Juli
Et bestueden sech:
Karl-Heinz Kirsch (Oudler) an Diane Schaeffer (Houschent)
Nächsten Kanddaf: 15. August
Treffen vun den Elteren, Pätter a Giedelen zu engem Dafgespréich en Donneschdeg 5.August ëm 20:00 Auer um Parsall zu Houschent
Bivelser Duerffest
Sonndes, den 1. August
Baastenduerf:
Samsdeg, 31. Juli Bal mat AWACS Sonndes, 01. August
Fussballfest
ab 11:00 Apero.
11:30 Concert "Fanfare Baastenduerf".
12:00 Iessen
- Menu 1: Fierkelshaam mat Speckgromperen, Bounen oder Zalot.
- Menu 2: Ham, Fritten,Zalot
- Menu 3: Kotelett,Fritten,Zalot
- Menu 4: Kannermenu
Um 13:00 Auer ass Upaff vum éischten Match vun den Finalen "Coupe de la Blees"
Grillfest zu Rouderssen
d'Jugend va Roudersen invitéiert Iech den 8. August op hiirt Grillfest zu Roudersen beim Tun sénger Scheier.
- Menü: Hamm, Fritten, Zalotteller – 12 Euro
Umellen fir Menu w.e.g. bis 4.8. um Tel. 92 03 29 oder 92 15 49 tëscht 19:00 an 20:00 Auer
Gegrilltes a Gedrenks gët ët den ganzen Daag
Baastenduerf:
Grillfest beim Gemengesall Sonndes den 8. August 11:30 Apéritif 5 Menüer stinn zur Wiel : 1 Kotlett, 2 Thüringer, Paerdssteak,Schnitzel, Hamenteller begled, vun Fritten, Zalot, Kaffi an Taart Kannermenu: 1
Thüringer,Fritten, Glace Vun 18:00 Auer un : Gegrillte Schwengshéiss mat oder ouni Emgeréids 14:30Auer Bingo d'Jugendpompjeeën aus der Gemeng Baastenduerf hun en Flouhmaartsstand Iessen, Drënken de ganzen
Dag Org: Pompjeeën Gemeng Baastenduerf E flotten Site um Internet Vernetzte Kinderseiten ennert www.seitenstark.de
Scouten:
mir sin ausser Land. Zesummen mat de Scouten vun Réiser si mir AvEx (11-14 Joer) an CaraPio (14-17 Joer) mam Jacquel um Landeslager 2004 "elements-linking europe "vun de VCP-Bayern Scouten bei Parsberg/Nürnberg
an dat vum 31. Juli - 10. August 2004
Oktober
Firmung:
Fir déi, déi am Ateliers- Thema "Drogen" sech gemeld hun:
Dënsdes 05. Oktober vun 19:30 - 21:00 Auer Parsall Houschent Dënsdes 12. Oktober vun 19:30 - 21:00 Auer " "
D'Firmhelfer wëssen wéi en Dag déi Jugendlech solle kommen !
Woolz
Jugendmass zu Nidderwoolz em 19:00 Auer e Samsdig, den 9. Oktober
(Lidderprouf vun 18:00 Auer un an der Kiirch)
Viirbreedung "Kannermass zu Baastenduerf"
En Dënsdeg , den 12. Oktober um 19:30 um Gemengesall zu Branebuerg fir all déi, déi sech gemeld hun, de Grupp as a bleiwt op fir jidderen.
Viirbredung op Daf
En Donneschdeg, den 14. Oktober 2004 as um 20:00 Auer am Parsall vun Houschent eng Viirbredungsversammlung fir d'Elteren, dPätteren a Giedelen vun de Kanner, déi de Sonndeg, den 17. Oktober, gedeeft gin.
Mir bieden ëm Entschëllegung, dass dës Versammlung sou spéit festgesat as.
Rousekranzgebied am Rousekranzmount
Näidsen:
Vum 15. Oktober bis den 15. November biede mir all Méindeg a Freideg de Rousekranz
Houschent:
Vun Méindes bis Freides ëm 18:00 Auer
Lëpschent:
all Freideg ëm 19:00 Auer
Housen:
Méindes, Mëttwochs a Freides ëm 19:00 Auer an der Muttergotteskapell
Nodem dass dAuer geréckelt gin as, biede mir de Rousekranz ëm 18:30 Auer.
