Firmung 2006
Hei dUsprooch, mat der den Neckel Frederes am Numm vun alle Firmkandidaten den 19. September an der Feier vun der Firmung den Aerzbëschof begréisst huet:
Här Aerzbëschof, Léiw Matchrëschten
Am Numm vun de Firmkandidaten aus eisem Parverband heeschen ech, Iech Här Aerzbëschof ganz härzlech wëllkomm an eiser Mett.
Zesummen mat eisen Elteren an mat ville Leit aus eisen Parverband wëlle mir haut e Fest vum Glaawen feieren.
Här Aerzbëschof, dëst Fest ass fir äis besonnesch wichteg, well Dir haut ennert eis sidd fir eis dSakrament vun der Firmung ze spenden. An duerfir soen mir Iech Merci.
Mir Jugendlich sin momentan an engem Alter, wou mir virun villen Eräusfuerderungen stin.
Waat fir e Wee wëllen mir an der Schoulausbildung goën?
Wéi stinn mir zur Famill an zu der Welt vun deenen Erwuessenen?
Wéi gesin äis Frëndschaften äus?
Wéi fannen mir äis Plaaz an enger Welt, dei äis esouvill bidd,wat Freed a Spaass mecht, an déi dach och voller Problemer stecht.
Daat sin lauter Froen déi äis an nächster Zäit zimlech staark beschäftigen.
An dozou kënnt och nach eng wichtig Fro derbäi, déi eppes mat dem Dag vun haut ze din huet:dFro: Si mir bereet, äis och Gedanken ze maachen waat fir e Wäert a waat fir eng Plaz de chrëschtlichen Glawen an
eisem jonken Liewen huet?
Sin mir bereet, eist Liewen un deem ze orientéieren deen Wäerter, wéi Wouricht, Solidaritéit, a Menschenfrëndlechkeett konkret geliewt huet:
JESUS CHRISTUS
Chrëscht kann een net eleng sin, duerfir ass et wichtig ze kucken wou mir äis
a Kiirch a Gesellschaft mat aaneren fir e gutt mënschlecht Zesummenliewen kënnen engagéieren.
Fir haut mat Jo op all déi Froen kënnen ze äntwerten hu mir äis während etlich Wochen, mat der Begleedung vun enger Reih erwuessene Chrëschten virbereed.
A Gruppenstonnen hun mir äis mat Liewens – a Glaawensfroen wéi och «-Kiirch sin» beschäftigt. An verschidden Atelieren kruten mir Kontakt mat Menschen, deenen hirt Liewen aneschter ausgesäit wéi eist.,
DLiewensgefor, déi engem an der Welt vun den Drogen ka begéinen, hu mir duerch en Betraffenen virun A gestallt krit,
Grad sou wéi durch een afrikanischen Frënd en Ableck an eng aner Kultur.
En weideren Kontakt haten mir och nach mat eelere Leit, am Foyer um «Gaard zu Holztem.
An engem Chocolat-Atelier hu mir erklärt kritt, wat fairen Handel as.
Vun dëser Plaaz aus e grousse Merci, un déi,déi dës Ateliers geleed hun.
Här Aerzbëschof, Mir sën bereet Jo ze soen. Mä mir wessen, datt mer Hëllef brauchen vun eisen Elteren a vill aner Chrëschten, a virun allem Hëllef vu Gott.
Dir sid bei äis komm fir äis dHand opzeleen an ddem Hergott sei Geescht, seng Léift a seng Kraaft op äis erof ze rufen.
Mir soen Iech Merci an zesumme mat Iech versammele mer äis elo em de Jesus dee gesoot huet: «do wou der 2 oder 3 a mengem Numm zesummekommen sën ech mëtten ennert hinnen.».
|
E Suivi vun der Firmung:
Wien bereet as op engem Week-end mat nozedenken iwert Froen vu Glaawen a Kiirch, soll sein Ziedel, deen hien no der Firmungsfeier kritt huet an Parsekretariat eraschëcken.
