Baastenduerf-Tandel
De Méindeg, den 10. Januar 2005 fänken souwuel an der Kiirch vu Baastenduerf, wéi och zu Tandel Renovéirungsaarbichten un. Géint esou eng Entreprise ka bestëmmt keen eppes hun, a mir soen dem Här Buurgermeeschter a senge
Mataarbichter Merci fir dës Initiative.
Dat Ganzt brengt natiirlech mat sech, datt all Gottesdéngscht fir länger Zäit ausfale wäerd.
Fir keen däerf dat e grousse Problem sën, vergleicht een ët mat der Situatioun déi dMenschen a Südasien duerchstoe mussen,
Dikrich, Gilsdref, Bettenduerf, Fouren sën nët wäit ...
Branebuurg, dat zu derselwechter Gemeng an dem selwechte Parverband gehéiert, nach vill manner.
Massen, déi fir déi kommend Méint fir Baastenduerf an Tandel bestalt gi sën, wäerten zu Branebuurg gehale gin.
As ët nët flott, datt hei jiddereen a jiddereng dGeleënheet kritt ët emol ze man wéi eise Premier, sech op den Tour ze man, op den Tour duerch eise ganze Parverband?
Profitéiert vun där Geleegenheet, ët wäerd Iech nët leed doen, och wann Der keng Wonner erliewe wäerd. Mir Paschtéier man ët schon zënter laange Joren. Op enger eenzelner Plaatz hätte mer ët vleicht nët esou laang ausgehal
I.M.
Baastenduerf - Service fir dMassen
Dir hutt keen Auto oder keen Führerschein, keen Problem!
Kommt einfach eng véiérel Stonn firun der Mass zu Branebuurger bei dKirch, an mir huelen iech matt, oder mellt Iech bei engem aus dem Parrôt, an dann organiséieren mir iech een Auto.
Heger Henriette Tel: 80 38 24 Weis Annette Tel: 26 80 09 85
Oder zu Tandel beim Roeder Marianne Tel: 80 38 70
|