Divers
Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Besennlisches
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
[Home] [Divers]
[Gottesdéngschter] [Kiirch] [Agenda] [Aktuelles] [Besennlisches] [Divers] [Daafkanner] [Kannerpastorale] [1. Kommunioun] [Massdénger] [Jugendpastorale] [Guiden a Scouten] [Et bestueden sech] [Éis Poren] [Verwaltung] [Links ... a rechts] [Impressum]

Eng Information fir D’Leit aus eisem Parverband

Aus Erfahrung wësse mer, datt ëmmer méi Leit Problemer kréien, wann se e Stierffall an der Famill hun, virun allem wann een am Ausland stierft oder wat d’Anäscherung betrefft. Fir Iech Informatiounen ze gin, Iech zeberoden, bidden Iech “Bestattungsunternehmer“ aus eisem Parverband hir Hellef un, einfach sou:

D’Schreinerei Jos. Dohm Hosingen – Tel. 92 13 64

D’Schreinerei Vic. Bodson Schlindermanderscheid – Tel. 99 07 78

Housen

Zou Housen ass fir ee Stierffall an Zukunft nëmme méi eng Kéier ee Rousekranz, an zwar em 18:30 deen Dag virum Begriefnes 

(och Sonndes, wann d'Begriefnes Méindes ass)

Housen

zu Housen get d'ganzt Joer iwwer de Rousekranz Freides ëm 19:00 Auer an der Muttergotteskapell gebied.

Kommunioun fir krank an eler Leit:

Meld Äer Leit un beim Här Morn um Telefon 99 00 82 oder beim Här Poos um Telefon 92 13 45

Baby-Sitting

Jong Elteren, profitéiert vum Babysittting-Service vum Parverband.

Sicht Dir en, den Iech op Äere Puppelchen oder Äer Kanner oppasst, da macht Gebrauch vun eisem Babysitting-Service

Uruffen beim Beby Birchen-Kohl Nuechtmannischt (Koordinatrice) Tel 99 07 57

Baby-Sitting vun eisem Parverband

Babysitter Formatioun

De Parverband Housen-Houschent erënnert Iech nach un déi nei Formatioun, déi den 29. September 2009 an den 01. Oktober 2009 am Centre Culturel zu Housen ass.

Umelle kann ee sech nach bei der Mme Beby Birchen-Kohl um Telefon 99 07 57

Well Dir ouni äer Kanner fort goen, an eng Versammlung, gemittlech Iessen, ...

Telelefon 99 07 57, beim Beby Birchen Nuechtmannescht, an hat scheckt Iech e léiwen Mensch dohin.

Hëllef gesicht

Op Ufro vun der ALAN (association luxembourgeoise d'aide aux personnes atteintes de maladies neuromusculaires) siche mir nach e puer Bénévoler, déi bereet si fir all 14 Deeg een Nomëtteg vun 2 bis 6 Auer op 2 behënnert Kanner zu Housen opzepassen ( mat de Kanner spillen, schwätzen, eventuell Hausaufgabe maachen...). Dir braucht keng Fleeg ze iwwerhuelen, well während der ganzer Zäit ass och eng Persoun vun Hëllef Doheem derbäi.

Fir weider Informatiounen : Tel 92 00 38 Mme Margot Wagener-Reuter

A la demande de l' ALAN ( association luxembourgeoise d'aide aux personnes atteintes de maladies neuromusculaires) nous recherchons des bénévoles pour surveiller 2 enfants handicapés à Hosingen et ceci une fois tous les quinze jours de 14ºº à 18ºº. Il ne s'agit pas du tout de donner des soins, car durant toute cette période il y a une personne du réseau d’aides et de soins 'Stëftung Hëllef Doheem' sur place, mais de jouer avec les enfants, parler avec eux, les aider éventuellement dans leurs tâches scolaires...

Pour de plus amples détails, prière de contacter Mme Margot Wagener-Reuter (tél. 92 00 38)

Merci !

Dikrich

Kleederstuff

Mir stinn elo virun der kaler Joreszäit an eise Stock u waarme Kleeder huet schonns kräfteg ofgeholl.

De Caritas – Fairness Center vun Dikrich brauch dringend fir sei Volet

« Kleederstuff »

gutt erhalen a moudesch Kleeder fir Kanner, Jugendlicher a jonk Fraen.

Äre Kleederdon kënnt Dir ofginn vu Méindes bis Freides : 09:00-11:00 an 13:00-16:30 Auer

Villmools Merci am viraus!

CARITAS – Fairness Center
21, rue Alexis Heck
L – 9242 Diekirch
Tel.: 80 31 26 Fax : 80 48 25

fairness center

Dikrech

Weltbuttik Dikkrich

Zu Dikrech geet demnächst ee neie Weltbuttek op. Hei gi Produkter ugebueden, déi de Produzenten aus dem Süden ee gerecht Akommes garantéieren.

Gehéiert Dir zu deene Leit déi:

  • Intressi um fairen Handel hunn
  • Loscht an e bëssen Zäit hunn, fir selwer méi aktiv an deem Beräich ze ginn
  • bereet sinn, fir a Formatiounen nach méi gewuer ze ginn
  • flott Iddien hunn, fir zesummen an enger oppener Équipe e neie Weltbuttek ze gestalten ?
  • Dann zéckt net, fir Iech bei enger vu folgende Persounen iwwert een Engagement als Bénévole ze informéieren:

Jacquel Schannel-Millang, Viichten 99 00 57

Fernande Schammel-Aust, Baastenduerf 80 97 77

Marie-Paule Ihry-Reinard, Ettelbréck 81 86 92

Liette Hoffmann-Stirn, Baastenduerf 80 32 95