Parsekretariat 9, Haaptstrooss L 9360 Branenbourg Fax 90 81 32
|
|
Puer Leit hun sech well gemellt, losst sie net am Stach !
Firmung 19. November 2006 am Centre scolaire „Park Housen ëm 15:00 Auer
|
|
Zur Patenschaft vun eise Firmlingen, hun sech Leit aus eise Parréit beret erklärt des Aufgab ze iwwerhuelen.
Hei dNimm vun de Jugendlechen mat hiere Pätter a Giedelen
|
|
Baastenduerf
|
|
Henriette Heger-Clemen
|
Dostert
|
Tom
|
Bastendorf
|
|
Heger
|
Théo
|
Bastendorf
|
|
Muller
|
Cary
|
Bastendorf
|
|
Reis
|
Anne
|
Bastendorf
|
|
Ries
|
Luc
|
Bastendorf
|
|
Walch
|
Laura
|
Bastendorf
|
|
Roeder
|
Laurent
|
Tandel
|
|
Schumann
|
Catherine
|
Tandel
|
|
Weber
|
Dave
|
Tandel
|
|
Weber
|
Mike
|
Tandel
|
|
Duhr
|
Jérôme
|
Fouhren
|
|
Duhr
|
Marlène
|
Fouhren
|
|
Branebuerg
|
|
Mathilde Weiler-Schroeder
|
Almeida Goncalves
|
Jessica
|
Brandenbourg
|
|
Alves Freitas
|
Bruno
|
Brandenbourg
|
|
Blum
|
Janis
|
Brandenbourg
|
|
Jung
|
Sara
|
Brandenbourg
|
|
Marinho Duarte
|
Fréderico
|
Brandenbourg
|
|
Ohles
|
Isabelle
|
Brandenbourg
|
|
Rosselet
|
Kim
|
Brandenbourg
|
|
Storn
|
Diane
|
Landscheid
|
|
Eesbech
|
|
Helmut Paquet
|
Feldhauser
|
Jessica
|
Uebereisenbach
|
|
Gengler
|
Danielle
|
Obereisenbach
|
|
Kootz
|
Anna
|
Uebereisenbach
|
|
Schmit
|
Benjamin
|
Eisenbach
|
|
Houschent
|
|
Carlo Wagener
|
Bertemes
|
Michel
|
Hoscheid
|
|
Hoffmann
|
Ralph
|
Hoscheid
|
|
Krieg
|
Joe
|
Hoscheid
|
|
Legill
|
Sammy
|
Hoscheid
|
|
Marnach
|
Alice
|
Hoscheid
|
|
Schaeffer
|
Sam
|
Hoscheid
|
|
Schiltges
|
Joé
|
Hoscheid
|
|
Valetta
|
Nicolas
|
Hoscheid
|
|
Wagener
|
Véronique
|
Hoscheid
|
|
Koch
|
Alexandra
|
Hoscheid-Dickt
|
|
Marnach
|
Jenny
|
Hoscheid-Dickt
|
|
Stumpf
|
Sven
|
Hoscheid-Dickt
|
|
Wehles
|
Kevin
|
Hoscheid-Dickt
|
|
Konstem
|
|
Bertha Thilgen-Dumong
|
Degrand
|
Marc
|
Consthum
|
|
Lucas
|
Jill
|
Consthum
|
|
Machado Lopes
|
Vera
|
Consthum
|
|
Thelen
|
Pol
|
Consthum
|
|
Blom
|
Sara
|
Holzthum
|
|
Faber
|
Conny
|
Holzthum
|
|
Hebeler
|
Lexy
|
Holzthum
|
|
Housen
|
|
Margot Wagener-Reuter
|
Meisch
|
Daniel
|
Bockholtz
|
|
Wahl
|
Kevin
|
Bockholtz
|
|
Adames
|
Cory
|
Hosingen
|
|
Barré
|
Jeff
|
Hosingen
|
|
Ferreira da Silva
|
Stéphanie
|
Hosingen
|
|
Heintz
|
Lynn
|
Hosingen
|
|
Koob
|
Nora
|
Hosingen
|
|
Krings
|
Janina
|
Hosingen
|
|
Marnach
|
Lynn
|
Hosingen
|
|
Reding
|
Jennifer
