|
Mir stellen äis vir de
Wanderveräin dSchlënnerflitzer Houschent

Virun ongeféier 15 Méint hu sech an der Schlënner 9 Leit zesummen gesat an iwwer dGrënnung vun engem Wanderveräin nogeduecht. Et waren di selwëscht Leit di säit 14 Joer an engem Wanderveräin zu Nidderaanwen
aktiv waren. Sie hate sech deemols schon een Numm eraus gesicht well si sech ëmmer an der Schlënner getraff hunn, fir op e Marsch ze fueren, fir eng Versammlung oder soss eng Geleeënheet.
Well mir hei am Norden nach weider keng Wanderveräiner hunn, ausser eisen Nopeschveräin zu Veianen, hu mir gemengt, et wir net schlecht esou e Veräin op dBeen ze stellen. Gesot, gemeet, an no e puer Virversammlungen
war et sou wäit. E provisorischen Comitée gouf ernannt an déi Leit hunn dunn Statuten ausgeschafft, Genehmigungen ugefrot an hu sech bei der „Fédération de Marches Populaires „ ugemellt, wou Si dann mat zwou Hänn opgeholl
goufen. No enger éischter, an gläich duerno enger zweeter Grënnungsversammlung krute Si Recht mat hierer Idi. Net méi wi 62 Memberen sinn dem neie Veräin deemols beigetrueden. Lo, no engem Joer, also no der éischter
Generalversammlung, un där och den Här Claude Raymond, President vun der Fédératioun deelgeholl huet, zu eiser gréisster Iwwerraschung, well wann e bedenkt, dass momentan 46 Wanderveräiner hei am Land sinn an hie kennt
just bei äis, wourop mir awer net nëmmen bëssen stolz waren, dann kann een doraus schléissen dass dFédératioun frou ass och e Veräin weider am Norden ze hunn. Den Här President Claude huet äis dat duerch seng encouragéiert
an iwwerzeegent Wieder an eiser Generalversammlung ze verstoen ginn.
Eisen Veräin zielt lo no eiser leschter Versammlung 81 Memberen, Tendenz steigend woubei ee ka soen, dass méi wéi dhalschent aktiv Samsdes oder Sonndes un deenen eenzelnen Wanderungen deelhëllt. Op eisen leschten
auswärtigen Märsch konnte mir alt bis 45 Memberen vun eisem Veräin zielen.
Op Al oder Jong, bei eis kann jiddereen eppes fir seng Gesondheet maachen, an dat just no sengem eegenen Intressi. Wéini, em wivill Auer an wéi séier ass jidderengem selwer iwwerloss. Et mëcht een et just fir seng eegen
Gesondheet. Wann een oder deen aneren et eng Kéier wëllt probéieren, kann ee sech bei engem vun eise Comitéesmemberen emfroen. Eisen éischten internationalen Marsch ass dëst Joer den 29. Juli 2007 zu Houschent,
wou mir mat ganz vill Wanderer aus dem In- an Ausland rechnen. E Schnupperparcours vu 5 km ass och do virgesinn fir déi Leit, di de Sport wëllen kennen léieren an fir déi, di nët méi sou wäit kënne goen. Et kann een och
matgoen, wann een net an engem Veräin ass, oder wann een Nordic-Walking wëllt machen. Eis Strecken vun 5, 10 an 20 km sinn sou ausgeriicht. Een zweeten internationalen Marsch gëtt den 13. Oktober 2006 zu Hengescht um
Cornelyshaff organiséiert. 2006 hate mir do 620 Wanderer di un dem Marsch deelgeholl hunn.
Fir weider Informatiounen kënn Dir Iech bei engem vun eisen Comitéesmemberen emfroen.
President: Reuter Jos Vice-Presidentin: Schroeder Hélène Sekretärin: Urhausen Louise Keesjee: Schmit Fernand Beisetzend: Boewer Tonia; Emringer Guy an Schrantz Claude.
Jos Reuter 17,Haaptstrooss L-9183 Schlënnermanescht Telefon 99 02 90
|