Gemeinsamen Parverbandsprojet vum Parverband Housen-Houschent
Solidaritéit mat Indien
Dëse Projet as een Hellefsprogramm fir jongen Meedercher,déi blann sin oder een aaneren Handicap hun, e Foyer zu Jorabat an der Erzdiözes Guwahati ze bauen.
Dës Kanner sin oft an der indischer Gesellschaft eleng geloos Kanner an Indien mussen schons zu jonker Alter mat schaffen goen, fir zum Akommes vun der Famill beizedroen. An heizou können déi handicapéiert Kanner keen Beitrag
leeschten. Elteren mussen allen zwee de ganzen Daag schaffen goen, an hir handicapéiert Kanner sin op sech selwer ugewisen. Daat huet als Folleg datt sie nët déi notwendig Erzeiung an déi néideg Begleedung an hirer prekärer
Situation kreien.
An verschiddenen Sippen (Stamm) vun der indischer Gesellschaft gët den Handicap vun enger Persoun als Fluch betruecht, daat féiert derzou datt blann an handicapéiert Kanner vun hirer Famill ausgeschloss gin an esou op der
Stroos landen. Si sin forcéiert e Bettler- an Vagabundenliewen ze féieren an keen Ennerdach ze hun.
Déi indisch Regierung huet zwar eng etlich Institutiounen fir dës Kanner geschaaf,me dZuel vun de Kanner as esou grouss datt bei villen Kanner neischt an hirem Liewen zum Gudden ännert.
Bridderlech deelen an Zesummenaarbecht mat dem lokalen Partner dem Erzbëschof Mgr. Thomas Menamparamil,vun Guwahati hun dInitiativ ergraff en Foyer fir des Kanner ze bauen, fir hinnen dMéiglechkeet ze gin menschenwürdig
ze liewen an eng néideg Erzéiung ze kreien.
Hei sollen 100 jong blann, daafstomm an soss handicapéiert Meedercher déi aus aarmen Familjen kommen, een Ennerdach kreien. Wien mat engem Don eise gemeinsame Projet wëll ennerstëtzen kann daat machen op de Compte Parverband
Housen-Houschent
Solidaritéitsdag mat Indien
zu Baastenduerf den 2. Adventsonndeg, den 04. Dezember 2005
Programm
10.30 Mass mam Thema:
Solidaritéit mat Indien an der Kiirch zu Baastenduerf
Uschléissend un dMass:
Indischen an letzebuerger Appéritif an Mëttegiessen am Festsall (iwert dem Pompjésbau)
Fir dMëttegiessen könnt Dir tëschent zwéi indischen Menuen wielen.
Menu 1
Kofta ( Hackfleeschbällchen mat Beilagen) an Dessert
Menu 2
Delhi Murg (Curry Hong mat Beilagen an Dessert
E kuurze Film iwert Kanner aus Indien.
Corbeille Tombola mat Produkter aus Indien an aus aaneren Länner aus der Drëtter Welt
En Verkaaftsstand mat artisanal an aaner Produkter aus Indien
Umeldung fir dMettegiessen: (bis einschl. 30. November 2005)
Mettegiessen: 15 € fir Erwuessener 8 € fir Kanner
Parsekretariat 9, Haaptstrooss L 9360 Brandenbourg Fax 90 81 32 – Telefon 99 00 57 (Schannel) eventuell op den Répondeur schwetzen
Solidaritéit mat Indien
Op eisem Treffen mat de Par-Réit vun eisem Parverband, as beschloss gin solidarisch ze sin mat engem Projet vun Briiderlech Deelen Letzebuerg an Indien. Esou wëllen mir des Initiative ugesin als e
Gemeinsamen Parverbandsprojet
Dëse Projet as een Hellefsprogramm fir jongen Meedercher,déi blann sin oder een aaneren Handicap hun, e Foyer zu Jorabat an der Erzdiözes Guwahati ze bauen.
Dës Kanner sin oft an der indischer Gesellschaft eleng geloos Kanner an Indien mussen schons zu jonker Alter mat schaffen goen, fir zum Akommes vun der Famill beizedroen. An heizou können déi handicapéiert Kanner keen Beitrag
leeschten.
Elteren mussen allen zwee de ganzen Daag schaffen goen, an hir handicapéiert Kanner sin op sech selwer ugewisen. Daat huet als Folleg datt sie nët déi notwendig Erzeiung an déi néideg Begleedung an hirer prekärer Situation kreien.
An verschiddenen Sippen (Stamm) vun der indischer Gesellschaft gët den Handicap vun enger Persoun als Fluch betruecht, daat féiert derzou datt blann an handicapéiert Kanner vun hirer Famill ausgeschloss gin an esou op der
Stroos landen. Si sin forcéiert e Bettler- an Vagabundenliewen ze féieren an keen Ennerdach ze hun.
Déi indisch Regierung huet zwar eng etlich Institutiounen fir dës Kanner geschaaf,me dZuel vun de Kanner as esou grouss datt bei villen Kanner neischt an hirem Liewen zum Gudden ännert.
Bridderlech deelen an Zesummenaarbecht mat dem lokalen Partner dem Erzbëschof Mgr. Thomas Menamparamil,vun Guwahati hun dInitiativ ergraff en Foyer fir des Kanner ze bauen, fir hinnen dMéiglechkeet ze gin menschenwürdig
ze liewen an eng néideg Erzéiung ze kreien.
Hei sollen 100 jong blann, daafstomm an soss handicapéiert Meedercher déi aus aarmen Familjen kommen, een Ennerdach kreien.
Waat soll eise Beitrag als Par,Parverband zu dësem Projet ausgesin?
Eiser Phantasie as keng Grenzen gesaat, fir Sensibiliséierungs – an Finanzaktiounen zorganiséieren fir esou zesummen mat Bridderlech Deelen an dem Erzbëschof vun Guwahati,daat néidegt Geld zesummen ze kreien fir
dRealisatioun vun dësem Projet.
Weider Informatiounen: iwert dës Solidaritéitsaktioun kommen an nächster Zäit am Parblad, an um www.houhou.lu.
Wien mat engem Don eise gemeinsame Projet wëll ennerstëtzen kann daat machen op de Compte LU 3600 90 0000 0249 9432 CCRA mam Vermierk:
INDIEN
|