Kannersegnung 2004
An der Mëtt stinn e Kräiz an dOusterkäerz
Ufankslidd:
Komm bei eis, o Här3 Strophen
Begréissung
duurch den Paschtouer
Kräizzeechen
Den Här Paschtouer huet iech, léif Kanner an äer Famill, wëlkomm geheescht. Mir wëllen lo och Gott hei an sengem Haus begréissen. Dofir gët et engt Zeechen: dKräizzeechen. Dat ass sou, wéi wann mir dem Härgott seng
Telefonnummer dréinen. Déi Erwuessen, déi iech begleeden, kënnen iech hëllefen, andeems si mat äerer Hand dKräizzeechen maachen: Am Numm vum Papp, vum Jong an vum Hellëgen Geescht. Amen. Dat heescht: Gott huet dech gäer,
vun uewen bis ënnen an vun allen Säiten.
Mir wëllen lo engt klengt Gebied un Gott riichten. Dofir falen mir dHänn. Mir kucken op dKräiz. Ech soën e Satz vir, an dir sot en no:
Gudden Papp am Himmel, ech sinn frou, well du hues mech gäer. Ech sinn niimools ganz aleng, Du bleiws ëmmer bei mir. Amen.
Loossen mir Gott lo Merci soën, datt hien an eiser Mëtt ass. Mir maachen dat mat engem klengen Lidd.
Lidd:
Hallelu, Hallelu 2x
Hiféierung zum Evangelium
Dir sidd haut nët fir déischten Kéier an der Kiirch op Besuch. Wéi dir ganz kleng waart, hunn äeren Papp an Mamm, Bomi a Bopi, Pätter a Gued iech heihinner bruecht, fir gedeeft ze ginn , dat heescht fir an dFamill vum Jesus sengen
Frënn opgeholl zeginn.
Wéi den Jesus e klengen Puppelchen war, sinn säin Papp an seng Mamm och mat him an dKiirch gaangen fir Gott Merci ze soën fir hirt Kand.
Den Här Paschtouer liest iech lo vir, wéi dat beim Jesus war. DGeschicht déi eis dat erzielt, steet an der Bibel, dem Buch wou alles iwwert Gott an den Jesus opgeschriwwen ass.
Evangelischen Text
nom Lk 2,22-38
Wéi den Jesus 6 Wochen al war, sinn dMaria an den Jousef mat him op Jerusalem an den Tempel gaang.
Si waren ganz frou mat hirem Puppelchen an hunn dem Härgott derfir Merci gesoot:
„Gudden Gott, mir soën dir Merci, dass du eis dëst Kand geschenkt hues. Mir sinn ganz frou. Hëllef eis, datt mir den Jesus zu engem gudden Mënsch erzéihen. Amen Am Haus vun Gott hunn all Dag zwee ganz aal Leit gebied. Den
Mann huet Simeon geheescht. DFrau war dHanna. Si hunn drop gewaard, datt e Mënsch si retten kéim an hinnen den Wee bei Gott weisen géif. Wéi si dMaria an den Jousef mat dem klengen Jesus gesinn hunn, sinn si ganz frou
ginn. Den Simeon huet den klengen Jong op säin Arem geholl an gesoot: „Haut ass dGléck bei mech komm. Lo kann ech rouig stierwen. Den Simeon huet gespuert, datt den Jesus e ganz besonnischen Mënsch war. Hien huet den Jesus
an seng Elteren geseent an gesoot: „ Dëst Kand ass wéi e Liicht, dat an déi ganz Welt ranliichten wäerd. Et ass e Liicht fir all Mënschen!
Déi al Fra Hanna huet allen Mënschen vum Jesus erzielt. DMaria an den Jousef hunn gestaunt iwwert dat, wat iwwert den Jeus gesoot gouf.
Loossen mir lo nach eng Kéier e Lidd sangen, fir dem Härgott Merci ze soën fir säin Kand, den Jesus, deen hien an eis Welt geschéckt huet, fir eis Freed ze brengen.
