Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Archiv 2010
[Home] [Agenda] [Archiv 2010]
[Archiv 2011] [Archiv 2010] [Archiv 2009] [Archiv 2008] [Archiv 2007] [Reckbléck 2006] [Archiv 2006] [Archiv 2005] [Archiv 2004]

 

Firmung

DFirmung gët gefeiert en Dënsdeg, den 12. Januar 2010 um 17.00 Auer an der Parkiirch vu Baastenduerf!

Gebetswoche für die Einheit
der Christinnen und Christen 2010

Kalender der ökumenischen Veranstaltungen:

Mittwoch, 20. Januar 2010 19.30 Uhr:

Ökumenische Bibelgespräche.

Thema: „Zweifeln und Glauben

Mutterhaus der Franziskanerinnen (50, avenue Gaston Diderich), Luxemburg

Leitung: Deutsch: A. Bernet und H.-M. Heins

Englisch: E. Breslin und C. Lyon

Französisch: E. Anyfantakis, M. Faullimmel und T. Osborne

Niederländisch: A. van den Dries und J. Van Osch

Samstag, 23. Januar 2010:

Workshop zum Weltgebetstag 2010 aus Kamerun.

Thema: „Alles, was Atem hat, lobe Gott!

09.30-15.30 Uhr, Evangelisches Gemeindehaus (35, av. Gaston Diderich), Luxemburg

Sonntag, 24. Januar 2010:

Ökumenischer Gottesdienst

16.00 Uhr, Pfarrkirche St. Martin, Düdelingen

Montag, 25. Januar 2010, 15 Uhr:

Ökumenische Versammlung.

Thema: „La spiritualité des pays nordiques

Referent: Mgr. Anders Arborelius, katholischer Bischof von Stockholm.

Abtei Saint-Maurice, Clervaux

Houschent

Kanddaf vum 07. Februar 2010

Versammlung fir Elteren, Giedel a Pätter en Dënsdeg, de 26. Januar 2010 ëm 20.00 Auer am Parsall zu Houschent

KOLLEKT

De Weekend vum 30./31. Januar 2010 ass an alle Gottesdéngschter dKollekt fir déi Leprakrank (Fondation Raoul Follereau Luxembourg)

Domaines dintervention de la
Fondation Luxembourgeoise Raoul Follereau (FFL)

Depuis 1966, la FFL participe à la lutte contre la lèpre et oeuvre en faveur des populations déshéritées des pays en voie de développement. Rapidemment son activité s'est étendue au dépistage et traitement de la tuberculose et depuis 1998, la FFL combat également l'ulcère de Buruli, la nouvelle lèpre. Par ailleurs, la FFL offre une aide médicale efficace et soutenue aux mères et aux enfants grâce à son programme "Follereau -Enfants".

Housen

Kannersegnung 2010

Och dëst Jor wëlle mir d'Kanner nees ënnert de Schutz vum Härgott stellen. Mir versammelen äis dofir, en Dënsdeg op Liichtmëssdag, den 02. Februar 2010 um 15:30 Auer an der Kiirch zu Housen.

D'Segnung steet dëst Jor ënnert dem Thema "Mäi Numm, däi Numm". Bass Du virwëtzeg, wéi de Christophe u säin Numm komm ass? Bass Du tëschent 0 a 6 Jor (oder och méi)? Da komm lauschteren a looss dech duerno seenen! Diebel een déckt, wäisst oder faarwegt Blat an der Mëtt, sou dass een et stelle kann, schreif däin Numm schéi grouss drop a bréng et mat an d'Kiirch.

Léif Kanner, Elteren a Grousselteren, sidd all häerzlech wëllkomm!

Kannermissiounssonndeg 2010

20100131c

"Nei Weeër fannen" dat wënschen sech d'Kanner am Senegal. Mat eiser Solidaritéit, eiser Ënnerstëtzung, mat eisen Aktiounen kënne mir op hir Situatioun opmierksam maachen, hinnen hëllefen a si spiere loossen, dass vill Kanner op der ganzer Welt un si denken.

Mir feieren zesummen - d'Kanner aus dem Senegal an d'Kanner aus eisem Parverband - e Samsdeg den 06. Februar 2010 um 19:15 an der Kiirch zu Housen.

Mir sangen, bieden, lauschteren Erzielunge vum Jesus, deelen säi Brout a luewe Gott. No der Mass verkafe mir Kichelcher an Zaloten mat Hirse, dem Haaptnahrungsmëttel aus dem Senegal. Den Erléis geet integral u Missio Lëtzebuerg.

Elo schonn e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Biissen

Journée sociale

"EINSAMKEET – ENG FORM VUN AARMUTT"

Samschdes, den 13. Mäerz 2010,
vun 8.30 bis 14 Auer, am Centre Heinisch (Tricentenaire asbl)

Gastreferent: Prof. Dr. P. Karl Bopp SDB, Benediktbeuern.

A senger Sozialenzyklika "Caritas in veritate" seet de Poopst Benedikt XVI, datt dEinsamkeet eng vun de schlëmmste Forme vun Aarmutt ass.

DJournée sociale invitéiert dChrëschten an all Intresséierten, sech mam Phänomen vun der Einsamkeet, der Vereinsamung, der Isolatioun an eiser Gesellschaft ausernanerzesetzen. Wat heescht Einsamkeet? Wien ass dovunner betraff? Wéi gëtt een als Eenzelnen an als chrëschtlech Gemeinschaft gewuer, wien ënnert der Isolatioun leid, a wéi kann een dem einsame Mënschbegéinen? Nieft dem Exposé vum Pater Bopp bidden dAarbechtsgruppe Raum fir Témoignagen, Austausch vun Erfarungen, Sensibiliséierung fir dës Form vum Nout an Nodenken iwwert Initiativen, déi aus der Einsamkeet erausféieren.

All weider Informatiounen, Umeldung asw:

Service diocésain de diaconie, Mme Mireille Sigal, Tél 40 21 31-280, sdd@cathol.lu.

Rockhal

Listen to Haiti
Benefizconzert@Rockhal

13. Mäerz 2010

Niewt der Aktioun „Zelter fir Haiti organiséieren dGuiden a Scouten an Zesummenaarbecht mat Action Avenir Haiti an Objectif Tiers Monde e groussen Rockconcert zu Gonschten vun desen zwou Organisatiounen.

