Undenken un dSchwester Amelie Neises
En Donneschdeg, den 16. März 2006 huet dSchwëster Amélie am Laf vun enger feierlëcher Eucharistiefeier mat hiren Matschwësteren hir 70jähreg Profess gefeiert. An eng Woch méi spéit, Donneschdes, den 23. März 2006 as dSchwëster Amélie
begruewen gin. Sou onopfälleg wéi si geliewt huet, as si och friddlech entschloof.
DSchwëster Amélie as 1912 zu Grousbous an enger kannereicher an déifgleeweger Famill gebuer. Dësen déiwen an echten Glaawen vun hiren Elteren huet séch op hir Kanner iwerdroen, well véier Kanner sin an den Uerdensstand agetrueden.
Nodeems dSchwëster Amélie no hirer 1. Profess a verschidden Kommunautéiten, wéi Schëffleng, Colmar-Bierg an um Fieldgen tätig war, as sie 1957 op Housen komm, wou sie joërelang – vun 1957 bis 1993 – als Krankenschwester
am Déngscht vun de Kranken gewierkt huet. Et kann een dSchwëster Amélie roueg als Housener bezeechnen. Hir Silhouette huet dDuerf geprägt. Si war bekannt nët nëmmen eleng an der Par Housen, mee als Krankeschwëster war si an de Dierfer
vun der ganzer Regioun wëllkomm.
Bis zu hirer Pensioun huet een si ëmmmer mam Auto ënnerwee gesin, bis weit an dDierfer eraus, fir déi Krank – op gleeweg oder nët – ze pflegen, opzemonteren, ze tréischten, a fir mat hinnen ze bieden. Wivill Trouscht si
an dHäiser an un dKrankenbett bruecht huet, wees Gott eleng. Sou war si fir déi Krank nët nëmmen eng Krankeschwëster, mee och eng Seelsorgerin. Déi Krank waren nët iirgend en Nummer, mee Mënschen, denen sie dLéift vu Gott geschenkt
huet. Si huet hiren Dëngscht ëmmer mat enger grousser Geloossenheet a mat gudder Laun gemeet. An dKraaft zu dëser schwéierer Aufgab huet si am Gebied bei Gott geholl. Hiren Tour bei déi Krank huet sie ëmmer esou geluegt, datt si an de
verschiddenen Dierfer der Mass konnt beiwunnen, fir dann mat neier Kraaft hiren Tour weiderzeféieren.
En aneren Aspekt vun hirer Aarbëcht dierfe mir nët vergiessen, nämlech hir Aarbëcht an der Kiirch an an der Sakristei. Joërelang huet si dKiirch wéi e Bijou gepflegt. As een an dSakristei komm, war alles fir de Gottesdëngscht
preparéiert.
1993 hun déi zwou Schwësteren, Schwëster Amélie an d'Schwëster Pia, Housen verlooss. D'Paar Housen an och d'Paren aus der Ëmgéigend denken mat Dankbarkeet zrëck un hiren Témoignage vu Léift an Dingschtbereetschaft.
DSchwëster Amélie as op Heeschdrëf komm, wou si mat vill Léift a Suerg gepflegt gin as an hei haat si Zeit, duurch dGebied mat Gott a Kontakt ze trieden.
Elo huet si no engem laangen Pilgerwee hiirt Ziel ereecht, deen si an enger grousser Trei an Dingschtbereetschaft gaangen as. Et war nët vun ongeféier, datt sie um Fest vum hellegen Jousef hiir endgülteg Rees ugetrueden huet, den
hellegen Jousef, deen si innig veréiert huet, wahrscheinlech och wéinst sénger Bescheidenheet.
Mir alleguer behalen an eisen Häerzer dUndenken vun enger bescheidener, déifgleeweger Schwester.
Si soll elo do uewen eis grouss Fiirsprecherin sin.
Jean Poos
|