Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
2006
[Home] [1. Kommunioun] [2006]
[2010] [2009] [2007] [Kommuniounskanner 2007] [2006] [Kommuniounskanner 2006] [2005] [Kommuniounskanner 2005]

Houschent - 1. Kommunioun

Elterenowend zu Houschent um Parsall    20:00 Auer

      Dënsdeg, den 28. November 2006 fir dParen Housen/Eesbech

      Freideg, den 01. Dezember 2006 fir dParen Mierschent/Wuelessen

      Méindeg, den 04. Dezember 2006 fir dParen Baastenduerf, Branebuerg,     Houschent, Konstem

Kommuniounskäerz 2006

Léif Elteren vun den Kommuniounskanner

Dënsdes, den 7. Mäerz 2006 kommen all Kommuniounskanner am Hall vun der Primärschoul am Centre Scolaire vum Parc Housen zesummen. An den Bastelsäll am Keller gestalten si hir Kommuniounskäerz. Et fënd och bei der Geléenheet eng Beichtfeier am multikulturellen Sall statt, bei der äert Kand déi éischten Kéier beichten geet. D'Aktivitéiten daueren vun 14 bis 17 Auer.

DKanner sollen en Lineal, eng Kichenschéier oder Knäip an engt klengt Kichenbriet matbrengen fir den Wues auszeschneiden.

Dësen Nomëttig as obligatorisch!

Mir bräichten mindestens 6 Erwuessener, déi den Kanner eng Hand upaken.

Avis un dPappen an dMammen!

Wann Dir,léif Elteren, bereed sidd matzemaachen, dann sot w.e.g. Bescheed bei: Kaes-Wagener Marie-Anne Tel: 99 00 96 Fax: 26 97 95 87 e-mail: jpkaes@pt.lu

An der Woch vum 6. bis den 11. Mäerz 2006 kënnen och d'Tuniken ausgeléint ginn.

DMadame Lucas-Wagener Edmée vun Houschent, 76 Haaptstrooss, huet Nomëttes vun 14.00 bis 18.00 Auer hir (Keller) Diir op, wou dir mat äerem Kand zur Uprouw kommen kënnt. Den Präis vun der Tunik as 30,-€ (direkt op der Plaz ze bezuelen)

DVirbereedungsteam vun der Éischtkommunioun
am Parverband Housen-Houschent

20060423b

1. Kommunioun, den 30. Abrëll 2006

Der obligatorische Informationsabend für die Eltern der Kommunionskinder aus den verschiedenen Pfarreien ist wie folgt festgelegt:

Für die Pfarreien:

Bastendorf, Brandenbourg, Merscheid, Hoscheid

am Mittwoch, 23. November 2005

Consthum, Hosingen

am Donnerstag, 24. November 2005

Wahlhausen, Eisenbach, Rodershausen,

am Mittwoch 30. November 2005

jeweils um 20:00 Uhr im Pfarrsaal in Hoscheid.

Falls Sie an dem für ihre Pfarrei vorgesehenen Datum verhindert sein sollten, können und sollten Sie einen der anderen angegebenen Termine wählen.

Die Erstkommunion-Feier unseres Pfarrverbandes findet am 30. April 2006 im  Centre scolaire Parc Hosingen statt.

Mit dem Wunsch zum Gelingen einer guten Vorbereitung im Interesse der Kinder grüsst Sie

das Pastoralteam des Pfarrverbandes Hosingen-Hoscheid

1. Kommunioun

Eltereversammlung fir dElteren vun eise Kommuniounskanner vun 2006

Mëttwoch, 23. November 2005 fir dElteren vun de Paren:

Baastenduerf, Braneebuerg, Mierschent, Houschent

Donneschdeg, 24. November 2005 fir dElteren vun de Paren:

Konstem, Housen

Mëttwoch, 30. November 2005 fir dElteren vun de Paren:

Wuelëssen, Eesbich, Roudersen

All kéiers owes em 20:00 Auer am Parsall zu Houschent 7, Lisseneck

Fir Info zur Kommunioun zekreien, soll jidderen op engem vun desen Owender gewest sen.

dKommiounskanner
Schoul Parc Housen

Wéi an deene vergangenen Joren invitéieren mir och dKommiounskanner vum Joër 2006 mat aarmen an kranken Kanner ze déelen an villeicht op éen oder dén âneren Cadeau ze verzichten. Ennerstëtzt aer Kanner un déi ze denken dénen et net sou goud géet wéi eis, a mat hinnen ze déelen.