Wen en Don well machen kann dat op CCPLLULL LU54 1111 0882 8010 0000 oder BGLLULL LU88 0030 3469 4611 0000 vun der ONG Guiden a Scouten mat der Dretter Welt (Mentioun:Zelter fir Haiti)

Give Haiti a voice, so listen to Haiti!
Méi Info ennert: www.listentohaiti.lu

Mierschent

Faaschtenandacht

E Sonndeg, den 14. Mäerz 2010 ass um 16.30 Auer

fir dLeit vum ganze Parverband an der Kirch vu Mierschent.

Dir sitt alleguer häerzlech agelueden, un dëser Feier deelzehuelen.

Lëpschent

Meditatiounsowend

Thema: Das letzte Abendmahl

en Dënsdeg, de 16. Mäerz um 19.30 Auer an der Kiirch

Fir dFaaschtenzeit proposéiere mer Iech drei Meditatiounsowender iwwert dPassioun vu Jesus Christus. (Dauer zirka 30 Minuten).

Leedung: Julie Meuer vum „Service biblique.

Dir sitt alleguer ganz häerzlech invitéiert!

Houschent

Meditatiounsowender

Dënsdeg, den 23. Mäerz 2010,
ëm 19.30 an der Kiirch vun Houschent

Thema: Begegnungen auf dem Kreuzweg

Dënsdeg, den 30. Mäerz 2010,
ëm 19.30 an der Kiirch vu Baastenduerf

Thema: die Kreuzigung

Auersmacher

Passiounsspiller 2010
zu Auersmacher

Mir hunn dMéiglechkeet dës Passiounsspiller ze besichen, an zwar den 20. Mäerz 2010, Samsdeg ëm 15.00 Auer.

Départ 09.00 Auer - Visite Saarbrécken - 15.00 Passiounsspiller

Präis vum Bus mat Entrée: 40 EUR pro Persoun

géint 19.30 Auer si mir erëm doheem.

Mellt Iech u bis den 10. Januar 2010 um Tél 99 07 78 beim Vic Bodson

Housen

Muttergottesandacht an der Porkiirch

e Freideg den 07. Mee 2010

Léif Kommuniounskanner, brengt w.e.g. ären Rousekranz mat, deen Dir den Dag vum Broutbaaken zu Wëller selwer gemaach huet!

Léif Kanner alleguer, brengt wa méiglech ee Rousekranz mat an dAndacht!

Et wär och flott wann all Kand eng Blumm géif matbrengen fir der Muttergottes ze schenken!

Léif Leit alleguer, sidd häerzlech wëllkomm!

Kollekt vun 08./09. Mee 2010 ass fir dKathedral als Wallfahrtskiirch

Lëtzebuerger Guiden a Scouten Housen-Houschent

Sprangprëssessioun zu Iechternach

den 25. Mee 2010

Bass du derbäi ? mir ginn dir Rendezvous um 09.55 Gare Dikrech

Tenue Uniform, Jumbokaart, Picknick, bessi Täschegeld

Zréck si mir um 16.20 Dikrech

Tagesreise nach Steyl

Liebe Freunde der Steyler Missionare,

Am Samstag den 19. Juni 2010 geben wir Ihnen Gelegenheit zu einer Tagesfahrt nach Steyl. Wir organisieren diese Reise "In Memoriam Bruder Michael Streckel SVD"

Informationen über die Tagesfahrt nach Steyl:

    07.00 Uhr – Abfahrt des Busses  Diekirch/Gare (Parkmöglichkeit am Bahnhof)
    07.25 Uhr – Hosingen (Parking Kapelle)
    07.45 Uhr – Weiswampach Hôtel a.d. Haapstrooss
    11.30 Uhr – Messe zum Gedenken an Bruder Michael Streckel
    12.15 Uhr – Gebet am Grab von Bruder Michael
    12.30 Uhr – Mittagessen
    14.00 Uhr – Besuch des Museums, der Anlagen etc.
    16.30 Uhr – Angebot: Nachmittagskaffee
    17.30 Uhr – Heimreise

20100502c

Bei Bedarf besteht die Möglichkeit in Marnach und Heinerscheid in den Bus einzusteigen.

Kostenbeitrag : 55 €

Anmeldetermin : 1. Juni 2010

Die Anmeldung geschieht mit der Überweisung des Kostenbeitrags auf das Konto:

IBAN LU16 1111 0362 1029 0000 ( CCPLLULL)
Fél. Schannel-Millang, L 9188 Vichten.
(Vermerk Steyl und Name der Ortschaft betreffs Buseinstieg, Beispiel: Steyl-Hosingen)

Wir bitten Sie im Gebet an Bruder Michael zu denken und freuen uns auf Eure Anmeldung zu dieser Tagesreise.

Margot Wagener, Ginette Berscheid – Hosingen
Mary Milbert – Brachtenbach
Fél. Schannel – Vichten

Weitere Informationen: Tel. 99 00 57 Fél. Schannel Tel. 26 91 01 09 Ginette Berscheid

"In Memoriam Bruder Michael Streckel SVD"

Am 13. November 2009 wurde Bruder Michael in die ewige Heimat Gottes gerufen.

Obwohl er in den letzten Monaten mehr und mehr mit gesundheitlichen Problemen zu kämpfen hatte, kam sein Tod doch plötzlich und unerwartet. Seit 1988 betreute Bruder Michael das Presseapostolat der Steyler in Luxemburg. Unermüdlich setze er sich durch die Verbreitung der Steyler Zeitschriften und Kalender für die weltweite Mission der Kirche ein. Er besuchte unzählige Familien, motivierte Katechetinnen, organisierte Missionssonntage, sprach in Schulen und Gruppen über das Anliegen der Mission und machte auf die Probleme und Nöte der armen Menschen in der Welt aufmerksam. Er startete Hilfsaktionen für Straßenkinder in Angola und für die Menschen auf den Philippinen, die auf Müllhalden wohnen. Er baute so einen großen Freundeskreis auf, der bisher unendlich viel Gutes getan hat. Doch galt Bruder Michaels Sorge auch den Menschen, die er bei seinen täglichen Besuchen antraf. Er hatte stets ein offenes Ohr für sie und nahm sie hinein in sein Gebet. Durch seinen Einsatz und seine Freundlichkeit ist er in ganz Luxemburg bekannt und beliebt geworden.

