Kierchefest vun der Pastoralregioun Norden :
„Kierchsinn am Eisléck
Ënner dem Motto „Kierchsinn am Eisléck fënnt de Sonndeg, 13. Juli 2008 zu Housen am Park dKierchefest vun a fir dPastoralregioun Norde statt. Mir invitéieren Iech all, fir Iech op deem Sonndeg eng Zäit ze
reservéieren, fir mat derbäi ze sinn.
Mir soen all deene Mataarbechterinnen a Mataarbechter elo schonns villmols Merci, déi un der Virbereedung a bei der Duerchféierung vum Fest mathëllefen. Merci och de Gemengen an den Associatiounen, déi
äis bei der Organisatioun ënnerstëtzen.
DKierchefest soll eng Plaz sinn, wou mir zesummekommen, Jonk an Al, Engagéierter an Net-Engagéierter, Gleeweger, Zweifler an Netgleeweger aus der Pastoralregioun Norden fir äis ze begéinen, fir
auszetauschen, ze feieren...
„Kierchsinn am Eisléck ass e wichtege Schratt an dZukunft, wou mir mussen zesummerécken, well dZuel vun de Geeschtlechen, déi äis an de Porverbänn zur Verfügung stinn, ëmmer méi kleng gëtt; awer och well
mir ëmmer méi an den Dierfer an de Stied mussen iwwer eise Kierchtuerm erauskucken zu deenen anere Poren ronderëm äis, fir mat hinnen zesumme Porverband, Pastoralregioun ze sinn.
„Brannnte uns nicht das Herz? (Lk. 24,32) – dat ass dat anert Thema vum Kierchefest. Esou wéi déi 2 Jünger vun Emmaus mat Begeeschterung op Jerusalem zeréckgaange sinn, nodeem si deen Operstanen
erkannt hunn, sou wënsche mir, datt mir um Owend vum Kierchefest mat grad esou enger Freed a Begeeschterung opbriechen fir lieweg Zeien ze si vun deem Operstanenen do wou mir liewen: an eise Porbänn, an eise Familljen, op der
Aarbechtsplaz, an der Schoul…
Sidd alleguer wëllkomm um Kierchefest de Sonndeg, 13. Juli 2008 am Park zu Housen.
Konkret Hiweiser fir dKierchefest
Wéini?
de Sonndeg, 13. Juli 2008 – Ufank um 11°° Auer mat der Massfeier
Wou?
zu Housen am Park
- (aus Housen eraus Richtung Dikrech fueren;
- um Rond-Point Schinker Richtung Wuellessen)
Wat gëtt gebueden?
No der Massfeier, déi gesanglech animéiert gëtt vun dem Jugendgrupp „Manipura Filid vu Veianen, ass e Programm virgesi fir Jonk an Al:
Animatioun fir déi kleng Kanner ab 3 Joer
Massendéngerrallye fir dMassendénger am Primärschoulalter
„Prabbeli for Peace:
e Wokshop fir Jugendlecher. Thema: DFriddensbotschaft, déi vun der Botschaft vu Jesus ausgeet. DPrabbelie gi vun deene Jugendleche mat Biller, Wierder, Symboler zum Thema bemolt.
„Kierchsinn am Eisléck :
déi 9 Porverbänn stellen hir Aktivitéite vir
Informatiounsstänn an Animatioun vun deenen verschiddene kierchlechen Servivcer aus der Diözes
Raum fir Stëllt a Gebiet
Bibeldeelen
. . .
Iessen an Drénken
No der Mass gëtt en Iessen ugebueden, wat vun der APEMH preparéiert ass:
Ham, gebotschte Gromperen, Salot, Kaffi
Preis vum Menu: 12 €, Kanner: 6 €.
Fir dMëttegiesse muss een sech umellden, an zwar am Sekretariat vun der Pastoralregioun, Tel. 95 77 05 bis den 08. Juli 2008.
Do dernieft gëtt et: Eisekuchen, Pâtisserie, Gegrilltes, Gedrénks
Ofschlossfeier
Um 17°° Auer ass an der Hal vum Park eng Ofschlossfeier. Si gëtt gesanglech animéiert vum Grupp „Allegria vu Wooltz. Et priedegt de Bëschofvikar Chanoine Henri Hamus.
Mataarbechter a weider Informatiounen
Wien um Kierchefestet bei enger konkreter Charge wëllt mathëllfen (Opbbauen, Duerchféieren an Ofbauen), dee soll sech am Sekretariat (Tel. 95 77 05) mellden. Hei kritt een och weider Informatiounen.
Busdéngscht fir op dKierchefest an zeréck:
Fir op dKierchefest ze kommen ass e Busdéngscht organiséiert:
|
Départ:
|
1. Bus:
|
2. Bus
|
|
Schumann:
|
10.00 Auer
|
13.00 Auer
|
|
Woolz (Halt um Busstand op der Lann)
|
10.05 Auer
|
13.05 Auer
|
|
Erpeldang (Kiirch)
|
10.10 Auer
|
13.10 Auer
|
|
Wëlwerwooltz (Kierch)
|
10.15 Auer
|
13.15 Auer
|
|
Pënsch (Kéier)
|
10.20 Auer
|
13.20 Auer
|
Retour vum Bus: 20 Minuten no der Ofschlossfeier
De Bus ass gratis
Umelldung am Sekretariat (Tel. 95 77 05) bis den Dënschdig, 08. Juli 2008.
|