200-Joer-Feier vun der Par Mierschent
De 15. Juni 2008 huet dPar Mierschent hiert 200-järegt Bestoe gefeiert.
Di nei Still, déi bei dëser Geleeënheet vum Kiercherot a vun den Donën vun de Parleit ugeschaaft goufen, ware bis op déi lescht Plaz besat, wéi den Här Äerzbëschof, Mgr. Fernand FRANCK, mat den Häre Paschtéier Isidore MORN a Jean
POOS dPontifikalamt zelebréiert huet.
Déi feierlech Massfeier gouf verschéinert vun der „Chorale réunie vum Parverband Housen-Houschent, ënnert der Leedung vum Här Gilbert KOHN, op der Uergel den Här Paul HARDT. DSoliste waren dSopranistin Brigitte KNEIP-WEIS, dIsabelle
HARDT op der Gei an de Marc MOOTZ op der Querflütt.
DPresidentin vum Parrot, dMme Romaine KALMES, huet den Här Äerzbëschof an all Leit, déi un der Feier deel geholl hunn, begréisst. Zegläich huet si dem Här Morn fir säi 40. Priesterjubiläum gratuléiert an him ee Bouquet Blummen
iwwerreecht.
Den Här Äerzbëschof huet betount, „datt dKierch am Duerf een Zeechen vun Hoffnung ass, well Gott an eiser Mëtt säin Zelt opgeschlo huet. D200-Joer-Feier vun der Mierschter Par erënnert eis un all déi Leit, déi virun eis hei geliewt,
geschafft a gebiet hunn.
Den Här Jean KINN, President vum Mierschter Kiercherot, sot dem Chouer fir seng musikalesch Begleedung an allen, déi matgehollef haten, dKierchestill ze bezuelen, ee grousse Merci.
No der Mass huet de Pëtschter Gemengerot dLeit op den Éirewäin an de Weller Festsall agelueden. Hei krut den Här Morn fir säi 40. Jubiläum vun der Presidentin vun der Mierschter „Chorale St. Hubert, der Mme Josée JUNCKER-HEISCHBOURG,
gratuléiert a vum Buergermeeschter vun der Pëtschter Gemeng, dem Här Jean KINN, eng Aarmbandauer geschenkt.
Fir dëse Jubiläum ass eng Broschür vun 80 Säiten erauskomm, an der dGeschicht vun der Mierschter Par virgestallt gëtt, dLiewen vun deenen eenzelnen Hellegen, déi an de Kierchen vun der Par stinn, erkläert gëtt an dAktivitéite vum
Mierschter Parrot vun de leschten 28 Joer resüméiert ginn.
Dës Broschür kënnt Dir fir 6.- Euro (+ 1,40 €, wann se verschéckt muss ginn) beim Marcel Scheidweiler, Weller, CCPL IBAN LU10 1111 0300 0532 0000, bestellen.
M.S.
200 Joer Par Houschent
Dëst Joer huet d'Par Houschent hir 200 Joer gefeiert.
Nieft enger schéiner Broschür, déi vum François Schroeder fir déi Geleeënheet zesummegestallt ginn ass, hunn déi Houschter hir Kierch bannena renovéiert an et gouf ee komplette Festprogramm zesummegestallt, dee sech iwwert
d'ganzt Joer 2008 erstreckt huet.
Vill vun eis wäerte sech nach laang un de Concert vun der Chorale Mixte vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, un d'Celsusfeier oder d'Familljefest an der ieweschter Schlënner erënneren.
Als Héichpunkt vun de Feierlechkeete kann ee sécherlech d'Kiermesmass vum 7. September 2008 bezeechnen, déi mir a Präsenz vum Här Äerzbëschof an encadréiert vun de Sängerinnen a Sänger aus dem Parverband gefeiert hunn.
Eng Rei' Masse goufe vu Choralen aus dem Parverband gesongen an d'Nikola Eckertova huet eis e wonnerschéinen Uergelconcert gebueden. Och de Méchelschouer vum Fëschmaart (Lëtzebuerg) huet eng Mass zu Houschent gesongen.
