Logo17502
Home
Gottesdéngschter
Agenda
Aktuelles
Besennlisches
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
Links ... a rechts
Impressum
NicO03
Jugendpastorale
[Home] [Jugendpastorale]
[Firmung 2010] [Firmung 2008] [Firmung 2006] [Firmung 2005] [Ateliers 2004] [Jugenddag 2006] [www.worldwidewwilli]

Jugendgrupp “ma gewöss”

Ee ganz decke Merci wëll ech “menger” Jugend soen. Merci jiddwerengem, deen an all deene Joren derbäi war, a mech op iergend eng Manéier ënnerstëtzt huet. Merci fir äert Vertrauen an déi vill schéi Stonnen , déi mir matenee verbrénge konnten. Mä op dëser Plaz heescht et Äddi soen, d’Bomi huet aner Aufgaben iwwerholl!

Jugendarbecht ass eng wichteg a flott Aufgab, mä ech hunn nach ëmmer kee fonnt, deen déi Charge iwwerhëlt.

Duerfir mäin Appel un Iech all. Ween Zäit a Loscht huet, sech bei der Jugend ze engagéieren, dee soll sech please beim Här Poos oder beim Här Morn mellen.

Annette Weis

Un d’Jugend

Moien!

Et wor erëm un der Zäit fir eng Newsletter!

Merci all deenen, déi sech um Pélé bedeelegt hunn. Ronn 1.100 Euro si beim Affer fir de Bangladesh erakomm.

Nom Pélé des Jeunes ass dat nächst grousst diözesant Evénement de JMJ Camp zu Schengen. Fir de Camp ass et nach ëmmer méiglech sech unzemellen. Dir dierft also gäeren nach Reklamm maachen.

Als Virbereedung op d'JMJ sinn an der Regioun Lëtzebuerg 3 Massen bei "... my Church" virgesinn:

de 26. Abrëll, de 24. Mee an de 14. Juni 2008.

"Pimp my Church":

et geet weider mat Jugendmassen, Fréischichten, Taizé-Gebieder a Kino an der Kierch. De geneeë Programm fannt Dir op der Homepage.

"... my Church":

all Samschdeg ass Mass an all Donneschdeg ofwiesselnd Taizé-Gebiet, Filmowend oder musikalesche Workshop. Kuckt Iech einfach de Programm op der Homepage un.

Wee sech fir Taizé interesséiert: dat nächst Taizé-Treffen ass vum 29. Dezember 2008 bis den 02. Januar 2009 zu Bréissel. De Programm vun den Taizé-Gebieder fannt Dir ënnert der Rubrik "Taizé".

Merci fir Ären Interessi a schéi Gréiss,

d'Team vum Centre de Pastorale des Jeunes
 

JMJ 2008

déi wichtegst Informatiounen op ee Bléck

Thema: “Ihr werdet die Kraft des Heiligen Geistes empfangen, der auf euch herabkommen wird; und ihr werdet meine Zeugen sein!" Apg 1,8

Déi nächst JMJ ass zu Sydney an Australien. Dat läit fir déi Jonk aus Lëtzebuerg net ganz esou gënschteg wéi Köln: et ass obwänneg esouwuel vun der Zäit ewéi och vum Präis hir.

De "Centre de Pastorale des Jeunes" bidd dofir zwou Aktivitéiten un, fir un der JMJ deelzehuelen.

1. Camp JMJ an der Gemeng Schengen

Wat?

Zesumme mat den Diözesen Léck an Tréier organiséiere mer vum 14. bis den 20. Juli e Camp. Um Programm stinn d'Begéignung an den Austausch mat anere Jonken an d'Beschäftegung mam Thema vun der JMJ. Doriwwer eraus gi wichteg Momenter vum Programm zu Sydney "en direct" materliewt.

Wou?

De Camp ass zu Remerschen an der neier Jugendherberg. Doriwwer eraus gëtt et och Logementer a Gaaschtfamiljen (an der Emgéigend an "iwwer d'Grenz").

Fir ween?

Matmaache kënnen 220 Jonker tëscht 16 an 30 Joer aus den Diözesen Lëtzebuerg, Tréier a Léck. De ganze Programm wäert zweesproocheg sinn (däitsch/franzéisch).

Präis

D'Participatioun um Camp wäert ronn 100 Euro kaschten. Alles inklusiv!

 

 

wjt_logo_web_150x200_de

JMJ – Weltjugendtag Du brauchs Info

10. - 15. August 2005: 700 Jugendliche aus Frankreich, Italien, Japan und aus Libanon kommen nach Luxemburg und finden in Gastfamilien ein Zuhause. Gemeinsam mit ihnen kannst du:

  • eine interkulturelle Begegnung erleben und Kontakte knüpfen
  • den gemeinsamen Glauben in Gottesdiensten und Gebeten feiern
  • an einem vielfältigen Programm in Clerf, Esch/Alzette und Luxemburg-Stadt mit kulturellen, religiös-spirituellen, sportlichen und sozialen Workshops, teilnehmen.