|
Hosingen
|
|
Schaus
|
Romy
|
Hosingen
|
|
Steffen
|
Jenny
|
Hosingen
|
|
Wagener
|
Isabelle
|
Hosingen
|
|
Heinen
|
Véronique
|
Neidhausen
|
|
Mierschent
|
|
Romaine Kalmes-Stephany
|
Feyenklassen
|
Anne
|
Gralingen
|
|
Feyerklassen
|
Lis
|
Gralingen
|
|
Mollitor
|
Frank
|
Gralingen
|
|
Schirtz
|
Romain
|
Gralingen
|
|
Schirtz
|
Monique
|
Gralingen
|
|
Schirtz
|
Mandy
|
Gralingen
|
|
Martzen
|
Christophe
|
Merscheid
|
|
Mutsch
|
Jessica
|
Nachtmanderscheid
|
|
Lipperts
|
Catherine
|
Weiler
|
|
Patz
|
Lisa
|
Weiler
|
|
Schartz
|
Tarek
|
Weiler
|
|
Schaul
|
Shalin
|
Weiler
|
|
Schaul
|
Sally
|
Weiler
|
|
Schiltges
|
Anne
|
Weiler
|
|
Mechela
|
|
Alice Winandy-Kremer
|
Frederes
|
Nëckel
|
Flebour
|
|
Steffen
|
Mandy
|
Flébour
|
|
François
|
Eric
|
Lipperscheid
|
|
Schintgen
|
Saphira
|
Lipperscheid
|
|
Bartholomey
|
Kim
|
Michelau
|
|
Heiderscheid
|
Max
|
Michelau
|
|
Rach
|
Stéphanie
|
Michelau
|
|
Wagner
|
Cathy
|
Michelau
|
|
Wagner
|
Lori
|
Michelau
|
|
Rouderssen
|
|
Yvonne Majerus-Kalmus
|
Jung
|
Marc
|
Rodershausen
|
|
Jung
|
Metty
|
Rodershausen
|
|
Schlënnermanescht
|
|
Vic Bodson
|
Meyers
|
Pierrot
|
Schlindermander.
|
|
Reuter
|
Anne
|
Schlindermander.
|
|
Wuelessen
|
|
Carole Dimmer
|
Baustert
|
Steve
|
Wahlhausen
|
|
Engeldinger
|
Maurice
|
Wahlhausen
|
|
Reiffers
|
Carole
|
Wahlhausen
|
|
Tan
|
Selma
|
Wahlhausen
|
|
Zirves
|
Michèle
|
Wahlhausen
|
Houschent, am März 2006
Léif Jongen a Medercher,
Dir huet op eisen Opruf geäntwert an iech fir dSakrament vun der Firmung gemeld. Elo gëtt ët héisch Zäit fir mat der
Virberedung unzefänken. Dir sid zu 95. dat sën der vill, an dofir hu mer äis fir eng Form vu Virberedung entsched déi anescht as wéi déi vun de Joren virdrun.
Emol am Mount ( mat Ausnam vun August) komme mer alleguer fir 2 bis 3 Stonnen am Centre Culturel zu Housen zesummen.
3 Stonnen vun engem ganze Mount, dat as bestëmmt nët ze vill verlaangt wann een d'Firmung eescht wëllt huelen. Mir kënne nët jidereen vun iech froen, wéini en dann am bäschten Zäit hätt. Mir musse scho selwer den Datum an
Zäit vun de Versammlungen festleen. A fir de Räscht musst dir Iech arrangéiren. Mir halen drop, datt der bei all Rendez-vous derbei sid a nët mat bëllegen Entschëllegunge kommt. Dat wäerd dir och verston, an iwwrigens
verlaangt der och vun äis, datt mir Zäit fir iech hun.
