DKannerbréck
Material: 2 breite, blaue Stoffbahnen als Fluss; mit Sand gefüllte Tüten als Steine; Sonne aus Karton, Bilder mit Ente, Schwan, Apfelbaum)
(In der Mitte liegt eine blaue Stoffbahn, die den Fluss darstellt.)
Un engem Floss hunn zwee Baueren gewunnt. Deen een op der lénker Säit vum Waasser, deen aneren op der rechter Säit . Op dem Waasser sin Inten an Schwanen geschwomm.
Si waren frou, datt dSonn moies op, an owes ënnergong.
DInten an dSchwanen sinn moies op der lénker Säit vum Floss an der Sonn geschwomm an owes op der rechtser Säit, well dSonn am Dag ëmmer virun gerëckelt ass. Déi zwee Baueren awer,déi beim Waasser gewunnt hunn, waren neidig een op
deen aneren. Deen een hätt léiwer op der rechtser Säit, deen aneren léiwer op der lénker Säit vum Waasser gewunnt.
Wann si moies gepléicht hunn, war deen een Bauer roosen, well dem Noper sengt Feld an der Sonn louch, mee sengt eegent am Schied. An wann si owes Holz gehaën hunn, war deen aneren roosen, well dem Noper sengt Haus an der Sonn
louch, mee sengt eegent am Schied.
Och den Baueren hir Fraën waren onzefridden: déi eng moies, déi aner owes. Eng Kéier moies, wéi déi zwou Fraën dWäsch opgehaang hunn, huet déi eng, déi um rechtsen Ufer gewunnt huet, der anerer, déi um lénksen Ufer gewunnt huet,
engt ellend Wuert zugejaut. Owes, wéi si allen zwou rëm dWäsch ran geholl hunn, dunn huet déi Fra, déi op der rechter Säit gewunnt huet, grad sou engt ellend Wuert zu der Frau op der lénker Säit zréckgeruff.
Dat hunn sech dMänner nët gefalen gelooss. Si hunn grouss Steng gesammelt an probéiert een deen aneren domatt ze treffen.
Mee den Floss war sou breet, datt dSteng nët op der aanerer Säit ukoumen an an dWaasser gefall sinn. Nëmmen mëttes, wann dSonn héisch um Himmel stong, war Rou an Fridden. Well dann war et sou warem, datt dDéieren an den Scheet
gaangen sinn, an dBaueren mat hiren Fraën sech ënnert een äppelbam geluecht hun.
Déi eng op der rechter Säit, déi aner op der lénker Säit. Alles war rouig. Et huet een nëmmen dSchnarchen vun den Männer héieren.
Den Baueren hir Kanner soutzen beim Waasser sech ze langweilen. (Puppen: Junge,Mädchen) Op der rechter Säit soutz dMeedchen an huet iwwert dWaasser op déi aner Säit gekuckt. Op der lénker Säit soutz den Jong an huet op déi
rechts Säit gekuckt. Wann ech dach nëmmen eng Int wir; huet dMeedchen geduecht. Wann ech dach nëmmen een Schwan wir; huet den Jong geduecht.
Well dSonn sou warem geschenkt huet, ass dWaasser am Floss all Dag e Stéck méi nidderig ginn. An enges Dags hun sou vill déck Steng aus dem Waasser rausgeluust, datt dKanner driwwer sprangen konnten. An der Mëtt hunn déi zwee sech
begéint.
Si hunn sech laang bekuckt an waren frou, datt si Kanner waren: dat engt e Jong, dat anert e Meedchen.
Si hunn sech op e groussen Stehen gesat an den Inten an Schwanen nogekuckt. An dunn hunn si ugefang sëch Geschichten ze erzielen. Geschichten vun der lénker Säit vum Floss an Geschichten vun der rechter Säit vum
Waasser. DMeedchen an den Jong hunn sech sou gudd verstan, datt si sech all Mëttig an der Mëtt vum Floss getraff hunn an sech Geschichten erzielt hunn.
Hir Elteren hunn sech gewonnert, wouher hir Kanner op emol Saachen woussten, vun deenen si selwer nach ni héieren haten. Mee enges Dags , no engem groussen Reen, hunn dKanner opgehal hir Geschichten ze erzielen.
Si hunn opgehaal ze sangen an ze laachen. Well hir Kannerbréck war am Floss verschwonnen, well nom Reen souvill Waasser an den Floss gelaaf koum.
Dunn hunn dElteren endlich rausfond, wat hir Kanner an der Mëttesstonn ëmmer gemaach hunn. An dElteren hunn ugefong nozedenken. Wéi si lang genug nogeduecht haten, hunn si decidéiert, zesummen mat hiren Kanner, mat den Steng
déi laanscht Waasser louchen, eng Bréck ze bauen. Et gouf eng schéin Bréck, iwwert däer dSonn um Himmel gestrahlt huet.
(Kinder bauen mit Schuhschachteln eine Brücke über den Fluss.)
!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!
|