(Auszug aus einem Nachrufartikel im Wort von P. Manfred Krause SVD, Rektor.)

Kanddaf

Sonndeg, den 20. Juni 2010 ginn um 16.00 Auer an der Parkiirch vun Housen folgend Kanner gedeeft:

Sam Lahier – Housen
Liz Wagener – Housen

Kollekt vum 03./04. Juli 2010 ass fir dPastoral vun de kiirchleche Beruffer

 

Veianen

D' Fraen a Mammen aus dem Dekanat invitéieren jiddereen ganz häerzlichst op hir

Mass ënner fräiem Himmel

beim Bildchen zu Veianen

Donnischdes, den 08. Juli 2010 um 15.00 Auer.

Dës Mass gëtt gehalen fir all Familljen aus dem Dekanat an duerno ass Picknick am Bildchensbësch

Houschent – Kanddaf

En Donneschdeg, den 22. Juli 2010, ass um 20.00 Auer zu Houschent en Owend fir dElteren, Pätteren a Giedelen vun de Kanner, déi e Sonndeg, den 15. August 2010, gedeeft gin.

Wuelëssen

De Sonndeg, den 04. Juli 2010, hu mir dem Här Paschtouer Jos Schilling dat net alldeeglecht Fest vu séngem 60. Priesterjubiläum zu Wuelëssen gefeiert.

DPargemeinschafr vu Wuelëssen an de ganze Parverband mat den Häre Paschtéier Isy Morn a Jean Poos felicitéieren him ganz häerzlech zu dësem Jubiläum a soen him e grousse Merci fir déi vill Dingschter, déi hien virun allem zu Wuelëssen an och eng Zeit zu Mierschent geleescht huet.

Mir wënschen him  fir dZukunft eng gutt Gesondheet a nach vill Joeren dobei.

Bei sénger Abschiedsfeier huet hien op all Kado verzicht zu Gonschten vun engem Don un dZwillingsbridder Mett an Nic Hansen, déi am fréieren Kongo als Missionaren täteg sinn.

Op Ufro vun etleche Leit kann een och elo nach als Zeechen vun Unerkennung a Merci un den Här Schilling en Don fir séng zwee Frënn an Afrika iwwerweisen op de Compte vun der Fabrique dEglise Wahlhausen

BCEE LU 06 0019 4600 0210 9000

mat dem Vermierk: Don abbé Jos Schilling.

Villmols Merci !
 

Wuelëssen

Bei Geleeënheet vum 60-järege Priesterjubiläum huet den Här Paschtouer Jos Schilling op all perséinleche Cadeau verzicht.

Mir hunn dunn eng Kollekt gehalen zugonschten vun den Hären Mathias a Nicolas Hansen, Missionären am fréiere Kongo.

E Freideg, den 13. August 2010 ass dëst Geld op de Konto vun hinnen iwwerwise ginn.

Am Ganze waren et 1.650 Euro.

Villmools Merci un all dDonateuren!

Schlënnermanescht

Op dFeier vun der helleger Anna sinn net nëmmen dPilger vu Konstem, Kautebaach a Pënsch wëllkomm, mä dInvitatioun hei bei der Feier dobäi ze sinn, ass un all Leit aus dem Parverband geriicht.

Festpriediger ass den Här Emile Post, Paschtouer vu Maarnech.

Par-Ausfluch

Termin fir sech unzemelden um Telefon 99 07 78  beim Vic. Bodson ass Méindes, den 23. August 2010.

Villmols Merci !

Pilgerfahrt op Banneux – Notre Dame

En Donneschdeg, de 09. September 2010, pilgere mir op Banneux, international Pilgerplaz.

DBussen fueren zu folgenden Zäiten:

Départs:

6:10

Méchela

Eglise

7:05

Baastenduerf

Eglise

7:10

Lëpschent

Hotel Leweck

7:10

Branebuurg

Commune

7:15

Markebaach

Abri

7:15

Laaschent

Abri

7:18

Houschent

Abri Centre

7:20

Groesteen

Abri

7:25

Grooljen

Abri Eglise

7:25

Nuechtmannescht

Abri

7:30

Mierschent

Abri

 

 

 

7:38

Holztem

Abri

7:35

Weller

Gemengebau

7:40

Konstem

Abri

7:40

Wuelëssen

Eglise

7:50

Housen

Eglise

7:50

Housen

Eglise

 

7:00

Tandel

Abri

Rückfahrt um 17:00 Uhr

7:35

Ënnereesbéch

Eglise

7:37

Uewereesbéch

Abri

7:43

Roudersen

Eglise

Sech umellen bis spéitstens den 08. September 2010 virun 12:00 Auer bei Voyages Simon um Télefon 80 85 75 11

Präis: Erwuessener: 16 € Kanner (3-11): 10 €

Hinzert

Gedenkzeremonie zu Hinzert

e Samsdeg, den 18. September 2010

14.00 Auer: Mass

Dës Mass gëtt gesongen vun der Chorale vu Baastenduerf.

E Bus op Hinzert fiirt fort ëm 12.15 Auer bei der Lann zu Baastenduerf. Et sinn nach Plaze fräi.

Sech umellen beim Här Alphonse Ries um Tél 80 38 38.

Weller

„Partage Afrique invitéiert op een

Afrika – Dag

am Gemengesall zu Weller
den 03. Oktober 2010

10:30 Mass zu MIERSCHENT, traditionell an afrikanisch

11:30 Apéritf am Gemengesall zu Weller

12:30 Eessen:  Couscous a Sauce mat Fleesch

        Dessert an eng Taass Kaffi, Präis: 15,00 €

Djembe-Atelier fir Kanner

14:00 Virstellung van de Projeen „PARTAGE AFRIQUE engem klenge Film iwwert d'Aweiung van der Auberge zu Imasgo am Burkina Faso; dobäi afrikanisch Musik

Jiddereen ass wëllkomm, och déi, déi net wëlle mateessen

Ameldung fir dEessen viram 26. September 2010 um Telefon: 99 06 60

Email: marieantoinette39@gmail.com – Marie-Antoinette Scheidweiler-Recken 

Schlënnermanescht

Liichterprozessioun

Liichterprozessioun um Rousekranzfest,
en Donneschdeg, de 7. Oktober 2010.

