Houschent

CCRL: LU36 0090 0000 0249 9432 oder an eis Spuerkëscht an der Schoul machen.

Kaarten, fir dKommiounskand iwert aeren Don ze informéieren, kënnt Dir bei der Reliounsjoffer Berners-Heinen Margot kréien. (Tel: 99 73 71

Déi betraffen Kanner aus Indien souwéi eis Kommiounskanner soen éech elo schon ée grousse Merci.

DKommiounskanner aus der Schoul Buurschent

Fir de Kanner an den Elteren eng Méiglichkeet ze ginn aus dem Deiwelskrees erauszekommen.

DMariette Gries vun Dikrich liewt an engem Duerf am Süden vum Tchad zu Bousso, 360 km vun der Haaptstadt NDjaména .

Hat erzielt iech vum Djingar, engem klenge Bouf vun 10 Joer.

Den Djingar as enges Dags vu sengen Elteren géint 1 Ochs getosch gin. Sou e Kand get enfants bouviers genannt. De Loun fir dem Kand seng Aarbicht bedeit fir eng Famill Geld, Liewensënnerhalt besonnesch an engem Sahelland, wou dErnten oft moer sin. Dem Djingar seng Aarbicht ass, dVéi vun deene räiche Véiziichter ze hidden, dëst Dag a Nuecht. DKanner ginn awer oft ausgebeut a kommen net méi heem (Arbechtkräften ouni Loun). Oft kreien dFamillen net hieren Ochs a verléieren och nach hiert Kand.

Fir dem en Enn ze machen hun dSchwësteren mat Hëllef vun den Duerfleit een Internat opgemach. Och den Djingar liewt haut hei. Si begleeden déi eenzel Familljen, dKanner kreien Werter vermëttelt an eng Ennerstetzung fir hiert Weiderkommen an der Schoul. Der Famill gëtt gehollef fir géint dee Kannerhandel anzetrieden.

An desem Internat sin am Moment 35 Kanner. De Präis vum Internat fir 1 Joer ass 50 € fir Iessen, Schoulgeld an dFonctionnement vum Internat abegraff fir 1 Kand.

Wann jidder Kommiounskand op ee Kado verzicht, an domat engem Kand vu Bousso dMéiglechkeet gët, weiderhi kënnen am Internat ze bleiwen an esou vun der Strooss ze kommen, dann ass de Jesus um Dag vun der 1. Kommioun net nëmme bei eis komm, méi och duerch eis bei dKanner op Bousso.

Wann dir dëse Projet wellt ennerstetzen, kënn Dir äeren Don op de Compte vun der Raiffeisen Kommiounskanner Dikrich iwwerweisen:

CCRL: LU32 0090 0000 0783 3437 – Don 1. Kommioun (Numm vum Kand)

Merci fir aer Generositéit.
 

Un d'Elteren

Schëckt w.e.g. är Umeldungen fir 1. Kommunioun un:

Parsekretariat
9, Haaptstrooss
L-9360 Brandenbourg

Informatiounsowend  fir d'Elteren vun den Eischtkommuniounskanner as op folgenden Datumer:

Datum

Wou

Paren

Dënsdes
23. November 2004
ëm 20 Auer

Centre Culturel Housen
(Sall Amiperas)

Eesbich
Housen
Konstem

Donneschdeg
25. November 2004
ëm 20 Auer

Festsall zu Baastenduerf
6, Haaptstrooss
(bei der Gemeng)

Baastenduerf
Branebuerg
Houschent

Dënsdes
30. November 2004
ëm 20 Auer

Am Festsall zu Weller

Mierschent
Wuelëssen

Noite informativa destinada aos pais das crianças que fazem a primeira Comunhaõ 01.12.04 às 20 horas na sala paroquial de Hoscheid

Opgepasst w.e.g.

dKontosnummer vum Parverband huet op ärem Ziedel e Feeler et as:

Parverband Housen – Houschent

BCEE  IBAN LU97 0019 2612 8482 8000