E Freideg, den 29. Oktober as um 19:00 Auer zu Housen an der Muttergotteskapell (niewt dem Kierfent) eng Rousekranzfeier fir all Kanner an hir Familjen.
|
|
JMJ-Mass
Samsdes, den 16. Oktober 2004 zu Ettelbreck 19:00 Auer
Jugenddag zu Iechternach
fir Jonker vun 15 Joer un
Thema: JMJ
Umellen muss en sech bis den 16. Oktober 2004. Méi Infos op: www.jugendpastoral.org
|
Dëse Sonndeg, den 17. Oktober ass:
Mediensonntag der katholischen Kirche in Luxemburg
"Die Medien in der Familie: Risiko und Reichtum"
"Die Medien werden täglich in vielen Wohnungen und Familien als vertrauter Gast willkommen geheissen. An diesem Welttag der Sozialen Kommunikationsmittel ermuntere ich die beruflich im Medienbereich und die
Verantwortlichkeit, die es einschließt, anzuerkennen."
Botschaft von Papst Johannes Paul II. zum 38. Welttag der sozialen Kommunikationsmittel
|
|
Parverbandsrot:
Donneschdeg, den 21. Oktober
Ufank 19:30 an der Kiirch zu Weller
Regionalversammlung Pastoral Norden:
Dës Versammlung as fir de Comité vum Parverbandsrot den 22. Oktober ëm 20:00 Auer zu Woltz
E Sonndeg, den 24. Oktober as Weltmissiounssonndeg Kollekt as fir Missio
Hei den CCPL vun Missio Lëtzebuerg IBAN LU09 1111 0382 9981 0000
|
|
Nei Wonner fir eis Zäit?
Eng Konferenz vum Patrick Dondelinger iwwert "De Glawen u Wonner an eiser Zäit"
Rendez-vous en Donneschdeg, den 28. Oktober 2004 um 19:30 Auer zu Housen am Centre Culturel
Wien gleewt haut nach un e Wonner? Brauchen mir nach Wonner?
Mir liewen dach an enger héich techniséierter Welt, déi fir alles eng Erklärung huet.Wëssenschaftler kënnen villäicht geschwën déi lest grouss Rätselen vun der Mënschheet entschlësselen.
Déi modern Medizin huet fir déi meest Krankheeten engt Mëttel entwékelt an dLiewenserwaardung vun den Mënschen bedeitend erhéischt.
Muss eis do net eng Wonnerheelung oder eng Geesterausdreiwung aus dem Neien Testament virun den Kapp stoussen?
Et as eng Tatsaach, datt dat «Wonnerbart» net aus den Kulturen verschwonnen as, mee iwwerall seng Plaz fënd. Fir d Katholiken an Europa hun Lourdes an Fatima eng ongebremsten Unzéiungskraaft. Milliounen vun Pilger maachen
sech all Jor op de Wee fir dMuttergottes ëm Hellef ze bieden.
Mee och ausserhalb vun der Relioun begéinen mir dem „Wonnerbarem: Halloween, Harry Potter, „Herr der Ringe an vill aner Elementer aus eisem kulturellen Liewen schengen all op hir Art a Weis eppes „Wonnerbares ze bidden.
De Patrick Dondelinger (Maître de conférences op der Université zu Metz) versicht des Saachen wëssenschaftlich (op mënschlichem an op reliéisem) Plang ze beliichten.
An sengem Virtrag get hien folgenden Froen no:
Wat bedeit dat „Wonnerbart fir dSituatioun vum Mënsch haut? Wat kann dat fir den gleewigen Mënsch haut bedeiten?
Rousekranzgebied fir dKanner
E Freideg, den 29. Oktober as um 19:00 Auer zu Housen an der Muttergotteskapell (niewt dem Kierfent) eng Rousekranzfeier fir all Kanner an hir Familjen.
Mir bieden zesummen mat der Hëllef vun engem Rousekranz zur Muttergottes an léieren doduerch eisen Frënd Jesus besser kennen
Kannermass
Déi éischt Kannermass no dem Schoulufank as e Samsdig, den 30. Oktober zu Branebuerg an der Kiirch um 18:30 Auer. Mir léieren den hl. Franziskus kennen an erfueren wat hien gemaach huet fir no dem Wëllen vum Jesus ze liewen.
All Kanner an hir Familjen, besonnisch och dKommuniounskanner vum nächsten Jor, sinn ganz hërzlich invitéiert un dëser Feier deelzehuelen
|
|
Un d'Massdénger an hier Responsabel:
MAFREMA (Mat Fréd Massdinger)
zu Iechternach den 30. Oktober vun 10:00 bis 16:30 Auer.