Ëm 18.30: kuurz Andacht an der Kiirch, dono Prozessioun bei dHaus vun de Schwësteren.

DKäerze kritt dir an der Kiirch

DStrooss vu Konstëm op Schlënnermanescht ass vun 18.00 Auer un op!

den 23./24. Oktober 2010 ass Kollekt fir dMissiounen

Weltmissiounssonndeg

Ären Don fir dMissiounen kënn Dir dësen oder de nächste Sonndeg
an enger Enveloppe ofginn.

20101024b

Campus Geesseknäppchen

20101031bb

DChiara Luce Badano ass virun 20 Joer am Alter vun 18 Joer gestuerwen an am September 2010 séileg gesprach ginn.

Wéi si hier reliéis Iwwerzeegung an hirer Studienzäit an duerno während der schwéierer Krankheet gelieft huet, däerfe mir vun hiren Elteren an hirer beschter Frëndin héieren.

Dir sidd häerzlech invitéiert op eng Begéinung Freides de 05. November 2010 um 19:30 Auer am Forum vum Campus Geesseknäppchen (parking souterrain) an der Stad.

Dëst ass eng Chance fir eemol e reliéist Virbild aus eiser Zäit kennen ze léieren.

Willibrordusoktav 2010

DPilgermass vun den Dekanaten Dikkrech a Veianen ass e Mëttwoch, den 10. November 2010, ëm 17.00 Auer

Fir dohinn ze kommen huet Dir verschidde Méiglechkeeten:

Voyages SIMON

sech umellen um Tel. 80 85 75

Präis vum Bus: 7.50 € Kanner 4.00 €

    Bus 1

      14.57 Roudersen Kiirch
      15.04 Eesbëch Kiirch
      15.40 Tandel Abri

      Zubringer A
      15.05 Houschter-Déckt Um Petz
      15.09 Houschent Kräizgaass
      15.13 Lëpschent Leweck

    Bus 2

      14.50 Housen Abri
      14.58 Wuelëssen Kiirch
      15.02 Weller Kiirch
      15.06 Mierschent Kiirch
      15.10 Grooljen Kiirch
      15.20 Nuechtmanescht
      15.25 Groesteen Abri
      15.30 Laaschent Abri
      15.35 Branebuurg Abri
      15.40 Baastenduerf Lann
      15.43 Bleesbréck Arrêt

    Bus vun eisem Parverband

sech umellen beim Vic Bodson um Télefon 99 07 78

      Départ :
      Housen 15.30 Auer
      Houschent 15.40 Auer
      Bleesbrëck 15.50 Auer

Op der Heemrees gi mer an den Hôtel Dimmer eng Klengegkeet iessen. Am Präis vu 25.00 € ass alles abegraff

Hengescht

Bibelnomëtteger

Wéini: 14:30 bis 15:30
Donneschdes, den 14. an 28. Oktober, 11. November 2010

Wou: Hengescht am Porsall

An der Zäit ëm Allerhellegen wäerte mir äis un dräi Nomëtteger während ongeféier enger Stonn mat dem Neien Testament vun der Bibel beschäftegen.

Dës Nomëtteger ginn zesumme mam „Club Haus op der Heed vun Hëpperdang organiséiert a kaschten näischt. Dir kënnt Iech umellen um Tel. 99 82 36

Leedung : Ginette Berscheid, Katechetin

Vum halwen Oktober bis den halwen November 2010 gëtt an al Par wéi gewinnt de Rousekranz gebied. Well dat zu Housen tëscht der Kiirch an der Kapell wiesselt, steet um Parblat wéini a wou.

An alle Gottesdéngschter vum 4. a 5. Dezember 2010 ass
Kollekt fir ADVENIAT Luxembourg -
Partage avec les Églises dAmérique Latine

SEO – Veianen

Ste Barbara-Feier

Samsdes, den 04. Dezember 2010 ëm 15.00 Auer

an der neier Kaverne vun der 11. Maschinn am Pompspäicherkraaftwierk SEO, Veianen.

Treffpunkt: um Parking P3

Mass zu Éieren vun der helleger Barbara fir all Verstuerwen aus der Bau- a Betriebszäit vun der SEO.

Org.: Amicale d´Pensionéiert vun der SEO

Tandel

20101128eThe Armed Man: a Mass for Peace

Samsdes de 04. Dezember 2010
zu Tandel am Festsall vun der neier Maison Relais

De Karl Jenkins, englische Komponist, huet dës iwwerkonfessionell Mass fir de Fridden fir d´Jardausendwenn geschriwwen, se gouf mat groussem Erfollig a mat Starbesetzung an England opgefouert. 40 Sängerinnen a Sänger vu Bëttel, Furen, Tandel, Baastenduerf, Branebuurg a Laaschent a genausouvill haaptsächlich jonk Musiker presentéieren  dëst wonnerbaart Wierk ënnert der Leedung vum Andy Loor, als Astëmmung un di besënnlich Zäit vum Jar.

Organisatioun: Sängerbond HELVETIA

Wann Dir Material (Artikel, Texter, Informatiounen asw) fir an dParblat vu Chrëschtdag huet, gitt dat w.e.g. bei engem vun den Häre Paschtéier Isy Morn oder Jean Poos bis spéitstens de Freideg, den 10. Dezember 2010 of
(oder email: jpoos@pt.lu)!

Beichtgeleeënheet fir dChrëschtdeeg

Roudersen

Méindeg

13. Dezember 2010

18.45 Auer

Wuelëssen

Donneschdeg

16. Dezember 2010

17.30 Auer

Baastenduerf

18.00 Auer

Houschent

18.30 Auer

Mierschent

Freideg

17. Dezember 2010

10.45 Auer

Konstem

11.00 Auer

Housen

Samsdeg

18. Dezember 2010

16.00 Auer

Lëpschent

Dënsdeg

21. Dezember 2010

virun der Mass

DKollekt vum 18. an 19. Dezember 2010 ass fir dAufgaben vum Popst am Dëngscht vun der Weltkiirch

Grooljen / Housen

Veillée "Liewegen Advent"

Mir, dFirmkanner vun Housen a vu Grooljen, maachen äis am Advent op de Wee. Mir wëlle Kontakter knäppen, eppes mat Eech zesummen erliewen an Eech begéinen. Dofir invitéiere mir Eech  e Freideg, de 17. Dezember 2010 ëm 18.00 an de Centre Culturel zu Housen an en Dënschdeg, den 21. Dezember 2010 ëm 19.00 Auer zu Grooljen an dSchoul op eis Veillée "Liewegen Advent".

