Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
25 Juar
[Home] [Aktuelles] [25 Juar]
[Abbé Jos Schilling] [Parausflug 2010] [Parausflug 2008] [Jubiläum] [Jacquel a Fél] [Kierchefest] [Mierschent] [Pater Anselm Grün] [2008] [Besichtigung] [Et gouf gefeiert] [Undenken] [Caritas] [comNews] [Dräischrëtt] [Interview] [Mediensonntag] [Spiritualität] [Soziales] [Bibelgrupp] [Archiv] [Concours] [Euro-Afrika Mass] [Tauschring] [25 Juar] [Faaschten] [Kulturrees Köln]

25 Juarfeier fir d'Paschtéier

Jean Poos an Isidor Morn

an der Puar Konstem

De 14. Januar 2007 hat de Puarrot, de Kiircherot an dGemeng dLekt vu Konstem an Holztem op eng kleng Feier an de Centre Communal ageloden, fir eisen zwee Paschtéier Merci ze soen fir hirt grousst Engagement bannent engem Véirelsjuarhonnert an hirer Puar.

25 Juar

Newt engem Bucki Bloumen krouten sie eng wertvoll Ikon als bleiwent Erënnerung iwwerrécht.

An enger klenger Reed hot dKircherotspresidentin Bertha Thilgen di lang a schéin Zäit mat hinnen nach eng Kéier opgefrëcht, an hinnen och am Numm vun äis all villmols Merci gesot:

Här Poos, Här Morn

Ett sen elo well 25 Juar datt mir als Puar Konstem, nodems eise Paschtouer Marcel Schaeffer a Pensioun gange wuar, an de Puarverband Housen/Houschent bäikoumen. AmUfank hott dee neie Menue äis net esou richtig geschmaacht, well mir ëmmer gewinnt wuaren eisen eegenen Här ze hun. Well an der Zäit vill Geestlicher aus eiser Puar erfir koumen, hu mir guttgleewig gemengt nach eng Kéier eisen eegenen Paschtouer ze kreien. Mee et koum annescht, well dee groussen Här aus der Stad, eisen Erzbëschof, deen och net mi wees wi en dLächer soll stoppen, fir dPuaren all ze besetzen, hot äis e Strech durch dRechnung gemaacht.

Matt eisen zween Neien hot dun direkt en annere Wand iwwert eis Éislecker Koppen geblosen. Mir krouten e Puarrot an e Puarblad, an domat wouste mir automatisch, watt op kiirchlichem a weltlichem Plang lass wir. Et koumen die grouss a schéin gemeinschaftlich Kommioun-, Firm- an Daaffeieren, wou e Leckt erëmgesäit, die e soss nie an der Kiirch begeent.

Wa mir heckt zréckkucken op déi 25 Juar, da kënne mir soen, eng schéin an eng gudd Zäit fir déi Krësten, die an dKiirch gongen an och nach gin, obschons den Här Morn heiansdo ze lang preedigt, an den Här Poos dKostesch an der Sakristei sëtzen geloss hot an dLekt ouni Mass hu missen heem goen. Des kleng Kritik sollt Dir mat schmunzelen ophuelen,s ie kënnt vun Härzen an ass léiw gemengt.

Här Poos, Här Morn Dir wuart bis elo an engem Véirelsjuarhonnert ëmmer fir äis do, opschons Dir méi Puaren, dat heescht nach méi Uarbicht am Laaf vun de Juaren opgetesselt krout. Dir hot Eech nie beschwéiert, wa mir Eech fir eppes gefrot hun. Mir fäerten an ët ass äis dach bang, sie zwee hun hir Pensioun well mi lang zegudd, a wann sie je eng Kéier fort gin, da wees nach kee watt da geschickt. Dofir hoffen an dreeme mir, datt mir sie nach lang behalen.

Als klenge Merci, deen Dir well méi wie verdengt hott, wëlle mir Eech heckt e puer Bloumen an ee Cadeau iwwerreechen, deen Eech soll vill Freed maachen an Eech och spéider un Äer Konstemer an Holztemer Puarkanner erënnere soll.

Eis Gemeng offréiert äis all lo e gudde Patt an e klenge Mauffel krett Dir vum Puar- a Kiircherot zerwéiert.

Nach eng Kéier:

Merci Jang,

Merci Isy

a bleiwt de Mëttig esou lang Dir kënnt bäi äis!