Formatiounsdag fir d'Massdinger vum 4. bis 6. Schouljoer.
Wat ass hei lass: Et sinn Atelien zu 6 verschiddenen Themen, (Dauer 30 Min.) Offschlossfeier an der Basilika Och fir Responsabel get et en Atelier.
Wat muss e mathuelen: Pic-Nic, Schachtel mat Schreiw- a Molgeschiir, Massenkleed a Gudd Laun. Ok. Da meld dech lo séier un, an dat bis den 12. Oktober beim Marie-Anne Kaes-Wagener um Telefon 99 00 96
Beichtgelegenheeten virun Allerhelljen:
|
Bastenduerf
|
Freideg
|
29.10.
|
um 18:15
|
|
Housen
|
Samsdeg
|
30.10.
|
um 15:00
|
|
Wuelëssen
|
Freideg
|
29.10.
|
um 17:30
|
|
Lëpschent
|
Donneschdeg
|
28.10.
|
um 09:15
|
|
Mierschent
|
Freideg
|
29.10.
|
um 10:00
|
|
Roudersen
|
Méindeg
|
25.10.
|
um 19:00
|
|
Houschent:
Billerausstellung vum Pauline Burg zu Houschent an der Spillschoul vum 02.-10. Oktober vun 14:00 - 18:00 Auer
Housen:
Am Kader vum "klenge Maarnicher Festival" as dëse Sonndeg, den 03. Oktober ëm 16:00 Auer e
Concert vun den "Zürecher Sängerknaben" an der Parkiirch
Informatiounsowend
Elterenvereenegung APEPH aus dem Park Housen, d'Kannervilla Véianen an d'Elterenvereenegung vu Véianen invitéieren op en Informatiounsowend e Mëttwoch, den 6. Oktober um 20:00 Auer am multifunktionellen Sall vun
der Schoul Park Housen
"Was hat ein Grashüpfer mit Erziehung zu tun?"
Lebensfrohe und kinderfreundliche Gestaltung von Schulhöfen und Spielplätzen. Ein Diavortrag von Heinrich Benjes, Holunderschule Hellweg (Nord-Däitschland)
Jugend
"What about me?"
Selbsterfahrung fir Jonker
Drock a Stress a mengem Alldag, Prüfungsangscht, Erwardungen vun den Elteren, Proffen, Kollegen a Frendinnen, Leeschtungsdrock, suguer a menger Fräizäit ! Wou fannen ëch meng Rou? Wou fannen ëch zu mir selwer? Wou
kann ëch mëch richtig entspaanen? Wat deet mir gudd? Komm laanscht kucken!
De Cours vun der Selbsterfahrung kann dëch weiderbréngen op Denger Sich no Dir selwer. Fir Jonker vun 15 Joer un , Dikrech aal Hotelschoul, Präis 5 Euro
Datum 06., 13. an 20. Oktober, vun 19:30 - 21:00 Auer.
Ledung: Tessy Geimer-Biver an Tosca Friederes-Berg
Org: Info-Video
Eesbich:
D'Eesber Ourdallsänger invitéieren op hire Kaffiskränzchen Sonndes den 10. Oktober 2004 zu Uewereesbich beim Renée um Camping Vieux Moulin.
Ufank 14:30 Auer. Brengt e gudden Appetit a vill gudd Laun matt. Schéin Tombola
Houschent:
Wanderdag, Sonndes den 10. Oktober
Treffen as um 10:00 Auer op der Libératiounsplatz zu Houschent gemittlech Hierschtwanderung iwer den KLANGWEE
Um 12:00 am Centre 2005, hei kann jiddereen kommen, och wann e net mat wanderen war.
12:00 Auer Apéritif, 13:00 Auer Mettegiessen (Judd, Gardebounen, Speckgromperen) Präis pro Person: 10,00 Euro
Am Nometteg: Kaffi, Kuch, Taart. Kannermoleck, Musikalesch Animatioun
org: S.I. Houschent
Branebuerg
E Sonndeg 17. Oktober 2004 Gromprefest am Festsall
11:30 Apéritif - 12:00 Mëttegiessen Gromprenzopp, Gromprekichelcher, gekachten Haam mat gebootschte Grompren, Gromprenzalot mat Wirschtercher.
Grouss Tombola
Org: LCGB Sectioun Baastenduerf/Furen
Blummenkur:
d'Fraen a Mammen aus der Gemeng Housen organiséiren een Blummekur am Centre Culturel, den 18. an 25. Oktober owes em 19:30 Auer.
