Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Mierschent
[Home] [Aktuelles] [Mierschent]
[Abbé Jos Schilling] [Parausflug 2010] [Parausflug 2008] [Jubiläum] [Jacquel a Fél] [Kierchefest] [Mierschent] [Pater Anselm Grün] [2008] [Besichtigung] [Et gouf gefeiert] [Undenken] [Caritas] [comNews] [Dräischrëtt] [Interview] [Mediensonntag] [Spiritualität] [Soziales] [Bibelgrupp] [Archiv] [Concours] [Euro-Afrika Mass] [Tauschring] [25 Juar] [Faaschten] [Kulturrees Köln]

Mierschent

De 15. Juni 2008 feiert Par Mierschent hiirt 200 jäeregt Bestoen zesummen mat eisem Äerzbeschof Fernand Frank. DMass as moies ëm 10 Auer. Weider Detailer gi mat Zäit um Parblad matgedeelt.

Bis elo sën 3.175 € un Donen fir déi nei Still erakomm. Domat as dHalschent vun de Still bezuelt. Elo schon e grousse Merci un all Donateuren

Bei Geleegenheet vun där Feier kënnt eng kleng Brochür eraus, an där all Donateuren ernimmt gin.

Vleicht wëllt deen een oder aneren sain Deel nach derzou beidroen. E soll dat dann awer sou bal wéi méiglech man.

Et heescht jo. Et as ni ze spéit eppes guddes ze man.

CCPL : LU36 1111 0649 1219 0000
Fabrique dEglise Merscheid/Pütscheid

I.M

Fir dAwunner vun der Par Mierschent,

Bei der Geleeënheet vun der 200-Joer-Feier vun der Par Mierschent, ass et virgesinn, datt eng kleng Broschür erauskënnt. - An de Kierchen a Kapellen sti vill Statuen, déi vu Leit aus der Par am Laf vun der Zäit gestëft goufen.

E puer Nimm si bekannt, wéi z.B.:

zu Mierschent:

dMuttergottes mam Jesus: Mme Anne Wintringer-Weiller, Firmgiedel, an Här Nic Meyer-Weiller, Firmpätter,

den Tabernakel: Mgr Alphonse Turpel, H. Paschtouer Pierre Martzen an H. Abbé Nicolas Hardt,

zu Grooljen:

den hellege Jouseph: Jongbaueren und Jongwënzer vu Grooljen,

dMuttergottes: Joffer Madeleine Schirtz,

dKräiz an de Kerzestänner: M a Mme Albert an Elisabeth Gleis-Turpe,l

delektresch Klacken goufe mam Erléis vum Wisefest 1948 kaaft,

zu Nuechtmannescht:

dStatu „Notre Dame de Foy an der Mëtt vum Altor: Paschtouer Jos Kox,

zu Weller:

dhelleg Apollonia: dFamill Hubert Kies-Urhausen,

dStatu vum Herz Jesu: entweder vun der Famill Reis-Boever oder Reis-Kissen,

dPieta: Mme Rosa Neumann,

Wann Der nach Nimm vu Leit wësst, déi an eiser Par eng Kierchefënster, eng Statu oder soss Saache gestëft hunn, da wier ech frou, wann Der mer déi Informatioun kinnt schrëftlech mat der Post virum 15. Abrëll 2008 op meng Adress schécken.

Ech soen Iech elo schons villmols Merci fir Äer Mataarbecht.

Marcel Scheidweiler
9a, Housenerstrooss
L-9466 WELLER-PËTSCHENT