Mir man eist Bäscht, datt déi Stonnen, déi mir zesumme verbrengen, agreabel an interessant gin, datt se iech an äis Freed a Satisfactioun brengen.
Eent steet fest: Ouni äre gudde Wellen, ouni ärt Matschaffen an är gudd Laun, ouni eng gewëssen Disziplin leeft nët vill.
Am Geescht vu Frëndschaft wëlle mer mat iech duurch dës Zäit vun der Virberedung goen.
1. Rendez-vous as en Donneschdeg, den 06. Abrëll 2006 vun 15:30 – 18:30 Auer
Matbrengen:
- Schnellheft,
- DIN A4 Blieder,
- är Schachtel,
- Schéier,
- Pritt.
Déi 2. Versammlung as virgesin fir den 09. Mee 2006 an déi 3. Versammlung fir den 13. Juni 2006.
Loosst mer mat Fred unt Arbecht gon!
I.M.
Berners Margot, Dimmer Carole, Kaes Marianne, Majerus Yvonne, Morn Isy, Poos Jean, Schannel Fél
Firmung, den 19. November 2006 ëm 15:00 Auer
Léif Medercher a Jongen,
viru Joren sid där gedeeft gin, där huet är éischt helleg Kommunioun gefeiert. Elo as ët Zäit fir un dFirmung ze denken a wien vun iech wëllt, kann do derbei sën.
Mat deem néidegen Eescht wëlle mer ais all, dir, är Elteren an all déi bei der Virbredong derbei sën, op den Ëmfank vun der Firmung virbreden.
Op Wonsch vun ären Elteren sid där gedeeft gin. An der Daf huet Jesus Christus iech als seng Schwesteren a Bridder ugeholl, dir drot säi Numm, sid Chrëschten. Fir de Jesus bleiwt dir dat fir ëmmer. A vun äis déi mier säi Wee
mat him gin, de Wee vun der Mënschefrëndlechkeet an der Léift, de Wee, dee wéi keen aneren, eisem Liewen Déift a Sënn gët.
Sech opt Säit vum Jesus stellen, dat as an eiser Gesellschaft nët ëmmer sou liicht.Vleicht huet där dat schon erliewt.
No enger Predigt vum Jesus sën déi vill Leit, déi him voller Begeschterung nogelaf waren, all hirer Wee gang. An de Jesus huet seng bëschte Frënn gefrot: „ Wëllt dir och goen? Mir gin mat dir a soss kengem.
Frëndschaft kann een nët erzwengen.
An de Jesus as den éischten deen eis Fräiheet respektéiert.
Léif Jongen a Medercher,
och dir sid fräi fir ze entscheden ob der gefirmt wëllt gin oder nët, oder ob der eventuel nach e puer Joer waarde wëllt. Är Entschedong muss jidereen respektéieren.
Am Sakrament vun der Firmung weißt de Jesus äis nach emol wéi grouss seng Suerg ëm äis , seng Léift fir äis as, an e schenkt ais säi Geescht, de Geescht deen äis Kraaft a Courage matdeelt fir op sengem Wee virunzegoen.
Wat „Chrëschtsën bedeit, doriwwer wäerte mier äis an der Virberedongszäit méi intensiv beschäftigen.
Mat dësem Bréif un iech geet ët drëms fir iech ze froen, ob der bereet sid dës Virberedung an allem Eescht an och mat der néideger Freed matzeman.
Léift Meedchen, léiwe Jong,
Wa jo, da fëll dësen Ziedel aus a scheck oder fax en sou bal wéi méiglech, spéitstens bis den 28. Februar 2006 an dParsekretariat eran.
Mir freen eis op deng éierlech Aentwert a schecken dir schéin Gréiss.
Firmung Umeldung 2006
|