De Kur get ofgehal vun der Mme Kemp
Präis 25 Euro (Blummen sin am Präis abegraff)
Matbrengen: Secateur an eng flaach Schossel.
Umelle könnt Dir eech bis den 14. Oktober beim Ketty Wagener um Telefon 92 19 81 oder beim Margot Wagener um Telefon 92 00 38
Houschent
Sonndeg, 24. Oktober um 14:30 am Centre 2005 Konter a Matt
Startgeld 8,00 € Hâmeschmier gratis
Organisatioun: Kaarteklub Houschent
Baastenduerf
Faire Genoss um Sonndes-Kaffisdësch Sonndeg, den 31. Oktober vun 08:30 bis 11:00 Auer am neie Festsall zu Baastenduerf
Präis 5,00 € – Kanner 3,00 €
Den Erléis as fir de Projet CED am Togo (Centre décologie et de développement)
November
Sonndeg 31. Oktober
|
Griewersegnung
|
|
Roudersen
|
14:30
|
Weller
|
|
Eesbich
|
15:00
|
Nuechtmannescht
|
|
Wuelessen
|
15:30
|
Laaschent
|
Allerhelljen 01. November
|
Mass mat uschléissend Griewersegnung
|
|
Schlënnermannischt
|
10:30
|
|
|
Mierschent
|
10:30
|
|
Griewersegnung
|
|
Lëpschent
|
14:30
|
Mechela
|
|
Houschent
|
15:00
|
Branebuerg
|
|
Houschter-Déckt
|
15:30
|
Baastenduerf
|
|
Konstem
|
16:00
|
Tandel
|
Allerséilen 02. November
|
Mass mat uschléissend Griewersegnung
|
|
Näidsen
|
09:00
|
|
|
Boukels
|
09:00
|
|
|
Housen
|
10:30
|
|
|
Grooljen
|
10:30
|
|
|
Holztem
|
15:00
|
|
|
Eng hallef Stonn virum Griewerseenen as Rousekranz an der Kiirch. Zu Branebuerg as den 01. November um 14:30 Wuertgottesdéngscht
|
Ausstellung:
»Trésors insoupconnés - Orfèvrerie ancienne de Luxembourg«
vum 1.Oktober bis den 28.November
am Musée National d'Histoire et d'Art Luxembourg Marché-aux-Poissons L-2345 Luxembourg
An dëser Ausstellung sin och sakral Gegenstänn vun der Par Housen an Schlënnermanescht.
Bibelgrupp Houschent
zu Housen am Presbytère e Mëttwoch 3. November um 20:00 Auer
Journée Firmung
fir all Jugendlech déi sech op dFirmung viirbreden ass am Centre Culturel zu Housen en Donneschdeg 4. November vun 9:00 bis 15:30 Auer
w.e.g. Kledung fir all Wieder do baussen !!!
Atelier-Firmung
En Dag am Klouschter den 6. November
DFirmkandidaten sollen Info bei hierem Firmhelfer froen
Mëttwoch 10. November um 17:00 Auer Mass vun den Dekanaten Veianen an Dikrech
Bibelgrupp Housen
De Bibelgrupp Housen fällt den 10. November 2004 aus wéinst der Pilgerfahrt
Arbechtskrees Norden
Mëttwoch 10. November um 19:30 CPMT Diekirch
Schlënnermannescht
D'Kiirch vu Schlënnermannescht krit am November 2 nei Klakken. Gegoss gin se zu Brockscheid, a mir kënnen do
derbei sën. Wéini dat geschitt, dat wësse mer nach nët. Dach aus orgonisatoresche Grënn wäre mer frou, wann déi, déi matfuere wëllen äis dat elo schon géife matdelen um Tel: 99 07 78 Vic Bodson. Weider Informatiounen da méi
spéit.Jidereen aus dem Parverband as wellkomm.
E Sonndeg, den 21. November 2004 feiert d'Par Schlënnermanescht hiirt 200 jäeregt Bestoen
Em 15:00 Auer as Mass mam Här Erzbeschof Fernand Frank
Am Laf vun der Mass gin 2 nei Klacken ageweiht, déi mer Iech am nächste Parblad virstellen.
Mir wënsche deene Maneschter e schéine Feierdag.
Komm maach mat Den Advent fir Jugendlecher a jonk Leit
Jugendmass
Sonndes, den 28. November ass um 18:00 Auer Jugendmass zu Housen.
DJugend vun de Sänger aus dem Stëllen Dall vu Roudersen sëngt Gospellidder.
