Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Journée sociale 2006
[Home] [Aktuelles] [Archiv] [Journée sociale 2006]
[Bridderlech deelen] [Friddensliicht 2006] [Fussball unser] [Journée sociale 2006] [Natur a Schöpfung] [Familjendag] [JMJ 2005] [Roger Schutz] [Kirche Jesu]

25. Mäerz 2006, Journée Sociale

09:00 – 17:00 Auer

Opruff an Invitatioun vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Léif Matchrëschten!

An eisem Pastoralprojet "DräiSchrëtt" steet dëst Joer dDaf am Mëttelpunkt. An der Daf gi Mënschen an dchrëschtlech Gemeinschaft opgeholl.  Et ass e grousst Uleies vun de Chrëschten, fir e gutt Zesummeliewen an hirer Gemeinschaft ze suergen. Mee doriwwer eraus soll all eenzelne Mënsch eng Chance hunn, an eiser ganzer Zivilgesell-schaft gutt opgeholl a matgedroen ze ginn. Op dëser Journée sociale wëlle mir kucken, wéi dChrëschten aktiv matschaffen um Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft, oder fir et modern ze soen: un der Cohésion sociale.  DParticipanten op der Journée sinn invitéiert, am gemeinsame Gespréich ze kucken, wat eis Gesellschaft zesummenhält a wéi een dësen Zesummenhalt ka förderen. Schon haut kann ee mat esou engem Engagement e Stéckelche vum Härgott sengem Räich an eiser Gesellschaft duerchschénge loossen! Ech invitéieren Iech all, aktiv un dëser Journée sociale deelzehuelen: déi Jonk an déi Eeler, dLëtze-buerger an dNët-Lëtzebuerger, dPaschtéier an dBénévolen, déi sech am Sënn vun der Solidaritéit an de Porverbänn engagéieren.

DJournée sociale ass eng grouss Chance grad och fir eis Porverbänn, sech mat aneren iwwer dat, wat alles geschitt, auszetauschen an doriwwereraus kreativ nei Iddien an Initiativen am Sënn vun der Solidaritéit mat jidderengem ze entwéckelen. Loosse mer äis inspiréieren an encouragéieren, äis ëmmer erëm op dSuerg an dNout vun de Matmënschen anzeloossen a wäertvoll Äntwerten op dFroe vun eiser Zäit ze ginn. Dem Härgott säi Seege soll Iech an all Äeren Démarche begleeden!

Fernand Franck, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Journée sociale, École privée Marie-Consolatrice,
101, rue de Luxembourg, Esch/Uelzecht

Renseignementer an Inscriptioun:
Mireille Sigal, Service diocésain de diaconie
Tél 40 21 31 280, sdd@cathol.lu

20060319b

Gottes Währung

In der Kirchenbank ist ein ehrliches Herz die einzige Währung, die zählt. Denn Gott nimmt dich an, wie du bist.