Laanglaaf zu Housen, den 06. Mäerz 2005
Haut um 14.00 Auer hu mir, dWëllef mat eisen Chefinnen, Rendez-vous bei eisem Scoutshome. Mir kommen alleguer an der Skibox, Händchen an enger gudder décker Jacket, well mir gi Laanglaaf maachen.
Wéi jiddfereen beim Home ukomm ass, gi mir all zesummen op den Housener Camping, wou den Skiverleih ass. Uuuih, wat huet dat gedauert, bis dass jiddfereen déi passend Schung haat well dat ass guer net sou einfach.
Um 14.30 Auer geet et lass, mir fueren alleguerten hannerteneen an enger laanger Schlang. Wou mir besseli ennerwee sin, fänken mir un mat sangen dat ass scho flott, well da geet alles besser.

Eis Chef: Christiane, Sylvie an Cathy
Oh nee, do ass ee décken Hiwwel, wou mir mussen driwwerkommen, dat ass ganz lusteg, mir faalen baal aleguer, souguer eis Chef! Et huet sech awer zum Gléck keen wéigedo, ausser e bessen eisen Hënner getéitscht.
Lo geet et weider de Biergrof an et fà nkt un mat schneien, wat di ganz Saach mi schwéier mescht, well dSki op dem Schnéi pëschen a sou kommen mir net méi gudd weider.
Eis Chef décidéieren, dass mir eng Ofkierzung huelen, well soss kommen mir net mat Zeit un, well eis Elteren kommen eis um 16.00 Auer op den Camping sichen.
Zum Schluss haaten mir alleguer puer Problemer, fir wieder zekommen, well mir waren all doudmidd, mir kënnen iech soen, dat ass zimlech ustrengend awer cool.
Um genau 16.00 Auer kommen mir rem um Camping un, an eis Elteren warden well ganz gespaant op eis. Mir dinn eis Skischong aus, an droen eis Saachen, déi mir ausgeléint hun zréck bei dMadame an dHeischen. Duerno kréien mir
nach eng Taas Schocki an ee gudd Stéck Kuch, an dunn gi mir heem.
Dat war schon een schéinen Daag, vläicht maachen mir dat dnächst Joer nach eng Kéier, well mir hun eis ganz gudd amüséiert.
Mère-Thérèse Housen-Houschent
|