DPargemeinschaft vu Schlënnermanescht.
DPargemeinschaft vu Schlënnermanescht feiert hiert zweehonnertjäeregt Bestoen. Nieft Mannescht gehéieren zur Par dGiewelsmillen, de Friedboesch esou wéi dËnner- an dUewerschlënner. Am Joer 1804 ass Schlënnermanescht eng eege
Por ginn, mat eegener Verwaltung an engem eegene Paschtouer, souwäit dat méiglech war.
Mir kucken haut op 200 Joer zeréck, an doriwwer eraus, a gesinn all déi Leit, déi hei um Hank vun der Schlënner gelieft hunn.
200 Joer ... Am Laf vun där Zäit hued sech esou villes an der Gesellschaft, am alldeegleche Liewen, an och an der Kierch geännert. Dach deemools wéi haut, liewe Mënschen hei zesummen déi sech Chrëschten nennen. Näischt verbënnt
äis méi mat de Generatioune virun eis, wéi de Glawen, dee si äis mat op de Wee ginn hunn.
„Maacht dat dKierch am Duerf bleift. De Sproch kenne mer all. „Schéckt Iech, behuelt Iech. oder awer och: „Lieft esou zesummen, datt e mierke kann, datt Dir Kierch sidd, eng Gemeinschaft vu Mënschen, déi versichen hiert
Liewen um Evangelium auszeriichten. Lieft esou, dass Dir de Glawen un déi kommend Generatioune weider droe kënnt.
Mir kucken zeréck a soe Merci fir esou villes wat gudd, schéin a wäertvoll war, am Liewe vun der Par. MERCI soe mir fir all Hëllef, Gnod a Sege vum Härgott.
Mir kucken awer och an dZukunft. Zënter 1977 gehéiert dPar Schlënnermanescht zum Parverband Housen-Houschent, also vun Ufank un, seit et dëse Parverband gëtt. Wéi sech viru Joere Parverbänn forméiert hunn, hunn dLeit vu
Schlënnermanescht dorop gehalen an dësem Verband ze si, an ze bleiwen. Hei ass hir Mataarbecht gefrot a geschat ginn. Am Numm vum Parverband soen Ech all deene Maneschtere grousse MERCI, déi sech an der Por engagéieren, an sech
doriwwer eraus och agebonne wëssen, an do matschaffen. MERCI och fir de klengsten Déngscht. Et ass an der Kierch wou eng Pargemeinschaft sech zesumme fënnt fir hiere Glaawen ze feieren. Déi Maneschter halen déck Stécker op
hir Kierch a si houfreg op se. Dat war Fréier esou, an et ass et Haut nach. Fir dFeier vun dësem Joer war keng Restauratioun néideg. An esou si mir op dIddi komm fir 2 nei Klacken an den Tuerm ze hänken. Zu Pënsch, am Dall,
kann een erliewe wéi wonnerschéi Klackegelauds ka sinn. Op der Kopp vu Schlënnermanescht kann dat net anescht sinn. Déi nei Klacke gi bei eiser Feier, den 21. November ageweit. All déi bei eis kommen, heeschen ech häerzlech
Wëllkomm. E grousse MERCI un eisen Äerzbëschof, de Mgr. Fernand FRANCK, den an eiser Mëtt wäert sinn. Klacke hunn hir eegen Stëmm. Am Leed hu si en aner Klang wéi op Ouschterdag. Hir eigentlech a schéinsten Aufgab
ass Mënschen zesummen ze ruffen. Dobäi gi si net midd. Kënnt keen, si ruffen awer. Si gi net hees. Ech wënschen der Pargemeinschaft vu Schlënnermanescht, dat dKlacken an Zukunft net ëmsoss ruffen, well ech hunn Angscht virun
enger Welt ouni Gott.
Isy MORN Paschtouer
|
200 JOER PAR SCHLËNNERMANESCHT.
DPar Schlënnermanescht feiert an dësem Joer hiert 200jäeregt bestoen. Während 200 Joer kommen dLeit zesummen, fir hire Glawen ze liewen, fir déi freedeg a manner freedeg Evenementer vun hirem Liewen ze feieren. Si hunn hiere
Glawen geliewt an äis e weider geschenkt bis an eis Deeg eran. E Grond dankbar ze sinn, an dVerpflichtung, och deenen nächste Generatiounen eise Glawen weider ze vermëttelen.
DPar Schlënnermanescht huet sech selwer e schéint Gebuertsdagsgeschenk geleescht, zwou nei Klacken.
Ech wënschen, datt nach vill Leit op dës Klacke lauschteren, wa si äis zesummeruffen zum Gebiet a Gottesdéngscht. Trotz der schwiereger Situatioun vun der Kierch, an der mir liewen, soll dës Feier äis dee néidige Mutt gin, fir
mat neiem Élan déi nächst Joeren unzegoen.
Jean POOS Paschtouer
|