|
Housen
Den 12. Februar 2012 am Centre Culturel zu Housen.
Méi Informatiounen geschwënn an ärer Bréifkëscht, mä schonns elo si Dir häerzlech dozou invitéiert!
|
|
Kollekt
E Samsdeg, de 04. Februar an e Sonndeg, de 05. Februar 2012 ass an all Mass Kollekt fir dKannermissiounswierk
|
|
Sandweiler
DGeneralversammlung vun der Action Catholique des Femmes du Luxembourg ass en Donneschdeg ,den 09. Februar 2012 um 14 Auer 15 am Centre Culturel 18, rue principale zu Sandweiler
"Fraen a Mammen" aus dem Dekanat fueren mam Bus
Housen 12.15 - Wuelesen 12.20 – Pëtschent 12.25 - Stolzebuerg 12.30.- Bivels 12.35 - Veianen Bréck 12.40 - Bettel 12.45 - Furen 12.50 - Tandel 12.55.
Umellen bis spéistens den 02. Februar 2012 beim Louise Urhausen um Tel: 99 02 12 oder per email louise@alternet.lu
Housen
Invitatioun fir de
Kannermissiounssonndeg 2012

E Samsdeg, de 04. Februar 2012 feiere mir ëm 18.30 Auer zu Housen an der Kierch d'Mass zum Kannermissiounssonndeg. D'Thema vun dësem Joer ass

wou mir op d'Land Nicaragua a Mëttelamerika kucken. No der Mass verkafe mir verschidden Zorten Muffins, Hefter
mat Bläistefter a symbolesch Panfluten. Den Erléis geet integral un de Projet "Club Infantil" zu Yali, Jinotega am Nicaragua, dee vum Lëtzebuerger Kannermissiounswierk ënnerstëtzt gëtt.
Equipe Kanner-Pastoral Housen-Houschent
Housen
Firmung
En Donneschdeg, den 08. Mäerz 2012, ass Firmung an der Kierch vun Housen um 17.00 Auer.
Konstem
DKiirch vu Konstem huet nei Still kritt.
Wa Leit oder Veräiner un den ale Still interesséiert sinn, da kënnen si sech um Tél 92 13 83 mellen, an se dono gratis ofhuelen.
St. Vith
Schönberger Passiounsspiller
E Sonndig, den 18. Mäerz 2012 ginn am Kulturzentrum Triangel zu St. Vith dSchönberger Passiounsspiller opgefouert.
Eise Parverband schléisst sech fir dës Busrees dem Club-Haus „Op der Heed vun Hëpperdang un. Et geet fort zu Houschent bei der Kierch ëm 13.40 Auer an zu Housen bei der Kapell ëm 13.50 Auer.
Dir kënnt Eech umellen bis de 17. Januar 2012 am Club Haus um Telefon 998236 an de Präis vu 25 EUR (Bus an Entrée) iwwerweisen op de Kont
LU 25 0023 1554 7310 0000 vun der BILLLULL
Konstem
Konstem am Damp!
Foosfregdich, de 17. Februar 2012 am Centre Communal zu Konstem
Stëmmungsmusik mam Guildo vun 21.00 Auer un!
Et invitéiren "Pompjeeën Konstem / Holztem"
Housen
Kannerfuesbal
Fuessamsdeg, den 18. Februar 2012 am Centre Culturel zu Housen
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt! Den Entrée ass fräi!
Et invitéiert "Société de Gymnastique Housen"

|