Mierschent

Ein Adventskranz wird verschenkt

20101225eDie Firmlinge der Pfarrei Merscheid haben pünktlich zum ersten Advent einen großen Adventskranz für die Kirche in Merscheid gebunden und diesen dort auch aufgestellt. Die 12 Kinder zünden an jedem Adventsonntag eine weitere Kerze an und freuen sich sicherlich wenn auch viele andere Kirchenbesucher sie dabei unterstützen.

 

 

Online-Bibel
176 Versionen nur ein Klick entfernt!

von Jean-Louis Gindt

Mit ein paar Klicks und kostenlos ist die Heilige Schrift im weltweiten Web zu finden. Online bietet die Bibel sogar mehr als die handelsüblichen Printausgaben. Es öffnen sich neue Chancen der Begegnung, die bisher nur Spezialisten mit einem Stapel von Bibelübersetzungen und Konkordanzen vorbehalten waren.

weiter: http://blog.rpi-virtuell.net/index.php?op=ViewArticle&articleId=1660&blogId=2

siehe auch: http://blog.rpi-virtuell.net/index.php?op=ViewArticle&articleId=1666&blogId=2

Gebied, eng Begéignung mat Gott ...

Doduerch, datt den hellegen Paulus dem Jesus begéint ass, ass säi ganzt Liewen op DKopp gestallt gin. Aus deem Mann, deen dChrëschten verfollegt huet, ass ee vun eisen gréissten Hellegen gin.  -  Besonnesch am Joer vum hellegen Paulus, wëlle mir en Opruff maachen, fir niewent der Eucharistie öfters en Owend vu Gebied an den eenzelnen Kiirchen zorganiséieren! Ob dat e Rousekranz, Kräizwee, Meditatioun oder Anbetung as … dGebied ass a bleiwt fir äis eng Quell vun Hoffnung a Kraaft.

Duerfir en Opruff un iech all, fir un dësen Gebiedsowender Deel ze huelen. Loosst iech op dBegéignung mat deem Jesus an, deen aus dem Saulus e Paulus gemeet huet

Hei am Parblat weise mer op déi verschidden Terminer hin!

Mechela

DBotzéquipe vun der Mëchelaer Kiirch sicht zwou Dammen, déi bénevol eemol dWoch äis wéilten hëllefen dKiirch botzen. Mir wiesselen äis of, sou datt eng Equipe all zweeten Mount drun ass. Wann Dir äis wëllt hëllefen, mellt Iech beim

Sonja Bartholomey   Tél 99 02 95 oder beim
Lydie Jaas-Kayser     Tél 99 04 50

Opruff !!! – Aluminiumsdëppen ???

Bei weem um Späicher gëtt et nach Aluminiumsdëppen wou en fir 6 Leit (a méi) kann säin Essen kachen ?

Mir, dGuiden/Scouten Housen-Houschent, géifen eis freeën, wa mir dës geschenkt kënnten kréien! (Telefon 99 00 57 Schannel)

Mir kommen se gär bei Iech ewechhuelen. Merci !

Dikrich

Der Weltbuttek Diekirch präsentiert in Zusammenarbeit mit der libo Diekirch den faszinanten Bildervortrag

Kaffeepause in den Anden

mit dem Globetrotter Sandro Luci

am Donnerstag, den 14. Januar 2010, um 20 Uhr

im Festsaal des Lycée Classique Diekirch – Altes Gebäude – 32, avenue de la Gare

Weller

DChorale St. Hubert vu Mierschent invitéiert op hire

KAFFISKRÄNZCHEN

e Sonndeg, de 17. Januar 2010

am Gemengesall zu Weller vu 14.00 Auer un, fir Iessen an Drénken ass gesuergt!

Baastenduerf

DPompjeeë vu Baastenduerf invitéieren op hir

Ballermann-Party

mam Discoteam SIGMA 7

Freides den 29. Januar 2010 zu Baastenduerf hannert dem Gemengesall (Entrée vu 16 Joer un)

Konstem

Konstem am Damp

Foosfregdig, den 12. Februar 2010

am Centre Communal zu Konstem

mam Orchester Los Amigos

Org. dPompjeeën Konstem - Holztem

Houschent

Kannerfuesbal

mat den neien Clownen LOLLY-POP

Fuesmendeg, den 15. Februar 2010

am Centre 2000 zu Houschent

Ufank 14.30 – Flot Musik – Kanner fräi – Erwuessen: 2,50 €

schéin Kannertombola  – fir Iessen a Gedrënks ass beschtens gesuergt

Org. Syndicat dInitiative Houschent

Houschent

D'Pompjeeë vun Houschent organiséieren wéi all Joer hire

FUESBAL

Fuesméindeg, den 15. Februar 2010

am Centre 2000 zu Houschent

Orchester POL A ROSCH

Houschent

D'Pompjeeën Houschent invitéieren d'Leit vun der Gemeng Houschent

Burgsonndeg

den 21. Februar 2010

ob eng Iertsenzopp vun 18:30 Auer un am Pompjeesbau. D'Burg get géint 19:30 Auer ugefaang.

Sandweiler

D' Fraen a Mammen aus dem Dekanat Veianen fueren zesummen mam Bus op d' Generalversammlung vun der ACFL déi dëst Joer am Centre Culturel zu Sandweiler ass, an zwar Dënsdes, den 09. Februar 2010, um 14.15 Auer.

De Bus ass gratis fir eis Mëmberen!

