Interview
mam Manny Scheidweiler-Recken zu Weller
Wann Afrika vleicht dacks an der grousser Politik vergiess gët,dann gin et awer nach ëmmer eng Reih Idealisten déi Afrika an hirt Häerz geschloss hun. An dës Sympathie drëckt sech net a groussen Reden an Wierder aus. Me hei geschitt
konkret Engagement fir déi Menschen déi Hëllef brauchen. Manny Scheidweiler-Recken vu Weller as esou eng Fra,déi mat voller Begesterung vun hiren afrikanischen Frenn schwetzt a grad esou begestert sech engagéiert.
Am Chrëstbreif 2004 haaten mir een Intervieuw mam Manny, wou hat eis vun senger eischter Rees an vun der Uufanksarbecht vun sengem Projet erzielt huet. Mir wellen elo hei an eisem Parblad vu Chrëschtdag dem Manny eng Reih Froen
stellen, wéi sei Projet, deen vun him de Numm AFRIKA-BIS krit huet sech entwëckelt. Waat as bis elo geschitt an waat as nach noutwendig fir datt eis Matmenschen a besonnesch d'Fraen am Burkina Faso méi menschenwürdig liewen können
PR: Parblad Redaktioun
MS: Manny Scheidweiler
PR: Manny, virwat gëss Du Denger Aarbecht den Titel „Afrika Bis?
MS: „Bis bedeit „widerhuelen. Ech ginn zréck an Afrika, ech engagéiere mech openeits.
PR: An Dengem Bericht iwwert déi zweet Afrikarees schreifs Du iwwert dEntwécklung vun der Maternité vun Imasgo an iwwert dReaktioun vun der Bevölkerung. Wéi geet et elo wirun?
MS: Eng zweet Maternité, déi zënter hirem Bestoen nach keen Elektrischt hat, huet „Plaques solaires gefrot. Des Demande konnt lo schons realiséiert ginn opgrond va ville generéisen Donën.
PR: Wéi kann eng Maternité ouni Elektrischt bestoen?
MS: Si ha sech mat Petrolsluuchte gehollef, ma mi schlecht wi recht. Si konnten net déi Qualitéit ginn, déi noutwendig ass, well dAarbicht besonnesch an der Nuecht ënner miserable Conditioune geleest gouf, an dResultater
entspriechend woren. Dorbei koum nach dGefor, vu Schlaangen gebass ze ginn.
PR: Hunn dFraen, déi accouchéiere wollten, dat einfach esou higeholl?
MS: Nee, et sënn der ëmmer manner an des Maternité kommen. Entweder si sënn an di nächst gangen, obschons de Wee wäit a schlecht wor oder si hann doheem accouchéiert mat vill Risiko fir dMamm a fir dKand.
PR: Hat esou ee Centre Médical (gehéiert jo och eng Infirmerie derzou) iwwerhaapt eng Existenzberechtigung?
MS: Op jidde Fall! Esou laang wéi e besteet, besteet och Hoffnung, datt sich eppes verännert. Allerdings ass dZuelvun de Fraen déi letzt Zäit staark zréck gangen.
PR: Geet dInstallatioun vu „Plaques solairesduer, fir dQualitéit vun der Aarbecht ze verbesseren?
MS: DInstallatioun vum Elektrischen schaft eng Basis fir aner Innovatiounen, z.B. een ordentleche Frigidaire, divers Apparate fir beider Gebuert a bei der Betreiung vum Neigebuerenen, vir an allem neit Geliits an de
Behandlungszëmmer, am ganze Gebäi an och dobaussen. Ausserdeem gëtt, genau wéi zu Imasgo, de ganze Komplex nogekuckt, dBehandlungsmaterial gëtt ersat, asw.
PR: Du ernimms an Dengem Bericht eng Mutuelle, déis Du wëlls ënnerstëtzen.
MS: All Engagement fir ee Centre Médical ass ëmsoss, wann dLeit keng Suen hann, fir sech déi Servicer, déi si do kriten, ze leesten. Duerch eng Mutuelle, déi esou funktionnéiert wéi eng Krankekeess, soll mat enger minimaler
Cotisatioun eng elementär Hëllef garantéiert ginn.
PR: Wéi kann een armen afrikanesche Bauer regelméissig seng Cotisatioun bezuelen?
