Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Familjendag
[Home] [Aktuelles] [Archiv] [Familjendag]
[Bridderlech deelen] [Friddensliicht 2006] [Fussball unser] [Journée sociale 2006] [Natur a Schöpfung] [Familjendag] [JMJ 2005] [Roger Schutz] [Kirche Jesu]

Familjendag 2005

Invitatioun fir eisen Familjendag sonndes, den 14. August 2005 zu Branebuurg am Kader vun den Journées Mondiales des Jeunes JMJ 2005.

Mir lueden all Leit aus eisem Parverband an, fir mat eisen auslännischen Frënn vum JMJ an mat den Gaaschtfamiljen e flotten Dag vu Begegnung ze verbrengen.

Mir feieren zesummen dMass em 10:00 Auer um Schlass zu Branebuurg.

Eng Navette (Bummelbus) fiirt vun 09:15 Auer vun der Kiirch op d'Schlass.

DLeit déi zu Fouss op dSchlass gin, treffen sech em  09:30 Auer virun der Kiirch.

No der Mass as Gelëenheet vun enger Visite guidée vum Schlass.

Appéritif  an Mettegiessen am Vereinsbau zu Branebuurg

Gegrilltes – Zaloten – Dessert – Gedrenks

Am Nomëttig flott Zesummensin: Grillplaaz – Spillplaaz beim Bau

Eng Gesangprouw fir dMass as Freideg, den 05. August 2005 em 20:00 Auer, zu Houschent an der Kiirch. Fir dës Prouw sin all Sänger(innen) vun eisen Kiirchenchéier an all Leit, jonk an aal, déi Spaass um Sangen hun häerzlech invitéiert.

Aus organisatorischen Grënn as et wichtig, datt een sech fir dMettegiessen an fir dNavette umeld.

Preis: Mettegiessen

      Erwuessener: 10 €
      Kanner: 5 €

      Navette Gratis

Umeldeziedel eranschëcken bis den 07. August 2005

      Parsekretariat
      9, Haaptstrooss
      L 9360 Branebuurg

oder um Tel: 99 00 57 Fax 90 81 32