Fahrplang:

          Hosingen: 12.15
          Wahlhausen: 12.20
          Pütscheid: 12.25
          Tandel - Bastendorf Halt: 12.55

Umellungen bis spéistens Dënsdes, den 02. Februar 2010 béim Josée Hermes um Tel. 83 46 01

Konstem

DFraen a Mammen aus dem Dekanat Veianen invitéieren op hir

Generalversammlung

Mettwochs, den 10. Mäerz 2010 - um 14.30 Auer

Am Centre Communal zu Konstem

Programm:

• Begréissung durch d' Prësidentin

• D'Gebied vum Aumônier René Feltes

• Präsenzopruff vun de Sektiounen

• Aktivitéits- a Keessebericht

• Neies aus der ACFL-Zentral vun der Vize-Prësidentin Mme M-P Graul

• Referat iwwer „FONDATIOUN KRIIBSKRANK KANNER" virgedroen vun der Mme Lexy Bauler-Bastin

• Scheckiwwerreechung

Duerno gemittlech nach ee bëssen zesummen bei Kaffi a Kuch

Houschent

DChorale Ste Cécile Houschent invitéiert op hiren

Kaffiskränzchen

Sonndeg, den 14. Mäerz 2010 am Centre 2000 vun 14.00 Auer un

Verbréngt mat eis e puer gemittlech Stonnen bei Kaffee an Kuch!

Doniewend hu mir och eng ganz schéin Tombola fir die Grouss an di Kleng mat engem Spilleck fir dKanner.

Branebuurg

Concertant Szenespill
"´t gëtt Fréijor"

de 14. Mäerz 2010 um 16 Auer am Festsall

Et sangen a spillen de Sängerbond Helvetia mat den Nouteleefer ee theatralesche Gesangsständche fir d´Pompjeeën.

Bei Kaffi a Bretzelen erzielen mer Iech Geschichten a sangen aus dem Alldag vu Sänger, verloossene Männer a Kadetten vun der Sprëtz.

      Direktioun Andy Loor

      Piano Roger Recht

Den Entrée ass gratis

Organisatioun: "Sängerbond HELVETIA" aus der Gemeng Tandel

Weller

D'Pompjeeë vu Weller/Pëtschent invitéieren op hire

Kaffiskränzchen

Halleffaaschten, den 21. Mäerz 2010
zu Weller am Gemengesall.

Ufank ëm 14.00 Auer

Fir gudd Stëmmung suergt den "DJ Duff". Partymusik vun 18.00 Auer un.

Fräien Entrée, Flott Tombola, Kaffisstuff.

Housen

DFraen a Mammen Gemeng Housen invitéieren Iech op ee

Kaffiskränzchen mat Tombola

Sonndes, den 21. Mäerz 2010
am Centre Culturel zu Housen vun 14.30 un.

Ëm 15.00 Auer Optrëtt vun de Butze vun den Dikkricher Solschlësselcher

(Direktioun Marc Dostert)

Den Erléis vum Nomëtteg geet un dFondatioun Lëtzeburg - El Salvador

Veianen

d' Fraen a Mammen aus der Pôr Veianen lueden ganz härzlech an op hiren

Basar

Pëllemsonndig, den 28. Mäerz 2010
an der Larei zu Veianen

d' Mëttigiessen (Pastéitchen udder Ham, Fritten an Zalot) kann e virbestellen um Tel.: 834601 (Hermes) udder 834630 (Weydert).

Nomëttes um 16.00 as am grousse Sall vun der Larei e Fréijorsconcert vun der Veiner Stadmusik.

Housen

Infomatiouns-Owend vum Neie Lycée

E Mettwoch, den 21. Abrell 2010 ëm 19.30 Auer
am Centre Culturel zu Housen

Mierschent

Kiermesbal zu Mierschent

Freides, den 23. Abrell 2010

mam "DJ Duff"

Kiermes zu Mierschent

Sonndes, de 25. Abrëll 2010

No der Mass Apéritif am neien Sall

Mettes vun 15:00 Auer un Danzmusik mat "Los Figaros", flott Spiller fir déi Kleng.

Fir Iessen an Drenken ass bestens gesuergt.

Organisation: Di Merschter asbl

Houschent

De Syndicat dInitiative et de Tourisme vun Houschent lued Iech häerzlech an op hire

WANDER- a FAMILLJENDAG

Sonndeg,de 16. Mee 2010 um 09.30 Auer beim Centre 2000 zu Houschent

Vun 12 Auer un: Aperitif - Um 13 Auer Mëttegiessen, och fir déi, déi keng Zäit haten mat wanderen ze goen.

Menu: Judd mat Gaardebounen a Speckgromperen, Taart a Kaffi (15 €)oder ëppes vum Grill.

Umeldung bis den 12. Mee 2010 bei Heirens Pieta Tel: 691671809 oder
Schroeder Hélène Tel: 99 01 40

Nomëttes thé dansant: Orchester LOS AMIGOS

Roudersen

Duerffest

Pingstsonndeg, den 23. Mee 2010

Apéritif vun 10.00 Auer un

Mëttes Nokiirmes-Kascht am Zelt bei der Scheier:

        gekachte Ham,
        gebrode Gromperen,
        Gaardebounen a Kaffi (15,- EUR)

Reservatiounen um Telefon bis den 18. Mee 2010
92 07 96 (18.00 - 20.00) oder 92 03 41 (20.00 - 22.00)

Bastelstuff fir di Kléng

Fir Iessen a Gedrénks as bestens gesuergt

Org.: Di Rouderser

Mierschent

20100502d

Photosexpositioun zu Mierschent

Den Duerfveräin "Di Merschter asbl" invitéiert op eng Photosausstellung mat alen an net sou alen Photoen vun den Duerfleit, hiren Haiser, hirem Liewen an den Duerffester.

D'Ausstellung ass ze gesinn am renovéierten Duerfsall vum 08. bis den 24. Mee 2010 an zwar all Freiden, Samsden a Sonnden vun 17-19 Auer.

Den Entrée ass fräi.

Wuelëssen

Mammendag

DWuelësser Sängerfrënn an DEesber Ourdallsänger invitéieren op hir

Mammendagsfeier,

e Sonndeg, de 06. Juni 2010

vu 15.00 Auer un am Sall A Meesch zu Wuelëssen.

Flotte Concert, gesongen vun eisen zwee Veräiner bei Kaffi a Kuch. Schéin Tombola fir jiddereen

Mir maache mat bei der Aktioun e Stopp fir de Mupp. Brëngt w.e.g. Äer gesammelt PVC-Fläaschestëpp mat. Et ass e Projet, dee vun enger Klass aus der Europaschoul an d'Liewe geruff ginn ass an dee finanziell vun der Valorlux ënnerstëtzt gëtt. Et geet drëm all Zorte vu Plastiks-Stëpp ze sammelen. Den Erléis vum Verkaf vun dëse Stëpp erméiglecht dann d'Ausbildung vun engem Begleethond fir behënnert Leit ze finanzéieren.

