E puer Wuert zur Kannerpastoral
Aufgab vun der Kannerpastoral ass et, niewt dem Elterenhaus an dem Religiounsunterricht, dKanner op hirem Glawenswee ze begleeden.
An eise sougenannten Kannermassen, wat eigentlech Familljemassen senn, sollen dKanner Gemeinschaft ennerteneen an Gemeinschaft mam Jesus erliewen.
Mir als Equipe Kannerpastoral Housen-Houschent probéieren de Kanner dem Jesus sengt Liewen a seng Wierder méi no ze brengen an dBedeitung vun den chrëstlechen Symboler ( Brout a Wäin, d Kräiz, dOuschterkäerz, dWasser, ….
) ze erklären. Eemol am Jor schwätzen mir och an enger Mass iwert een Hellegen a kucken wéi hien fir eis engt Virbild kann senn.
Nodeems mir Thema vun der Mass erausgesicht hun bereeden mir dMass zesummen vir.
DKannermassen senn e bësschen aanescht ewéi dSonndesmass; amplaz vun der Lesung lauschteren mir ganz dachs eng Geschicht a Relatioun mam Thema. Wichteg ass et, dat dKanner deen een oder aanere Gedanken mat heem huelen an flott ass
et, wann dann doheem an der Famill nach doriwer geschwat get. DKannermassen sollen lieweg senn a vun de Kanner matgestalt ginn. DKanner duerfen zum Thema eppes soen, sie spillen heiansdo engt klengt Szenespill, sie maachen dFürbitten
an och mol kleng Gebieder. DMass get vun de Kanner gesongen an ech wëll vun der Geléigenheet profitéieren fir am Numm vun der ganzer Equipe alle Kanner merci ze soen déi matsangen an esou dMass verschéineren.
E grousse Merci un dJoffer Viviane Coremans an de Schoulmeeschter Ronny Mergen. Sie sichen dLidder eraus, déi bei Thema vun der Mass passen an prouwen mat vill Geschéck an Engagement mat de Kanner dLidder fir dKannermassen an
dEischtkommuniounsmass.
Merci och dem Christiane Heinen an dem Armand Serres a jiddferengem deen mathelleft.
Niewt de Kannermassen bieden mir och mat de Kanner den Kräizwee op Karfreideg (dest Jor zu Houschent ëm 15:00 Auer) an de Rousekranz am Rousekranzmount.
Och an der Oktavzäit wëlle mir dest Jor ëppes mat de Kanner maachen – mir senn nach am Plangen.
Am Moment senn mir zu 11 an der Equipe Kannerpastoral Housen-Houschent:
- Berners-Heinen Margot, Wäiswampech
- Couturier Romy, Wuelëssen
- Dimmer Carole, Wuelëssen
- Gales-Wagner Agnes, Houschent
- Hermes-Fernandes Mila, Housen
- Kaes-Wagener Marie-Anne, Houschterdéckt
- Lucas-Wagener Edmée, Houschent
- Mollitor-Trausch Bernadette, Grooljen
- Schiltges-Schiltz Marie-Louise, Houschent
- Schmitz-Schmitz Melanie, Housen
- Wagener-Schroeder Nicole, Houschent
Wien och an eiser Equipe matschaffen wëllt ass häerzlech wëllkomm a kann sech um Tel: 26 95 90 02 mellen.
Bernadette

|