Iechternaach
www WorldWideWilli
Jugenddag Iechternaach 04. November 2006
Mir lueden iech an fir de Willi(brord) kennenzeléieren. Mir hunn en Dag organiséiert wou de Willibrord eng zentral Roll spillt.
Et ass awer och dGeleeënheet fir neie Leit ze begéinen, mol e puer Saachen auszeprobéiren zu denen ee soss net kënnt a virun allem einfach mol ganz relax Spaass ze hunn.
Sou gesäit eise Programm aus:
Em 15 Auer geet et un mat Kaffi a Kuch - an der spezieller Atmosphär vum Kräizgang vun der Iechternacher Basilika.
No engem Besuch beim Willibrord erwaarden Iech munch Atelieren: et gëtt freestyle gedanzt, Futtball gespillt, gesongen, New Games ausprobéiert, Spontantheater inszenéiert. Kreativ Käpp kënnen sech mat verschiddene Materien austoben a
kritesch Geeschter kënnen emol ongenéiert iwwer alles diskutéiren wat si un der Kierch an um Glaf nervt. Eis Band "Rock Souls" suergt owes an engem Jugendgottesdéngscht fir eng gutt Stëmmung.
Vun 21.30 Auer un ka jiddereen sech nach emol richteg austoben wann den DJ XY lassleet. Invitéiert sinn all Jonker vu 15 Joer un.
De ganzen Dag inklusiv Iessen kascht 13 Euro (d'Gedrénks während der Party ass net abegraff).
Umeldung bis den 27. Oktober 2006 per Mail ( daniela@jugendpastoral.org ; jutta@jugendpastoral.org ) oder SMS un: 64111 (schreiw w.e.g als éischt "jeunes", dann en Espace, duerno däi Numm an deng Adress. Du kriss vun eis
eng Äntwërt)
Ween et léiwer méi "klassesch" huet: Jugendpastoral Osten, Daniela Steil, 12, Porte Saint Willibrord, L-6486 Echternach, Tél.: 26 72 08 90
Ween an den Atelieren wëll Futtball spillen oder danzen, soll geegent Kleder dofir matbrengen.
|