Baastenduerf

23. Wäinfest zu Baastenduerf

26. Juni 2010

Um 20.00 Auer: Concert vun der Baastenduerfer Musëk,

duerno Bal matt  Airline

natiirlech WM live um groussen Ecran

Org.: FC 47 Baastenduerf

Branebuurg

100 Jar Baastenduerfer Pompjeescorps

Grouss Ausstellung zu Branebuurg
am Festsall an an der Millen

Iwwer 180 verschidde Pompjeeshelmer aus aller Welt, Objeten, déi eis Pompjeeë betreffen, Fotoen, aalt Material, eis fréier Pompelen, Miniaturpompjeesautoen, Biller vum Molconcours vun de Kanner aus de Schoule vun der Gemeng Tandel, asw.

Ausstellungszäiten: den 3., 4., 10. an 11. Juli vun 14.00 bis 18.00 Auer,

De 17. Juli vu 14.00 bis 22.00 Auer an den 18. Juli vun 10.00 bis 18.00 Auer

Den Entrée ass fräi!

Houschent

Groussen Kannerfloumart
& Grillfest

20100711e

Wou? Zu Houschent ronderëm dGemeng

Wéini? De 17. Juli 2010 vun 16 Auer un (Opriichten vun 15 Auer un)

Fir ween? Fir all Kanner bis 16 Joer

Wat gëtt verkaf? Alles wat's du wëlls lass ginn, et ass grad eng gutt Zäit fir ze raumen ;-)

U ween? Un all déi, di virwëtze kommen an e Schnäppche wëlle man

Wéi geet dat?

  1. Du mells dech un :
    Tel : 691 29 72 68 oder per mail: sihoscheid@internet.lu bis den 15. Juli 2010
  2. Du bréngs en Dësch oder eng Decken mat fir deng Saachen drop auszestellen
  3. Du denks der deng Präisser aus
  4. Du verkeefs deng Saachen
  5. Zum Schluss raums du deng Plaz rëm sou wéi se virdru war
  6. Däi Stand kascht näischt!

En Don un den Televie ass awer gäre wëllkomm.

Iessen (Grill),Drenken a relax Vakanzestëmmung fir jiddereen stinn de ganzen Zäit um Programm an dat bis an den spéiden Owend eran

20100711c

Highlight: LAGERFEIER (wann dEmstänn et erlaben)

Org: Syndicat dInitiative Hoscheid

Stengefortadventum mmx

Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Groupe Mère Thérèse Housen-Houschent

invitéieren Iech all: kommt e Sonndeg, 25. Juli 2010 op Stengefort op eisen

nationale Scoutscamp

vun 14.00-18.00 Auer un a schnuppert e bëssi Scoutsliewen bei flotten Animatiounen, Musek, Attraktiounen, Spiller, Iessen an Drénken

MoonLight_2011a

Baastenduerf

G R I L L F E S T zu BAASTENDUERF

beim an am Gemengesall
den 08. August 2010

vun 11.00 Auer un Floumaart

  • Aperitif
     
  • Duerno stinn verschidden Menüen zur Auswiel

vu 14.00 Auer un Animatioun mat FIFTY-FIFTY

vun 18.00 Auer un gegrillte Schwengshéiss mat oder ouni Ëmgeréits

Eisekuchen - Taart - Glace

Den Entrée ass fräi

Org. Pompjeeë Baastenduerf

Wuelessen

Dei Wuelesser Sängerfrenn inviteieren op hiirt traditionellt

Duerffest mat Mettigiessen

Zu Wuelessen a MEESCH
E Sonndig den 22. August 2010

Apperitif no der Mass

Um 12:00 Auer Mettegiessen

Fir Iessen, Gedrenks a gudd Laun ass bestens gesuergt

      Menue 1: Kottlett, Fritten, Zalot
      Menue 2: 2 Grillwuschten, Fritten, Zalot
      Menue 3: Haam, Fritten, Zalot

Bei all Menue Kaffi an Taart

Umelden bis den 17. August 2010 um Telefon 92 16 34 oder 92 16 33

Nomettes Livemusik mam FERDY

Houschent

E Samsdeg, de 04. September 2010 ass

Kiirmesbal

am Centre 2000

Organisatioun: Keeleclub. Eenegkeet Houschent.

Baastenduerf

Pompjeesdag zu Baastenduerf

den 12. September 2010

Vun 11 Auer un ëm dKierch an dGemeng:

  • Virféierungen an Demonstratiounen
  • Oldtimertreffen, al Pompelen
  • Ausstellung vun alem an neiem Material
  • Ausstellung vu Fotoe vu fréier a vun elo
  • Porte ouverte am Pompjeesbau
  • Virträg iwwer Rauchmelder
  • verschidden Übungen vun 11.00 bis 16.30 Auer

Entrée fräi, Animatioun fir Grouss a Kleng, Musik mat Sigma 7

Fir Iessen an Drénken ass den Dag iwwer bestens gesuergt!
 

Mierschent

Summerfest zu Mierschent

den 12. September 2010

Rallye pédestre vun +- 6 km mat flotte Spiller fir déi Grouss an déi Kleng. Den Départ ass vun 11:00-14:00 Auer zu Mierschent bei der Schull. Startgeld vun 8 Euro fir déi Grouss an 4 Euro fir déi Kleng (Imbiss abegraff).

Den ganzen Dag iwwer flott Animatioun an gutt Saachen vum Grill.

Géint der Owend ass d'Präisverdeelung.

Organisatioun: Di Merschter asbl.