Lidd:
Wir singen alle Hallelu – 3 Strophen
Iwwerleedung zur Geschicht
Léif Kanner
Mir hunn lo héieren, datt den Jesus an eis Welt kommen ass, wéi e Liicht, dat eist Liewen hell mëcht. Wann mir all léif mateneen sinn, sou wéi den Jesus eis et virgemaach huet, dann ass et och flott op der Welt. Mee mir sinn
nët ëmmer fein een mat deem aneren, an dann geet et sou, wéi an eiser Geschicht, déi ech iech lo erzielen.
Kateches
Mir hunn lo zesummen eng Bréck gebaut. Dat war flott. Wat ass dann sou schéin un enger Bréck. (déi ass grouss, do kann een driwwer goën, et kënnt een vun enger Säit op déi aner…)
Dir wëst nach wéi et war, wéi keng Bréck do war. Wéi hun dSusi an den Pit an hir Elteren dunn geliewt? (si haten Sträit, si woussten nët wat op der anerer Säit vum Waasser wir…)
Wat huet dann mussen geschéien, fir datt dSusi an seng Elteren bei den Pit an seng Elteren konnten goën? (si hunn eng Bréck mussen bauen, si hun missen iwwert Steng goën, si hunn mussen ophaalen mat streiden)
Ganz richtig. DSusi an den Pit sinn e puer Schrëtt vun all Säit méi no komm, bis si sech an der Mëtt getraff hunn. Dunn konnten si Frënn ginn.
Mir wëllen lo engt klengt Liddchen lauschteren, dat erzielt wéi flott et ass, wann et eng Bréck gët, déi een zesummenbréngt.
Lidd op CD
„Ich will eine Brücke bauen 5 Strophen
Fürbitten
Paschtouer:
Den Jesus huet eis virgeliewt, wéi mir eis Matmënschen kënnen gären hunn. Loossen mir lo zu him bieden:
Jesus, vill Kanner an Erwuessener streiden mateneen. Hëllef du hinnen opzehaalen mat dem Sträit. Christus, héier eis.
Jesus, vill Kanner an Erwuessener hunn keng Zäit fir mateneen ze schwätzen. Hëllef du hinnen, datt een deem aneren seet wat wichtig ass. Christus, héier eis.
Jesus, vill Kanner an Erwuessener mussen an Krisch an Armutt liewen. Schéck du hinnen Mënschen, déi hëllefen. Christus, héier eis.
Jesus, vill Kanner an Erwuessener sinn traurig. Schéck du hinnen Ménschen, déi si rëm frou maachen. Christus, héier eis.
Paschtouer:
Mir soën dir Merci ,Jesus, fir deng Hëllef. Mir wëssen, dass du bei eis bass, wann mir Brécken bauen vun Mënsch zu Mënsch. Amen. Vater unser Mir wëllen lo zesummen nach eng Kéier bieden. Mir maachen dat matt dem Gebied, dat
den Jesus eis selwer geléiert huet:
Vater unser im Himmel…
Kannersegnung
(All Kand kënnt bei den Paschtouer oder gët no vir gedroën a kritt e Kräizzeechen op dStiir gemaach.)
Schlussgebied
An dëser klenger Feier hunn mir vum Jesus héieren an wéi wichtig et ass, fir Brécken ze bauen vun Mënsch zu Mënsch. DKanner hunn den besonnischen Schutz vun Gott erfuer, wéi si geseent goufen. Lo kënnen mir voll Freed rëm zréck
an eis Familjen goën. Dozou soll eis den gudden Papp am Himmel seenen: Am Numm vum Papp, vum Jong an vum Hellegen Geescht. Amen.
Äert mir auseneen ginn, kréien dKanner nach eng kleng Erënnerung un dës Feier ausgedeelt. Et ass engt Mol-Bild, wou zwee Kanner sech op enger Bréck begéinen, sou wéi dSusi an den Pit an eiser Geschicht. Well et sech mat eidelem
Mo sou schlecht faarwig molen léisst, kritt dir nach all engt Stéck Kuch.
Ausdeelen vun Erënnerungsbild a Kuch
|