Natur a Schöpfung Fruucht vun der Äerd an der menschlicher Aarbecht
E Wuertgottesdengscht am Kader vum Branebuurger Maart, den 16. Juli 2005. ëm 19.30 Auer zu Branebuurg
Thema: Uebst a Geméis
Schöpfung - Aerd - an menschlich Aarbecht
Dës Elementer greifen anenaaner a sin vun hirerm Wiesen hir matenaaner vernetzt. Gott huet dem Mensch dAufgab an Verantwortung gin dës, seng an eis Aerd ze behidden an ze bebauen.
Esou wéi Schöpfung an Fruucht vun der Aerd as och dAarbecht e Geschenk, daat besonnesch deen empfënd deen keng Aarbicht huet.
Gesin mit dëst alles un als e Geschenk oder gin mir domadder em, wéi mat engem Besëtz fir eng Reih Priviligéieerter.
Denke mir un dWerter wéi Deelen, wéi Verantwortung fir eis kommend Generationen, fir datt eis Kanner an Kandskanner och an enger Welt vu gesonder Loft an propperem Wasser liewen können.
DFro stellt sech : sin mir bereet eis Aerd ze bebauen an ze behiddedn, datt sech all Liewen,daat menschlicht an och dLiewen an der Planzen an Déirewelt entfaalen kann.
Oder leen mir dKaart op dEelboumentalitéit wou de materielle Profit, an Habsucht virun allem dPrioritéit huet.
Können déi Leit mat eiser Solidaritéit rechnen,déi hirt Wëssen, hir Aarbecht an hir Kraaft an Notzung vun alternativen Energiequellen investéieren, oder gin si och vu Chrëschten als greng Spinner a Utopisten
oofgestempelt.
Um Branebuurger Maart as dUebst an Geméis dTromp.
Niewt der Animation huet dës Initiav awer virun allem daat Ziel, dMenschen fir eng gesond Ernährung ze sensibiliséieren,
Hei get et em en Hinweis op dVerantwortung fir dGesondheet,
em de Respekt virum Matmensch sengem Schaffen an senger Kreativitéit
Huet an eiser Gesellschaft déi manuel Aarbecht deselwigen Wert wéi dei intellektuel.
Denke mir nëmmen un eise Portmonni oder sin mir och bereet mei Geld an e gerechte Preis ze gin fir dProdukter vum ökologischen Unbau.
Ennerstëtze mir och als Chrëschten dInitiativen vun eisen regionalen Naturparken an déi Aktiounen vum gerechten an fairen Handel mat den Partner aus der drëtter Welt.
Daat sin eng ganz Reih Froen déi eis zu Nodenken sollen uureegen,
Gott huet de Mensch als Verwalter vun senger Schöpfung agesaat.
Loose mer am Erkennen vun ville Fehler eis zu engem neien Uufank bewegen, fir Weer ze fannen,datt net een Deel vun der Menschheet op Käschten vun deenen aaneren dSchätz vun eiser Erd ausreibert.
Loose mer eis freen un der Schéinheit vun der Natur, an eis geent al Zerstéierung mat Leif a Séil engagéieen.
Loosse mer mat Respekt an Solidaritéit deene Mensch zur Sait stoen, déi sech fir eng nohalteg Emweltpolitik asetzen datt sie am Schwammen geent de Stroum den Mut net verléieren.
Komm mir fänken un jiddfereen op der Plaatz wou hien am Liewen steet dankbar ze sin fir daat wat hien fir seng Gesondheet, fir Stärkung fir Leif a Seil vun der Natur, vu Gott a vun sengen Matmenschen
geschenkt kritt
|