Dest Joer hu mir 2 verschidden Projéen:

1.) E Bläistëft fir den Niger

Des Aktioun gouf vun Léierpersonal organiséiert déi am Summer 2003 mat de Letzebuerger Guiden a Scouten op engem Camp-Chantier am Niger waren. Den Nigereschen Staat stellt all Schoulkand 1 Bläistëft an 1 Heft pro Joer wat natierlech net duergéet. Well dElteren sech et awer net ëmmer leeschten kënnen, weidert Matérial fir hir Kanner ze Kâfen, kënnen vill Schüler net méi um Unterrëcht déelhuelen. Mat aerem Don kann et desen Kanner erméiglicht gin wieder an dSchoul ze goen.

2.) APPAAL ( association des Parents de Personnes Atteintes d'Autisme de Luxembourg a.s.b.l.)

An desem Projet gin déi betraffe Menschen mat hirer Famill ennerstëtzt. Wëll den Authismus ganz oft réicht spéit erkannt get kënnen mir mat eisem Don éen besseren Service, Thérapien an Schoulen erméiglichen.

Wéen enger vun desen Associatiounen hellefen wëllt, soll éen Don ob den

Compte vum Parverband Housen-Houschent machen bei der Spuerkees

BCEE IBAN LU97 0019 2612 8482 8000

mam Vermierk Projet 1oder 2 fir (Num vum Kommuniounskand)

Oder an eis Spuertësch an der Schoul.

Kaarten fir dKommuniounskanner iwert aeren Don ze informéieren kritt dir bei der Religiounsjoffer Berners-Heinen Margot. Wann dir net genau wësst wèi des Aktioun fonctionnéiert kënnt dir och gaer bei hir nofroen Tel: 99 73 71

Macht mat !

Et louhnt sech ganz bestëmmt.

dKommiounskanner
vun der Schoul Tandel

wëlle sech solidaresch weisen mat  Mënschen aus dem Peru (Valle del Triunto, Jicamarca, département Lima).

De Projet «OPÉRATION JICAMARCA» ( Käschtepunkt EUR 340.000, an ënnerstëtzt vum Ausseministère), huet sech zum Ziel gesat, e Centre polyvalent ze schaafen mat enger Gardenie fir Kanner bis 5 Joer, an 3 Formatiounsatelieren.

DGarderie bréngt Aarbechtsplazen fir Fraën, deenen et soss net méiglech wiir, schaffen ze goën, an an den Atelieren kënnen Erwuessener eng Ausbildung kréien am Bitzen, Wiewen, an an der Informatik.

Wëllt Dir also de Kanner eng Freed maachen, kënnt Dir dëse Projet ënnerstëtzen mat engem Don un dAssociation Luxembourg-Pérou op de

Kont : CCPL  IBAN LU69 1111 0805 6151 0000

mat der mentioun  «ération Jicamarca» , don «Tandel».

Am Viraus soen sie Eech en häerzleche Merci !

a vu Buurschent

Léift bedeit och Matgin……

Eise Projet, am Sen vum „DräiSchrëtt E Pëtz soll gegruewe gin  zu Djèroung, engem klengen Duerf aus der Diözes Djougou/ Afrika . Dat Duerf huet keng Quell fir proppert Waasser. DFraen a Medercher aus dem Duerf mussen all Dag 4-5 Kilometer wäit goën, fir Wasser sichen ze goën, awer kee Wasser aus enger propperer Quell, ma knaschtegt Wasser dat voller Mikroben ass, dat se aus engem doudegen Aerm vun engem Floss zéihen. Dat Wasser gët gebraucht fir ze kachen a suguer fir ze drénken.

Well Dir dAktioun vun de Kommiounskanner ënnerstëtzen, dann iwerweist äeren Don op den Compte vun der Raiffeisen Bank

IBAN LU32 0090 0000 0783 3437

vun de Kommiounskanner vun Dikrech