Am Kader vun der „Graffiti Ausstellung zu den 10.Geboter
Graffiti Austellung an der Kiirch vun Housen Donneschdeg 26. November bis Méindes den 29. November 2004
DrëttWeltButtek Ettelbreck
Den 20. an 21. November 2004 invitéiert den DrëttWeltButtek Ettelbreck an den Lycée technique vun Ettelbreck op hir Ausstellung a hire Verkaf vun Teppecher
hirgestallt vun de Konschthandwierker aus dem Tibetan Refugee Self Help Centre zu Darjeeling an Indien, Verkaaf vun Kaarten, Krëppen, Dekoratiounsartikelen, Schokela, Liewensmëttel ...
Kaffisstuff mam Erléis fir " mannerbemëttelt Kanner an der Ukraine "
Graffiti-Ausstellung in der Pfarrkirche HOSINGEN
Vom 26. bis zum 29. November einschliesslich: Thema der Ausstellung : »Die Zehn Gebote«
Bei dem Graffiti-Workschop »Pray & Spray« haben sich 35 Jugendliche aus der Erzdiözese Luxemburg, sowie
den Diözesen Metz, Trier und Verdun fünf Tage lang mit diesen Geboten beschäftigt. In Kleingruppen tauschten sie sich darüber aus, welche Gebote sie besonders ansprechen, welche sie nur schwer verstehen oder einhalten können
und welche für sie und ihr persönliches Leben eine besondere Bedeutung haben.
Die Teilnehmerinnen und Teilnehmer sind der Frage nachgegangen, welches Gebot für sie Lebenshilfe sein kann.
Am Ende wurden sieben Gebote in Graffiti umgesetzt.
Es waren auch Jugendliche aus unserem Pfarrverband dabei.

Am Sonntag den 28. November 18.00 Uhr.
» Jugendmass «
in der Kirche von Hosingen zum Thema »Die Zehn Gebote«
Gesangprouf fir d'Firmungsmass:
Samsdes Mëttes den 04. Dezember vun 16.00 bis 17.00 Auer
Wuelëssen
Die Wuelësser Sängerfrënn an die Eesber Ourdallsänger invitéieren Iech op hieren Oofschlosskonzert vun den Gebuurtsdaagsfeierlechkeeten, deen si den 14. November
an der Kiirch zu Wuelëssen um 17:00 Auer oofhalen.
Massendengerweiderbildung an eisem Parverband
Fir d'Wëssen iwwert d'Massdingen e bëssen opzefréschen, ass en Donneschdeg, den 18. November 2004 um 17:00 Auer zu Housen an der Kiirch eng Versammlung fir all Massendinger.
D'Versammlung dauert ongeféier 1 ½ Stonn.
Filmfest fir Kanner
Projektioun op grousser Leinwand vum Film
"Das Sams" (ein merkwürdiges kleines Wesen mit einer Rüsselnase)
Samsdes, den 20. November um 15:00 Auer, fir Kanner ab 6 Joer Dauer 103 Minutten, Entrée 2,- € , fir eng Famill 6,- €
am Home St. Sébastien, 2, rue du Pont, Wooltz
Weller
Bingo-Owend zu Weller e Samsdeg, den 20. November 2004 vun 18.00 Auer un.
Org: Turnschlappen vun Weller
DrëttWeltButtek Ettelbreck
Den 20. an 21. November 2004 invitéiert den DrëttWeltButtek Ettelbreck an den Lycée technique vun Ettelbreck op hir Ausstellung a hire Verkaf vun Teppecher
hirgestallt vun de Konschthandwierker aus dem Tibetan Refugee Self Help Centre zu Darjeeling an Indien, Verkaaf vun Kaarten, Krëppen, Dekoratiounsartikelen, Schokela, Liewensmëttel ...
Kaffisstuff mam Erléis fir " mannerbemëttelt Kanner an der Ukraine "
Pray and spray
eng Graffiti-Ausstellung zu den 10 Geboten
vum 26. bis den 29. November 2004 zu Housen an der Parkiirch
hei hun och Jugendlecher aus eisem Parverband mat gemach
Sonndes, den 28. November ass um 18:00 Auer Jugendmass zu Housen.
DJugend vun de Sänger aus dem Stëllen Dall vu Roudersen sëngt Gospellidder.
Branebuurg
Parrot as den Dënsdeg, den 30. November 2004, um 20:30 Auer
Erwuessebildung
mam Pater Fränz Koedinger am Festsall vun der Reiler Schoul
Mëttwoch, den 1. Dezember 2004 um 20:00 Auer
Thema: Worauf es ankommt !
