Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
2008
[Home] [Aktuelles] [2008]
[Abbé Jos Schilling] [Parausflug 2010] [Parausflug 2008] [Jubiläum] [Jacquel a Fél] [Kierchefest] [Mierschent] [Pater Anselm Grün] [2008] [Besichtigung] [Et gouf gefeiert] [Undenken] [Caritas] [comNews] [Dräischrëtt] [Interview] [Mediensonntag] [Spiritualität] [Soziales] [Bibelgrupp] [Archiv] [Concours] [Euro-Afrika Mass] [Tauschring] [25 Juar] [Faaschten] [Kulturrees Köln]

Massintentiounen

Viru Joren hun d'Leit gezeckt fir Massen zebestellen, well se gemengt hun, d'Paschtéier géife mat Bestellungen iwwerlaf. An alle Paren leien ze soen keng Bestellungen méi vir.

Masstarifer

      12 € eng Mass

      50 € dHochzäit

      50 € Begriewnis mat Mass

      12 € Begriewnis

200 Joerfeier an de Paren Houschent a Mierschent

Am Joer 2008 feieren zwou Paren aus eisem Parverband hiirt 200-jäeregt Bestoen, dParen Houschent a Mierschent. Am Parbréif vun Ouschteren komme mer mat méi Detailer drop zreck.

Héichponkt vunder Feierlechkeet fir dPar Mierschent as den 15. Juni 2008, a fir dPar Houschent op Kiermesdag, de 7. September 2008, an dat souwuel zu Mierschent wéi och zu Houschent mat enger feierlecher Mass zesummen mat eisem Äerzbeschof.

Wann an enger Famill eng besonnesch Feier an Aussicht as, da gëtt dat ganzt Haus ant Rei gesat. Sou as ët och hei. DKierch vun Houschent kritt e neien Ustrach, nei Luuchten, an dBänke musse gefleckt gin.

An dKierch vu Mierschent komme nei Still.

DFeierlechkeeten sen also mat villen Käschte verbonnen. Den Organisatiounscomité vun Houschent an de Kierche- a Parrot vu Mierschent rechne mat der Generositéit vun de Leit aus hire Paren.

Dach se bestemmt am ganze Parverband Leit, déi aus Frëndschaft a Sympathie en Don mache wellen, an dofir publizéire mer hei dKonten op déi Dir Äeren Don, ob kleng oder grouss, iwerweise kennt.

Par Houschent

Den Organisatiounscomité vun der Par Houschent gëtt eng Brochür eraus. All Donateur, deen sein Don virum 31. Dezember 2007 iwerweisst, gëtt an där Brochür ernimmt

Comité de Patronage, inklusiv Brochür: 100 €

Comité Donateur, inklusiv Brochür: 50 €

Brochür eleng: 25 €

Donateur: beliebeg

Kont: CCPL – LU71 1111 2552 5750 0000

Guy Winandy (Keessier vum Organisatiouns-Comité)

Par Mierschent

Hei kennt keng extra Brochür eraus, well dPompjeeën vu Weller, déi 2008 hiirt 100 jäeregt Bestoe feieren, eng schéi Brochür presentéire wäerten.

Bei Geleegenheet vun de Feierlechkeeten vum 15. Juni 2008 kennt awer e klengt Heft eraus an deem ennert anerem dNimm vun allen Donateuren wäerten ze fanne sën.

Kont: CCPL – LU36 1111 0649 1219 0000

Fabrique dEglise Merscheid/Pütscheid