|
INVITATIOUN OP DFRIDDENSLIICHT 2006
DEquipe dAnimation Religieuse vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, d Gruppen Ermesinde a St. Sébastien vun Ettelbréck a St. Laurent/Tony Noesen vun Dikrech, dJugendpastoral Lëtzebuerg an
dJugend vun der protestantescher Kierch, Lëtzebuerg invitéieren Iech op hir besënnlech Verdeelungsfeier
Méindes, den 18. Dezember um 19:00
am Festsall vun der Ecole Privée Ste Anne, 108 Grand-Rue, zu Ettelbréck
E jonke Brauch fir e sënnvollt Chrëschtfest
D Friddensliicht gëtt all Joers op en Neits an der Gebuertsgrott vu Jesus Christus zu Bethlehem ugefaangen, dee virun 2000 Joer gebuere ginn ass fir alle Mënschen op der Welt Fridden ze bréngen.
DGuiden a Scoute vun Ettelbréck an Dikrech besuergen et zu Wien fir Iech et weiderzereechen, esou datt dir et ärersäits op Chrëschtdag verschenke kënnt.
Dest symbolescht Liicht brauch är Hänn, är Féiss an ärt Gesiicht fir de Wee bei all Mënschen ze fannen.
DLiichtspuer vum Fridden féiert iwwert Iech an all déi, déi Iech et weiderginn hunn zu Gott, dee wëllt, datt all Mënsche gutt Frënn sinn.
Den Erléis vun der Aktioun
Mat dem Erléis vun der Quête op der Verdeelungsfeier a mat ärer Hëllef wëlle mir en Zeeche setzen, do wou
Relioun als Virwand fir Intolleranz muss hirhalen. Mir ënnerstëtzen der CARITAS hire Nouthëllefsprogramm fir eng Mobil Klinik ze finanzéieren, déi agesat gëtt, do wou Kliniken zerstéiert gi sinn.
Dir kënnt eis Beméiungen och ënnerstëtzen mat engem Don op de Postscheck vu CARITAS Lëtebuerg LU34 1111 0000 2020 0000 (steierlech ofsetzbar) mat dem Vermierk: Nouthëllef fir Palestina - LGS
-Friddensliicht

|