Soll das Wort von der Erneuerung der Kirche nicht zu einem Schlagwort verkommen, müssen wir uns überlegen, auf welchem Fundament wir aufbauen können.
Wir müssen die Hauptsache von den Nebensachen unterscheiden. Was ist die Hauptsache, ohne die das Christentum nicht mehr Christentum wäre?
Mëttwoch, den 15.Dezember, 20:00 Auer
Thema: Weihnachtliche Friedensbotschaft
Seit 2005 Jahren verkünden Christen Friede auf Erden den Menschen. In all den Jahrhunderten aber gab es Kriege, sogar Kriege von Christen gegen Christen. Das 20. Jahrhundert war das blutigste von allen. Warum greift
die christliche Friedensbotschaft nicht? Was läuft falsch?
Org: Info-Video-Center Dikrech
Adventsfeier
3. Dezember Adventsfeier zu Mierschent an der Kiirch um 19:30 Auer fir de ganzen Parverband
DrëttWeltButtek Ettelbreck
Den 20. an 21. November 2004 invitéiert den DrëttWeltButtek Ettelbreck an den Lycée technique vun Ettelbreck op hir Ausstellung a hire Verkaf vun Teppecher
hirgestallt vun de Konschthandwierker aus dem Tibetan Refugee Self Help Centre zu Darjeeling an Indien, Verkaaf vun Kaarten, Krëppen, Dekoratiounsartikelen, Schokela, Liewensmëttel ...
Kaffisstuff mam Erléis fir " mannerbemëttelt Kanner an der Ukraine "
Dezember
Viirbreedung op Daaf
En Donneschdeg, 02. Dezember 2004 as um 20:00 Auer am Parsall vun Houschent eng Viirbreedungsversammlung fir dElteren, Pätteren a Giedelen vun de Kanner, déi Sonndes, den 12. Dezember 2004 gedeeft gin.
Adventfeier
3. Dezember Adventfeier zu Mierschent an der Kiirch um 19:30 Auer fir de ganzen Parverband
Pray and spray
Jugendgottesdienst zum Thema „Zehn Gebote
am Donnerstag 09. Dezember 2004 um 19:00 Uhr in Großkampenberg/Deutschland.
Jugendliche aus Luxemburg sind herzlichst eingeladen.
|
Abfahrt vum Bus:
|
|
17:05
|
Pensionnat St. Anne
|
|
17:20
|
Kiirch Dikrech
|
|
17:50
|
Kiirch Housen
|
Jugendmass zu Nidderwooltz
Samschdeg, den 11. Dezember 2004 um 19:00 Auer zu Nidderwooltz
Lidderprouf: vun 18:00 Auer un an der Dekanatskierch
Baastenduerf
Wéi all Joer machen dMassdinger och dëst Joer rem eng Adventsaktion:
„Mir verkaafen Stären, déi un e Beemchen an der Kiirch gehang gin
Den Erléis as fir „Bridderlech Deelen
Ufank nächste Sonndeg, mir soen lo schons Villmols Merci !
Duerfir kennt den Här Patrick Godar op Baastenduerf fir eis an der Owesmass (Samsdes, den 11. Dezember 2004 em 18:30) vun dem Projet Bridderlech Deelen ze erzielen.
No der Mass invitéiren mir iech an de Sall, fir nach bessen mat him ze schwätzen …
Daaffeier
Nächst Daaffeier ass den 12. Dezember 2004
Firmung
DFirmung ass Dënsdes, den 14. Dezember um 17:00 Auer zu Housen an der Kiirch
Schëckt w.e.g. är définitif Umeldung fir d'Firmung un d'Parsekretariat 9, Haaptstrooss L-9360 Brandenbourg , Fax 90 81 32 oder gitt se of bei ärem Firmhelfer/in
Erwuessebildung
mam Pater Fränz Koedinger am Festsall vun der Reiler Schoul
Mëttwoch, den 15. Dezember, 20:00 Auer
Thema: Weihnachtliche Friedensbotschaft
Seit 2005 Jahren verkünden Christen Friede auf Erden den Menschen. In all den Jahrhunderten aber gab es Kriege, sogar Kriege von Christen gegen Christen. Das 20. Jahrhundert war das blutigste von allen. Warum greift
die christliche Friedensbotschaft nicht? Was läuft falsch?