MS: Genau déi Fro do ass dThema vu langen Diskussiounen, well dHéicht vun der Cotisatioun muss der sozio-ökonomischer Situatioun ugepasst ginn. Déi Gesamtrealisatioun brauch eng grëndlechVirbereedung, déi enorm vill kascht. Nodeem
eng bestëmmt Regioun rausgesicht ass, schaffen Doktren, Soziologen, Juristen, Ökonomen, Assistantes socialen ee Projet aus. Da brengen entspriechend Fachleitden Avant-Projet zu den Zielgruppen fir dLeit zinforméieren, ze
sensibiliséieren an ze iwwerzeegen. Dat geschitt net an enger Kéier, well all Erneierung gëtt intensiv an de Familljen duerchgeschwat. Des Deplacementer an dDierfer sinn deier, ma et gëtt keng Alternativ derzou. Ee groussen Deel vun
der Bevölkerung kann net liesen a schreiwen an déi Leit schwätzen nëmmen hir Stammessprooch. Also mussen dInformatioune mëndlech an direkt mat engem Iwwersetzer gemat ginn. Dese Prozess widderhëlt sech, bis en Accord fond gëtt, deen
der Majoritéit entsprecht a bis genug Cotisateure matman.
PR: Manny, Du bass ëmmer nëmmen eng kuerz Zäit donidden: Wou kënns Du un déi Informatiounen?
MS: Duerch „Promo-Femmes . Meng Kontakter mat hinne ginn all Kéier méi intensiv. Promo-Femmes ass och den Initiator vun der Mutuelle. An hirer Funktioun als „Groupement de Femmes
schaffen si direkt mat de Leit zesummen a wou si oftmachtlos viran der Tatsaach stinn, dass den Dout liicht hätt kënne verhënnert ginn, wann dLeit Sue gehat hätten, fir zer Zäit bei den Dokter ze goen.
PR: Dir wart 3 Wochen donidden: Wéi wart Dir ënnerbruecht?
MS: Déi éischt an di letzt Deeg vun eiser Reess wore mir all Kéier 2 zu Ouagadougou am Hotel. Do zwëschent wore mir déi meesten Zäit zu Imasgo an der Missiounsstatioun bei afrikanische Geestlechen, wou de Mars schons viru 44 Joer
wor. DMissiounsstatioun ass no bei der Maternité, su dass ech méi Kontakt zu Fraen hat.
PR: A propos Maternité: Wat fir een Androck has Du vun der „verännerter Maternité?
MS: Si gesäit proper, frësch a geflegt aus. DConditiounen hunn sech fir dPersonal wéi och fir dFraen allgemein verbessert an dat wierkt sech positiv op dGesamtatmosphär aus.Esouguer en ale Mann, dee seng Schnauer besiche koum, sot
mir an alle Lëtzebuerger häerzlech Merci fir déi proper Maternité. Am Laf vun deenen Deeg, wou ech bei hinne wor, ass et mir bewosst ginn, dass net nëmmen dat Materiellt fir si sou wichtig ass, ma dSolidaritéit an engt gemeinsamt
Sichen no nohaltige Léisungen.
PR: Wéi gesinn Deng nächst Projekter aus?
MS: DMaternité vu Godin gëtt genau wéi zu Imasgo ganz nogekuckt. DMutuelle gëtt ënnerstëtzt. An da wëll ech en Haus ënnerstëtzen, wou dMeedercher kënne flüchten, déi ee mariage forcé verweigeren. An deem Haus, dat vun dräi Nonnen
gefouert gëtt, kënne si bleiwen, bis datt si sech mat engem Mann bestueden, deen si selwer rausgesicht hunn.(Wéi dat geet, weess ech net. DFréijoer, wa mir donidde senn, loossen ech mech informéieren). Bei de Schwësteren, déi hinne
Schutz ginn virun der Verfolgung vun hire Familljen, léiere si de Stot man an am Gaart schaffen. Awer wat feelt, ass een Atelier, wou si traditionnellt weiblicht Handwierk, z.B. bitzen, spannen, wiewen, Stoff fierwen..., kënne léieren,
fir hir spéider Selbststännigkeet an Onofhängigkeet. Vergeesse mir net, datt an Afrika dFamilljen alles ass, an deejenigen, dee mat der Traditioun brécht, ass ausgeschloss, d.h., en ass eleng. Wann dann nach eng Ausbildung feelt, ass
de Betreffende séier dOpfer vun Ausbeutung a Mëssbrauch.
PR: Manny, ech soen Dir Merci fir dest Gespréich. Et wär interessant an engem nächste Gespréichder Fro nozegoen, firwat dLandbevölkerung am Burkina Faso ëmmer méi arem gëtt trotz der viller Hëllef.
MS: Ech gräifen dat Thema gären op a soe fir elo villmols Merci fir dChance, datt ech mechop desem Wee ka matdeelen a gleichzäiteg ëm Ënnerstëtzung froen.
Hei ass meng Kontosnummer: SCHEIDWEILER-RECKEN MARIE-ANTOINETTE LU48 1111 2334 9213 0000 CCPL
Et ass wichteg, nach eng Kéier ze betounen, datt meng Reesen an Afrika, den Openthalt, souwi déi Gesamtunkäste va mir selwer gedroe ginn, an dass all Ënnerstëtzung, déi ech kreien, direkt an ouni
Ofstrécher der burkinabesischer Bevölkerung zegutt kënnt.
|