Den Organisatiounscomité seet alle Persounen, Veräiner, Betriber an der Gemeng Houschent e grousse Merci
fir all Ënnerstëtzung déi dëst Feierjoer fonnt huet, sief et duerch en Don, duerch hir aktiv Mathëllef bäi dëser an där Geleeënheet oder ganz einfach fir hir Präsenz bäi de Feierlechkeeten.
E spezielle Merci vum Organisatiounscomité un eis Paschtéier Isy MORN a Jean POOS!
Well nach Festbroschüren do sin, wëlle mer op dëser Plaz drop hiweisen dat dir där nach kënnt nobestelle bäim Paul WAGENER, dem President vum Organisatiounscomité "200 Joer Par Houschent" um Telefon 99.
dUsproch bei der 85 Joer Feier vum Här Schilling zu Wuelëssen
Léiwen Här Schilling,
mir feieren haut e schéint Fest, äeren 85. Gebuurtsdag.
85 Joer, dat as eng laang Zäit, an dir kënnt op e gutt gefëlltent Liewen zrëckkucken.
Den Här Schilling as zu Berëng bei Miersch gebuer, den 02. März 1921. Hien huet seng Studien zu Clairfontaine gemeet, an der Ecole Apostolique vun den Herz-Jesu-Priester, een Internat, wou bal nëmmen Lëtzebuerger Studenten waren. Et
war dZeit vum deemolegen Bëschof, dem Monseigneur Joseph Philippe, selwer Herz-Jesu-Priester a Missionar, deen de Missiounsgedanken bei der Jugend gefördert huet. An et war och dem Här Schilling sein heemlechen Wonsch, eemol als
Missionar an dMissiounen ze goen.
An sou as et komm: De Pater Schilling as den 9. Juli 1950 zu Louvain zum Priester geweiht an neischt huet hien gehaalen, bis en als jonke Missionar an den deemolegen Kongo, eng Belsch Kolonie, gezun as, wou e seng missionarisch
Tätigkeet opgeholl huet. Ëm 1960(61-62) huet déi belsch Regierung séng fréier Kolonie an dOnofhängegkeet entlooss. Mee dZeit war nach nët reif. Ganz séier huet sech ënnert dem Präsident Lumumba dStëmmung géint all Weiss gedréint, si
sinn verfollegt a schikaniséiert gin,vill vum Här Schilling sénge MAtbridder an och Uerdensschwësteren si bestialisch ermord gin, an de Pater Schilling as mat knapper Nout a mat vill Glëck um Liewen bliwwen.
De Pater Schilling as erëm zrëck an dLand komm, wou en dem Weltklerus vun der Lëtzebuerger Diozës beigetrueden as. Hien huet dun a verschiddene Paren vun der Diozës gewierkt. Hie war am Minette, zu Esch-Lalleng, duerno as en an
dEislëk kom, fir déischt op Harel a schliesslëch op Bärel, wou en dann am Joer 1990 séng wuelverdëngten Pensioun ugetrueden as. Hien huet sech dun définitiv hei zu Wuelëssen nidergelooss an hien as Wuelëssen trei bliwwen bis op den
heitigen Dag. Dir sid en echten Wuelësser gin an dLeit nennen iech respektvoll „eise Pater.
Dir hutt wuel eppes vun äerem missionarischen Geescht behalen….Dir hutt wahrscheinlech deemols vill Strecken zu Fouss gemeet, fir och den endléesten Dierfer dWuert vu Gott ze verkënnegen, a wien denkt nët un äer Pilgerschaft
mat äerer deemoliger Haushälterin, der Joffer Madeleine Marchall, wéi dir während drei Joer op dem Pilgerwee no Saint-Jacques de Compostell gaangen sitt.Och haut geseit een iech dagdeeglech op der Strooss, nët fir spazéieren ze goen,
mee fir ze marschéieren, an dat as wahrscheinlech eent vun den Geheimnisser vun äerer gudder Gesondheet.
Ech wënschen iech all Guddes fir äere Gebuurtsdag, och am Numm vum Här Morn, vun der ParWuelëssen , Mierschent an dem ganzen Parverband, eng weiderhin stabil Gesondheet an dem Härgott säi Segen, a mir wënschen iech nach vill schéin
Joeren hei zu Wuelëssen.
Ech soen iech villmols Merci, fir déi vill Dëngschter, déi dir an de leschten foffzëng Joer an eisem Parverband geleescht hutt.
Jean Poos
|