Org: Info-Video-Center Dikrech
Adventsandacht fir de Parverband Freideg, den 17. Dezember 2004 ëm 19:30 zu Mierschent
|
Beicht viru Chrëschtdag
|
|
Baastenduerf
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
16:30 Auer
|
|
Branebuurg
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
17:00 Auer
|
|
Eesbich
|
Mëttwoch
|
15. Dezember 2004
|
17:30 Auer
|
|
Houschent
|
Mëttwoch
|
15. Dezember 2004
|
18:00 Auer
|
|
Housen
|
Samsdeg
|
18. Dezember 2004
|
15:00 Auer
|
|
Konstem
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
18:00 Auer
|
|
Lëpschent
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
09:15 Auer
|
|
Mechela
|
Freideg
|
17. Dezember 2004
|
10:00 Auer
|
|
Mierschent
|
Dënsdeg
|
14. Dezember 2004
|
10:00 Auer
|
|
Roudersen
|
Donneschdeg
|
16. Dezember 2004
|
19:00 Auer
|
|
Schlënnerman
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
18:30 Auer
|
|
Wuelëssen
|
Mëttwoch
|
22. Dezember 2004
|
17:30 Auer
|
Chrëschtdagsbotschaft 2004 Färt net
Ween denkt un eng Botschaft vun Chrëschtdag an enger Zäit vun Krisen a Konflikter, wou Israelis an Palestinenser sech op der Plaaz, wou Jesus gebuer gin as, bis op dMesser bekämpfen?
Wat fir e Fridden as daat, den den Hiirten virun 2005 Joer um Feld zu Bethlehem verkënnigt gin as? Dëse Fridden fänkt do un, wou Angst an Ongewessheet der Zouversicht Plaaz maachen.
Eréischten dann fänkt eng Dynamik zum Fridden un, déi eis Welt esou liewensnoutwendig brauch.
Gott sei Dank gin et nach Menschen an eiser Gesellschaft, a der Kierch a an der Politik, déi hir Friddenshoffnungen net opgin hun.
Gott, sei Dank gin et niewent Fanatiker an Krichsdreiwer och nach Friddensstefter. An op waat fir enger Säit e gläwigen Chrëscht muss sin, misst jo fir eis all kloer sin.
Wéi kann een haut Fridden stëften? Waat kann deen eenzelnen Mënsch hei maachen?
Ufänken kann jidferen am direkten Emfeld.
Esou as et haut ganz wichtig, de Wee vun der Gewaltlosigkeet ze wielen.
Selig die keine Gewalt anwenden, denn sie werden das Land erben. (Mt 5,5)
Menschen, déi an der Nofolleg vu Jesus Christus sin, sollen de Mut zum Zivilcourage hun, do anzegreifen, wou ee gewalttäteg gët.
Awer et gët och déi strukturel Gewalt, déi verstoppt as. Wann an eiser Gesellschaft déi Aarm emmer méi Aarm, an
die Räich emmer méi räich gin an eng Mëttelschicht verschwönnt, dann as et och noutwendig, no den Ursachen heivir ze froen. Fir datt Fridden konkret gët, muss Gerechtigkeet eng Viraussetzung sin. Gerechtigkeet op allen
Terraien vum menschlichen Zesummenliewen, an der Politik, der Wirtschaft op nationalem an internationalem Plang.
Chrëschtdag seet eis: Machs wie Gott, ... und werde Mensch
Gott recht eis dHand zur Partnerschaft um Opbau vun enger besserer an méi gerechter Welt.
Chrëschtdag set eis datt dës Engagement emmer sënnvoll as, och wann mir net emmer direkt dErfolger können gesin.
Ech wënschen eis all datt de Glaawen, dHoffnung an Léiwt, déi Jesus eis virgeliewt huet, eis zum Engagement fir Fridden a Gerechtigkleet motivéieren
Fél
Housen
Grouss a Kleng sin häerzlich agelueden op Helleg Owend zu Housen an der Kiirch dGeburt vu Jesus, éisem Frënd an Erléiser, mat ze feieren.
