Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Kulturrees Köln
[Home] [Aktuelles] [Kulturrees Köln]
[Abbé Jos Schilling] [Parausflug 2010] [Parausflug 2008] [Jubiläum] [Jacquel a Fél] [Kierchefest] [Mierschent] [Pater Anselm Grün] [2008] [Besichtigung] [Et gouf gefeiert] [Undenken] [Caritas] [comNews] [Dräischrëtt] [Interview] [Mediensonntag] [Spiritualität] [Soziales] [Bibelgrupp] [Archiv] [Concours] [Euro-Afrika Mass] [Tauschring] [25 Juar] [Faaschten] [Kulturrees Köln]

Kulturrees op Köln

den 20. Juni 2009

De Samsdeg, den 20. Juni 2009, invitéiere mir Iech op eng Rees op Köln. Mir ginn déi kathoulesch Porkierch Köln-Vingst (virmëttes) mat hire sozialen Ariichtungen an dMoschee Köln-Ehrenfeld (nomëttes) besichen. De ganzen Dag iwwer gi mir vum Franziskanerbrudder Jürgen Neitzert begleet. Hien ass Soziolog mat Schwéierpunkt „Islamwëssenschaft a schafft an engem Jugendtreff, haaptsächlech mat Jugendlechen aus Islamische Länner. Iwrigens ass dKierch zu Köln-Vingst vum Architekt Paul Böhme geplangt, genee wéi déi künfteg Moschee zu Köln-Ehrenfeld.

      Départ Ettelbréck/Gare: 07:00
      Dikrech/Gare: 07:10
      Housen/Kierch: 07:30
      Arrivée Köln-Vingst: 10;00
      Kierch a Porzentrum St. Theodor: 10:15 Visite guidée bei der Franziskanercommunitéit an am Jugendtreff
      Mëttegiessen: ca. 13:00
      Visite bei der Moscheegemeinschaft Köln-Ehrenfeld am Laf vum Nomëtteg.
      Géint 17:00 Heemrees op Lëtzebuerg

Käschten: 35 €

All Interessente sinn häerzlech wëllkomm. Weider Infoen: Werner Michels (Telefon 621 31 90 33)

Umëldung: Fél Schannel 8, rue Neuve L-9188 Vichten Tel.: 99 00 57 oder 621 13 93 35

DIwwerweisung vu 35 € op de Konto IBAN LU16 1111 0362 1029 0000 vum Fél Schannel mam Vermierk „Kulturrees Köln gëllt als Umeldung.

Un der Organisatioun si bedelegt:

Caritas (Projet Partage, Gilbert Frisch, Fairnesscenter Diekrech; Centre Oasis de Wiltz, Samia Bounaira)
Centre de pastorale en monde du travail (Rosetta Paganotti-Bernardi)
Christian Solidarity International a.s.b.l. (Fél Schannel)
CPJ Jugendpastoral Norden (Werner Michels)
Erwuessenebildung Diekrech (Christiane Kremer-Hoffmann)