Beim Weltjugendtag in Köln 15. – 21. August 2005

Von Echternach aus machen sich unsere Gäste zusammen mit Dir und anderen Jugendlichen aus Luxemburg auf nach Köln

Montag, 15. August “Cérémonie d’envoi” in Echternach

      Fahrt nach Köln

      Aufteilung in Gruppenunterkünfte

Dienstag, 16. August Geistliches Zentrum

      “Culture in the City”

      Eröffnungsgottesdienst

      Welcome-Festival

Mittwoch, 17. August - Freitag, 19. August

      Morgens: Zweisprachige Katechjese und Diskussionsrunde, geleitet von Bischöfen aus Lüttich, Luxemburg, Metz, Nancy, Trier, Troyes und Verdun

      Nachmittags und abends: Internationales Jugendfestival in Köln, Bonn und Düsseldorf

Samstag, 20 August: Konzert

      Nachtgebet mit dem Papst

      Übernachtung unter freiem Himmel

Sonntag, 21. August: Abschlussgottesdienst mit dem Papst

      Rückreise nach Luxemburg

Sou hues du lo Loscht fir matzegoen dann meld dech sou séier wéi méiglech un beim Annette a Lucien ' 26 80 09 85 oder Parsekretariat ' 99 00 57 ajo, de Präis vun dem ganzen 225 € Rees op Köln, schlofen, Iessen etc. + 10 € fir Ticket für öffentlichen Nahverkehr

 

Journées Mondiales de la Jeunesse 2005

JMJ 2005 ? Wéi ? Wou a wat ?

Si Dir och bereet ?

Si Dir prett? Eng Fro, déi och mir eis heiuewen am Eislëck wëlle stellen. Bereet, mee firwat? Dës Fro an Zesummenhang mat de Weltjugenddeeg huet de Jesuitepater Jean-Claude Hollerich vun Tokio eis dëser Deeg mat vill Engagement per Telefon gestallt. Hien ass nämlech a sengem Land, als Delegéierte vun der japanescher Bëschofskonferenz am Moment dermat beschäftigt, eng Reih vu jonke Japaner op d'Weltjugendtreffen mam Poopst zu Köln am Summer 2005 ze preparéieren. Mat ronn 200 jonke Japaner wëllt hie sëch vum 10. bis de 15.August hei zu Lëtzebuerg bei äis afannen, fir mat eiser Diözes di gemeinsam Viirbereedung op d'JMJ = Journées Mondiales de la Jeunesse ze erliewen.

Niewt dëse japanesche Frënn kommen dann nach 700 aner Jugendlech aus deene verschiddenste Länner vun der Welt op Lëtzebuerg.
Si froen dobäi eisen Accueil an eis Offenheet, si wëllen eis Kiirch e Stéck kenneléieren a froen no eiser Kultur an hire Schéinheeten.
Fir eng optimal Organisatioun ze garantéieren, siche mir als Regioun am Virfeld vun dësem groussen internationalen Treffen elo schons eng Reih Gaaschtfamiljen.

Ënnert dem Motto " Gäste sollen ein Segen sein ", huet den Här Erzbëschof äis jo och dës Deeg mat sengem Bréif heizu encouragéiert.
Wien also vum 10. bis de 15. August 2005 seng Diiren fir een oder 2 Jonker wëllt opmaachen, ka sëch einfach am Parsekretariat melden. Wat kënnt do konkret op een duer ? Di Jonk brauchen eng Schloofgeléenheet, kréie Moijes Kaffi a sin dann am Prinzip de ganzen Dag ënnerwee. Doderniewt as ët fir äis eng Chance, jonk Chrëschten aus anere Länner kennenzeléieren a si mat der lëtzebuerger Jugend a Verbindung ze brëngen.

"Lëtzebuerg mëcht mat", dat as am neie pastorale Jor 2004/2005 hei zu Lëtzebuerg ëmmer nees de Motto. Vleicht leit ët u jidderengem, fir sech e Stëck anzeklicken, sief ët finanziell (duerch een Don op de Konto vun der Jugendpastoral CCPL/IBAN LU34 1111 2164 2720 0000, materiell (duerch är Gaaschtfrëndschaft) oder och spirituell (einfach duerch ärt Gebied). Wien als Gaaschtfamill wëllt ageschriwe gin, soll dësen Ziedel ausfëllen an esou séier wi méiglech un d'Parsekretariat zerëckschëcken:

Parverband Housen-Houschent
9, Haaptstrooss
L 9360 Brandenbourg,

Merci, elo schons fir är Bereetschaft, wann ët heescht:

JMJ 2005 hei am Eislëck um Wee fir op Köln.

Renée Schmit, Pastoralassistentin Regioun Norden
Carole Dimmer, Sekretärin Parverband Housen-Houschent.
 

Mir/Ech

 

Strooss

 

Uertschaft

 

 

Telefon

 

E-Mail

 

si bereet, 1-2 Jonker vum 10. bis de 15. August 2005 an eisem Haus opzehuelen.

Komm maach mat
Den Advent fir Jugendlecher a jonk Leit
 

Jugendmass

Sonndes, den 28. November ass um 18:00 Auer Jugendmass zu Housen.

D’Jugend vun de “Sänger aus dem Stëllen Dall” vu Roudersen sëngt Gospellidder.

Am Kader vun der „Graffiti Ausstellung zu den 10.Geboter“

Graffiti Ausstellung an der Kiirch vun Housen Donneschdeg 26. November bis Méindes den 29. November 2004