Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Abbé Jos Schilling
[Home] [Aktuelles] [Abbé Jos Schilling]
[Abbé Jos Schilling] [Parausflug 2010] [Parausflug 2008] [Jubiläum] [Jacquel a Fél] [Kierchefest] [Mierschent] [Pater Anselm Grün] [2008] [Besichtigung] [Et gouf gefeiert] [Undenken] [Caritas] [comNews] [Dräischrëtt] [Interview] [Mediensonntag] [Spiritualität] [Soziales] [Bibelgrupp] [Archiv] [Concours] [Euro-Afrika Mass] [Tauschring] [25 Juar] [Faaschten] [Kulturrees Köln]
20101225h

 

De 07. Oktober 2010 ass den Abbé Jos. Schilling a sengem 90. Liewensjoer zu Klierf am Altersheem am Fridde mat eiser Herrgott entschlof.

Beim Begriefnes huet den Här Félix Steichen, Dechen zu Miersch, dem Verstuerwenen mat dëse Wierder geduecht:

    "Iwwert den Här Schilling kënnt mir een anere Mann nach an dErënnerung, de Pater Jos Bettendorf, deen ech zu Diddeleng kennen a schätze geléiert hunn. Da sinn ech nach op e Mann gestouss, deen ech als Student kennegeléiert hat, de Pater Camille Binck … a vill Nimm, déi ech als Kand héieren hunn, vun deene meng Elteren erzielt hunn, déi vill Missiounspateren a -Schwesteren déi deemols 1964 Affer goufen duerch de Simba-Opstand am Kongo. Oder haut hei an eiser Mëtt de Pater Huberty, deen deemols 700 km méi wäit ewech tätig war.

    Haut sinn nach ëmmer zwee gutt Frënn vum Här Schilling am Kongo, dGebridder Mett a Nick Hansen, Herz-Jesu-Pateren (dowéinst hu mer geplangt dHalschent vun der Kollekt u sie weider ze reechen).

    Et war fir de Pater Schilling deemols eng intensiv Zäit, déi säi ganzt Liewen geprägt huet, vun 1952 bis 1965, wou hien an de Missioune war. Villes konnt wierken an opbauen, dGutt Noriicht a Wuert an Dot liewen.

    Esou wéi et a sengem Primizsproch geheescht huet: Allez et enseignez toutes les nations ...

    De Schluss vun dëser Zäit war ganz batter. Ech hunn den Artikel an der Heimat und Mission vun 1965 gelies: Schwere Tage für Maboma-Mungbere, dDeeg vun dem Simba-Opstand an de schrecklechen Terror an Doud deen do geschitt ass.

    Mat vill Gléck ass de Pater Schilling deemols man Liewen dervu komm. (Wéi hien zesummen mat senge Matbridder virgefouert gouf fir exécutéiert ze ginn, huet den Här Schilling gesot, dass hien vu Lëtzebuerg kéim. Dorops huet de Begleeder vum Simba sech erënnert, datt Lëtzebuerg een onofhängegt Land wier an also näischt mat der Belsch ze dinn hätt).

    Sécherlech war dem Här Schilling säi ganzt Liewen duerno geprägt. Jo bis zum Schluss, wou hie méi krank gouf, do koumen nach eemol vill vun deenen  Ereignisser vun deemols nees ganz erop.

    Um Wee sinn – hannert Deem, deen de Wee an dWourecht an dLiewen ass ...

    Op de Pater Jos Schilling duerno dann eis europäisch Mentalitéit verstanen huet, wou et dach eemol esou batter sérieux war a sengem Liewen, oder wou hien déi afrikanesch Kierch esou intensiv erlieft hat?

    Hien war sech total konsequent, huet alles bis zum Schluss duerchgezunn, war deelweis och en Eenzelgänger, an dat huet sech och dodran ausgedréckt, dass hie stonnelang konnt eleng spazéiere goen.

    Ëmmer nees kënnt dat um Wee sinn zum Virschäin, wat esou typesch fir säi Liewe war:

    Ënnerwee ze sinn, de Wee!

    Den Här Brosius huet mir erzielt vun der Zäit nom Kongo, wou den Här Schilling hei zu Recken Kaploun war, du sinn si zwee eemol am Schnéi op Schëndels gaangen, an der Soutane mam réimischen Hutt op, an et huet ëmmer méi geschneit an duerno waren se duerch an duerch naass. Als e gudde Matbrudder hues du, Robert, mir hien beschriwwen.

    An domat si mir voll an där Zäit no Afrika. Nei Weeër ass hien du gaangen:

        Kaploun zu Recken/Miersch (1965-1967),

        Paschtouer zu Harel (1967-1973),
        Esch/Lalleng (1973-1980),
        Berburg (1980-1984) aBerlé (1984-1990),

        Pensionéierte Paschtouer zu Wuelëssen a Mierschent (1990-2010).

    An et ass och eppes Aneschtes wat mer wichteg ass, wat de Liewenswee vum Paschtouer Schilling aussoe wëllt: eben de Wee ... z.B. de Wee no Santiago de Compostella zesumme mat senger Haushälterin, dem Madeleine.

    20101225ii

    Mat Bloderen a villen Etappen iwwert e puer Joer. Fir hien war dat net nëmmen e schéine Fousstour, mä e Pilgerwee.

    Säi Wonsch war et, anerer – zemol méi jonker – unzestiechen, esou de Wee zum Herrgott ze fannen.

    Iwwregens esou hunn ech hie perséinlech kenne geléiert, deemols am Éislek, wéi hie mir mat voller Begeeschterung vu senger Rees erzielt huet. Net nëmme mir, mä ganz villen aneren an esouguer sengem Coiffeur.

    Haut de moien ass hei zu Miersch e klengt Këndche begruewe ginn. An der Morgue stungen déi zwou Doudeluede beieneen. Zesummen hunn si sech op de Wee gemaach ...

    DElteren vum klengen Timo hunn un de Namenspatréiner, den Hellegen Timotheus geduecht, e Weebegleeder vum Hellegen Paulus a Paschtouer aus der éischter Kierch.

    Elo ass erëm e Paschtouer beim Timo, elo sinn déi zwee zesummen ënnerwee bei den Herrgott, sote seng Elteren.

    Jo, duecht ech mer, de Wee, de leschte grousse Pilgerwee vum Jos Schilling ... a wéivill kommen him – kommen hinnen entgéint fir se an dParadies ze begleeden… Ech denken och un all déi vill Märtyrer aus dem Kongo.

    Zu Diddeleng an der Kierch huet de Bruder Nothgar den "Einzug der Heiligen" gemolt, wéi och hei an der Kierch.

    Die Heiligen – natierlech déi Helleg, an awer och all déi Gedeeften, déi den Herrgott geruff huet.

    Léiwe Matbrudder Jos, maach dech elo op dee Wee, a sief der gewëss eisem grousse Merci a Respekt fir alles, maach dech op de Wee mat esou onzähleg ville Bridder a Schwësteren,a mat deem klengen Timo.

    Nach haut soll fir dech, fir iech dParadies äert neit Doheem sinn."

DPare Wuelëssen a Mierschent schléisse sech dëse Wierder un.

Mir soen dem Här Schilling Merci fir säin 20-jähregt Wierken an äiser Mëtt a wënschen him dÉiweg Rou.