Massuerdnung fir Helleg Owend, Chrëschtdag a Stiefesdag,
|
24. Dezember
|
Helleg Owend
|
|
17:00
|
Housen/Kannermass
|
|
20:00
|
Baastenduerf
|
|
20:00
|
Eesbich
|
|
21:30
|
Mechela
|
25. Dezember
|
Chrëschtdag
|
|
08:45
|
Mierschent
|
|
09:15
|
Konstem
|
|
10:00
|
Wuelëssen
|
|
10:00
|
Branebuurg
|
|
10:30
|
Houschent
|
26. Dezember
|
Stiefesdag
|
|
09:00
|
Schlënnermanescht (Wéi viru 60 Joer feiere mer Chrëschtdag als Erënnerung unt Bunkerjongen)
|
|
09:30
|
Roudersen (helleg Owend: Chrëschtveillée an der Kiirch fir déi ganz Duerfgemeinschaft)
|
|
10:00
|
Wuelëssen
|
|
10:30
|
Baastenduerf
|
|
10:45
|
Housen
|
|
Duerscht
Krëschtconcert an der Kiirch zu Duerscht
Donnëschdeg, den 16. Dezember 2004 um 20.00 Auer
Cantores Amicitiae
Chouer vun der Konschtakademie "Georges Oenescu" aus Iasi, Rumänien
Entrée 5,- €
Org: di Duerschter a Kulturkommissioun Gemeng Housen
Night Vigil
Donneschdeg, den 16. Dezember 2004 ëm 5:30 zu Weller an zu Houschent
Am ganze Land sollen ëm 5:30 Auer dKlacke lauden !
Lëppschent
Samsdeg, den 18. Dezember 2004, no der Mass Chrëschtfeier an der Schoul. Vun 20:00 Auer un get ët Glühwein a Stollen
Lëpschter asbl.
Baastenduerf
dBaastenduerfer Musik zesummen mat der Chorale Gilsduerf invitéieren op hieren Chrëschtconcert, den 18. Dezember 2004, ëm 20:00 Auer an der Kiirch.
Den Erléis ass fir een gudden Zweck.
Nom Concert Chrëschtfeier am Gemengesall.
Grooljen
dJeunesse Grooljen invitéiert op hier X-Mas Feier Samsdes, den 18. Dezember 2004, zu Grooljen an der aaler
Schoul. Fir ze iesen an ze drenken, sowei eng flott Chrëschtdags Stëmmung ass gesuergt.
Housen
DHarmonie Municipale Housen invitéiert Iech ganz häerzlech op hier traditionnell Soirée aux chandelles
mat Concert an den Centre Culturel op Housen.
Samsdes, den 18. Dezember 2004 um 20 :00 Auer
Géint den Honger: Ënnenzopp oder Mettwurscht, Würstercher mat Sauermouss. Den Entrée ass fräi.
Branebuurg
dChorale Branebuurg-Laaschent invitéiert op é Chrëschtconcert Sonndeg, den 19. Dezember 2004, um 17:00 Auer an der Kiirch gesongen vun de Steeëner Sängerfrënn
Directioun: Guy Even Uergel: Nadine Feyder Flûte: Carine Klingenberg, Cathy Weis Percussioun: Bob Minette
Mierschent
DChorale Saint Hubert invitéiert, zesummen mat der Chorale Berdorf, der Chorale Ettelbrëck an der Harmonie vu Berdorf op e Chrëschtconcert e Sonndeg, den 19. Dezember 2004, em 16:00 Auer an der Hall Sportif Martbusch zu Berdorf
Directioun: Marc Wedert den Entrée ass frei
Friddensliichtfeier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten 
Méindég, den 20. Dezember 2004 um 19:00 Auer zu Réiser
Méi Infoen: bei www.jugendpastoral.org
Mir wënschen Dir e besënnlechen Advent an eng gutt Viirbereedung op Chrëschtdaag
Informatiounen:
Beim Annete a Luc 26 80 09 85
aus eisem Parverband oder Parsekretariat (Jacquel Schannel) 99 00 57
Mierschent
DChorale Saint Hubert invitéiert, zesummen mat der Chorale Berdorf, der Chorale Ettelbrëck an der Harmonie vu Berdorf op e Chrëschtconcert e Sonndeg, den 26. Dezember 2004, em 17:00 Auer am Pensionat Sainte Anne zu Ettelbrëck
Directioun: Marc Wedert den Entrée ass frei
Branebuurg
dPompjeeën aus der Gemeng Baastenduerf invitéieren op hir Theaterowender:
Wielt Rosa
E Steck geschriewen vum Eliane Schreurs-Scheueren.
Stiewesdag, den 26. Dezember 2004, Sonndes, den 02. Januar 2005, Freides, den 07. Januar 2005, Samsdes, 08. Januar 2005 a Sonndes, 09. Januar 2005 zu Branebuurg am Festsall
Reservéiert um Tel: 021 46 89 89
Kees 19:00 Auer Rido 20:00 Auer
|