Logo17502
Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Ateliers 2004
NicO03
[Home] [Jugendpastorale] [Ateliers 2004]
[Firmung 2011] [Firmung 2010] [Firmung 2008] [Firmung 2006] [Firmung 2005] [Ateliers 2004] [Jugenddag 2006] [www.worldwidewwilli]

Ateliers vun der Firmvirbereedung 2004

»E Besuch am Klouschter«

Vun deene 7 Angeboter un dFirmlingen huet dir ech fir de Besuch am Klouster vun de Franziskannerinnen um Belair entscheed. Firwat ?

Michel: Ech wollt gesinn, wéi dSchwësteren am Klouschter liewen

Bestëmmt haat dir aawer eng Virstellung vum Klouschterliewen ?

Tanja: Jo, awer ech hat mir dat ganz anëscht virgestallt

Michel: Ech och !

Nadine: Ech hu gemengt dSchwësteren am Mutterhaus géifen nëmme bieden!

      DSchwester Dorothée-Marie huet eis gesot dat et am Klouster moies, mëttes an owes fest Gebiedzäiten get. Virum Mëttëgiessen  bieden dSchwësteren zesummen 3 Psalmen a liesen een Text aus der Bibel. Awer niewt dem Bieden an den Herrgott luewen hun dSchwësteren och eng Aufgab oder Aarbëcht.

Wat fir Aufgaben/Aarbëchten sinn dat ?

Michel: dSchreinerschwëster ass dSchwëster Norberta. Si huet 70 Joer a schafft an hierem Atelier, wou vum Hummer iwwer de Schrauweschlëssel bis zum elektrëschen Huwwel alles ze fannen ass. Gut gefall hu mir dKlibberen, déi si selwer mëcht.

Tanja: dSchwëster Norberta huet well vill an hirem Liewen geschafft: si „restauréiert aal Miwwelen am Klouschter, zëmmert Regaler, verleet hëlze Biedem an fléckt  baal alles (och de Wasserkrunn).

Nadine: DSchwëster Dorothée-Marie këmmert sech em den Accueil vun Firmgruppen an organiséiert alles fir Versamnmlungen. Sie huet sech och wärend deene leschte sechs Jor em dRenovéieren vum Klouschter gekëmmert.

Michel: Aaner Schwësteren schaffen am grousse Gaart, këmmeren sech em de Musée an dBibliothek, an hëllefen an der Kichen.

DSchwësteren këmmeren sech awer och ëm hiren Nächsten ?

Nadine: Sie këmmeren sech och ëm Menschen, déi an Nout sin. Am Keller vum Klouschter hun dSchwësteren ee Sall ageriicht, wou Mënschen, déi op der Strooss liewen, moies Kaffi drénken. Sie sammele Kleeder fir dClocharden an schécken och Kleeder an Osteuropa.

Tanja:  Eng Schwëster huet eis och vun hirer Missiounsaarbëcht am Taiwan erzielt.

Wat huet dir besonnësch gudd gefall ?

Michel: Dekoréiren vun eisem Gebéesglaas mat Buntpapeier. Am Glaas ass en Téilicht. DLiicht mëcht hell a warm.

Tanja: Mir konnten dSchwëster Dorothée-Marie alles froën wat mir wësse wollten. Och op dFro op sie schon op der Schueberfouer war huet sie mat jo geäntwert.

Nadine: Et war immens roueg wéi mir zesummen mat der Schwëster Dorothée de Psalm gebied hunn. Ech konnt fir e puer Minuten alles rondrem mech vergeessen an richteg nolauschteren.

Wat huet ech guer net oder net sou gudd gefall ?

Keng Äntwert !

Hätts du Loscht, nach eng Kéier fir een Daag ant Klouschter ze goen ?

Myriam: Jo

Max: Wann ech Zäit hätt, da géif ech nach eng Kéier matgoën.

Joëlle: Op alle Fall, aawer dëss këier vill méi laang!

Myriam: Et huet mir gudd gefall. DBastelen huet mir och ganz gudd gefall.

Max: Well et do esou roueg ass, do kann een emol gudd iwwer sëch selwer nodenken. Awer och iwwer Saachen kann een nodenken déi nët esou chrëschtlëch sinn.

Joelle: Et hat mir deck gudd gefall et war intressant an et huet ganz vill Spass gemach.

Kéins du engem anere Jugendlëchen een Dag am Klouschter recommandéiren

Myriam: Jo, well et as guer nët esou schlëmm wéi déi aaner soën, dSchwësteren waren jo ganz léif a mir hunn vill zesummen gelaacht.

Max: Do kann een roueg higoën. Ech fannen verschidde Leit hätten et néideg och emol bei dSchwësteren ze goen. Well do kann een wonnerbar entspannen.

Joelle: Jo. Well et as e besonnëscht Erliefnis. Esou eppes erliewt een jo net all Dag.

»Drogen«

Mir zwee  hun am Atelier mam Thema Drogen deelgeholl.

De José huet eis vun sengem Liewen als Drogenofhängige gezielt.

Et war interessant ze héieren, wéi den José mat Drogen an Kontakt koum.

De José ass elo clean. Duerch eng Therapie an Italien vun 2 Jor an mat starkem Wellen ass et him gelongen vun den Drogen lasszekommen, wat awer leider deene wéinigsten geléngt.

Mir fannen et gutt, date en wéi de José bei eis Jugendlech kënnt an eis virun den Drogen warnt. Wann een dem José seng Liewensgeschicht esou héiert, dann kann een verstoen wisou Jugendlicher an dDrogenwelt flüchten. Doheem an der Famill fillen sie sech net verstaan an mat hire Problemer aleng geloss. Sie sichen no engem aneren „ Dohem.

Bemierkenswert ass, dat de José et fäerdeg brengt virun Jugendlichen iwwert déi déischter Säit vun sengem Liewen ze schwätzen.

Greischer Georges an Zanter Joëlle