Housen

DChorale Ste Cécile vun Housen invitéiert op e

Kaffiskränzchen

e Sonndeg, den 03. Oktober 2010
vun 15.00 Auer un
am Centre Culturel zu Housen

mat Kuch, Tombola a Concert

Um 16:00 Auer: Concert mam Jugend-Ensembel vun der Houser Musik

Housen

Dicks
Mumm Séis

MummSeis_s

Freides, den 08. Oktober 2010
am Centre Culturel

Carlo Hartmann, Yannchen Hoffmann, Annette Schlechter, Al Ginter, Mady Weber
spillen dem grousse Lëtzebuerger Hexemeeschter säi Meeschterwierk

Mise en Scène: Carlo Hartmann

Reservatiounen um Telefon 621 18 99 79

Organisatioun: Syndicat dInitiative Housen

Baastenduerf

BINGO a
Kaffiskränzchen

Sonndes den 17. Oktober 2010, vu 15:00 Auer un

zu Baastenduerf am Gemengesall iwwert dem Pompjeesbau

***** Flott Geldpraisser *****

Organisatioun : LCGB Sektioun Baastenduerf-Fouhren

Weller

Bingo

zu Weller am Festsall
Sonndes, den 24. Oktober 2010

Schéi Gewënner

Fir Iessen a Gedrénks ass bestens gesuergt

Organisatioun: Weller-Turnschlappen

Husen

Niklosmaart zu Husen

Adventssonndeg, den 28. November 2010

Vun 11.00 Auer un grousse Niklosmaart mat Stänn vun de Veräiner (mat ville gudde a schéine Saachen)

De Kleeschen gett um 14.30 Auer empfungen an dann am Cortège mat sengen Engelcher duurch d'Duerf gefouert.

Virun der Kiirch kritt duerno all bravt Kand eng Tiitchen.

D'Veräiner bidden un:

    Adventskränz
    Bastelaarbechten
    Käerzen a.s.w.

Fir ze iessen:

Champignons, Chili con Carne, Gegrilltes, Gulaschzopp, Ierbessebulli, Knöppfle Freiburger Art, Taart an Kuch, Träip mat Äppelkompott, Waffelen, Zinibréidercher

Fir ze drénken:

Béier, Cappuccino an Téi, Choky, Glühwäin, Jagertéi, Kaffi, Kannerglühwäin, Schampes, Sangria

dVeräiner:

100 Pro Näidsen, Chorale Ste Cécile, Dësch-Tennis Housen, Di Rouderser, Fair Bikers Housen, F.C.A.S. Housen, Fraen an Mammen, Gaard an Heem, Jeunesse Husen

Org. Syndicat d'Initiative Husen – Veräiner aus der Gemeng Husen

Houschent

Den Syndicat dInitiative et du Tourisme vun Houschent invitéiert Iech all op hire

Bingo-Owend

Den 20. November 2010 vun 18.30 Auer un
am Centre 2000 zu Houschent.

Vun 18.30 Auer bis 19.30 Auer gëtt fir déi, die gestärkt an dBingo-ronnen wellen goen, nach eng Portion Chili con carne ugebueden fir 8,50 Euro.

Dofir soll een sech umellen bis den 18. November 2010 um Telefon 90 92 28 oder per Email: sihoscheid@internet.lu

Ufank vum Bingo ass um 19.30 Auer, dofir brauch een sech net unzemellen.

Fir Iessen an Drënken ass beschtens gesuergt.

Park Housen

Schoulsak-Aktioun fir dUkraine

23. Oktober - 21. November 2010

DKanner kënnen just ageschoult ginn, wann si 1 Schoulsack / Rucksack (a guddem Zustand) an Schoulmaterial hunn:

    4 Hefter (normal), (nei) Schachtel mat 2 Bläistëfter, 2 Bicer, Spëtzer, Gummi, Stëfter oder Holzfarwen, Molblock an Lineal.

Dir kënnt zousätzlëch derbäileeën:

    Mutz, Schal, Händschen, Strëmp, Séissegkeeten (Kamellen / Schokela / Knätsch), eng kleng Spillsaach.

Dir kënnt d Schoulmaterial och an eng Schungkëscht leeën.

Mir sammelen och Kannerkleeder (0-18 Joer), Bettwäsch, Bettdecken, Buggys a Kuscheldéieren.

Wou kënnt Dir Är Saachen ofginn?

  • An der Schoul Park Housen (rond Haaptgebei):
  • Méindes, den 25. Oktober, 08. November an 15. November 2010,
    Mettwochs, den 27. Oktober, 10. November an 17. November 2010 an
    Samsdes, den 23.Oktober an 13. November 2010 jeweils vun 12.00 bis 12.30 Auer.

  • An der Kirch zu Housen an Houschent:
  • den 23., 24., 30. an 31. Oktober, den 13., 14., 20. an 21. November 2010 virun der Mass.

Villmols Merci am Numm vun den Kanner aus der Ukraine fir Är Hëllef.

Méi Info bei der Elterenvereenegung APEPH vum Park Housen um Telefon 92 94 78

Eesbëch

Gromper mol anescht

den 01. Dezember 2010
zu Eesbëch am  KultOUR Dëppen.

Hutt dir Loscht, dGromper mol anescht kennenzeléieren?

Den Yves Berscheid weist äis den Know-How.

De Cours fänkt um 19.30 Auer un a kascht 10.00 Euro.

Umellen bei Keilen-Heck um Télefon 92 02 20 oder 691 17 94 461.

Baastenduerf

Chrëstconcert

den 18. Dezember 2010 zu Baastenduerf

D' Baastenduerfer Musik invitéiert Iech ganz häerzlich op hiere Chrëstconcert e Samsdes, den 18. Dezember 2010 zu Baastenduerf an der Kiirch, Ufank: 20.00 Auer.

1. Deel: Et sëngt dChorale vu Foulscht
2. Deel: Et spillt d´Baastenduerfer Musik.

Verbréngt duerno e puer gemittlich Stonnen mat éis am Gemengesall.

Mierschent / Reisduerf

DChoralen vu Mierschent, Reisduerf a Bettenduerf invitéieren op hieren

Chrëschtconcert

Samsdes, den 18. Dezember 2010 em 20.00 Auer
zu Mierschent an der Kierch a

Sonndes, den 19. Dezember 2010 em 17.00 Auer
zu Reisduerf an der Kierch.

Directioun: Gilbert Kohn an Uergel: Paul Hardt

Housen

D'Harmonie Municipale Housen an de Jugendensembel invitéieren op hire

Concert

Sonndes, den 19. Dezember 2010
am Centre Culturel zu Housen
Ufank: 17.00 Auer

Direktioun : Eric Sennhenn

Den Entree ass fräi

Mir zerwéieren:

      Fëschteller - 15 Euro
      Hameschmier - 12 Euro

Fir d'Iesse muss ee sech umelle beim Heinen Jacques um Telefon 92 13 05, owes tëscht 19.00 an 20.00 Auer, bis spéitstens den 12. Dezember 2010.

Roudersen

20101225qq