Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Kannerpastorale
[Home] [Kannerpastorale]
[Kannersegnung 2004] [Kannerpastorale 2004]

 

Neies aus der Equipe Kannerpastoral
Porverband Housen-Houschent

Mam Ufank vum neie Kiirchejoer huet dElvire Bolmergoldschmit vu Mierschent dLeedung vun der Kannerpastoral Housen-Houschent iwwerholl. DElvire ass elo schonn e puer Joer dobäi – an dat mat Engagement, Freed a Begeesterung. Am Numm vun der ganzer Equipe wënschen ech dem Elvire vill Spaass a Freed bei senger neier Aufgab.

Als Porgemeinschaft droe mir all zesummen dVerantwortung eise Glawen virun ze ginn, besonnesch un eis Kanner.

DEquipe Kannerpastoral, dat sënn eng Dose Mammen a Pappen aus eisem Porverband, déi sech asetzen, dass d´Kanner dem Jesus  säi Liewen a Wiirken besser kenneléieren. Eis Kanner sollen am Jesus e gudde Frënd gesinn, deem si hir schéin Erliefnisser, awer och hir Suergen, duerfen uvertrauen. Si sollen erfueren: och ech sënn een Deel vun der Welt déi den Härgott geschaf huet, ech ginn esou ugeholl ewéí ech sënn an den Härgott freet sech dass ech do sënn.

Mir kommen e puer Mol am Joer zesummen fir Massen kannergerecht virzebereeden. D´Kanner gi mat  agebonnen a solle wëssen:  Och als Kand hunn  ech meng Plaz  an der Kiirch.

Hei een Iwwerbléck vun eise Feieren mat a fir d Kanner:

  • Familljemass mat Krëppespill op Helleg Owend
  • Mass zum Kannermissiounssonndeg
  • Kannerkräizwee op Karfreideg
  • Eischtkommuniounfeier (Kommuniounskäerz gestalten, Dag vum Broutbaken)
  • Kannerseegnung fir déi Kleng vu 0-6 Joer op Liichtmëssdag oder an der Oktavzäit
  • Muttergottesandacht
  • Rousekranzgebiet mat de Kanner
  • Kannermassen (Fastenzäit, Schoulofschloss oder Schoulufank,
    Mass zu Éieren vun engem Hellegen, asw.)

Ech sënn dankbar dass ech op dKannerpastoral ugeschwat gouf. Déi 10 Joer wou ech elo an der Equipe matschaffen ware flott an ech denken, dass der och nach e puer dobäi kommen. Fir mech perséinlech war (an ass) et eng gutt a schéin Erfahrung, déi mir och erlaabt mech méi mat mengem Glawen auserneen ze setzen.

Wien um Matschaffen an der Equipe Kannerpastoral HousenHouschent interesséiert ass, soll net zécken a sech beim Elvire um Telefon 90 90 49 mellen. Et lount sech!

Bernadette Mollitor-Trausch

  E  puer Gedanken zum Advent

Kerzen

Déi éischt Käerz brennt,
et ass Advent.
Maria dréit ee Kand bei sech,
ech waarden drop a frëee mech.

Déi zwéit Käerz brennt,
et ass Advent.
Ech waarden op dëst Kand,
dat kënnt fir Aarm a Räich,
beim Härgott senn all Mënsche gläich.

Déi drëtt Käerz brennt,
et ass Advent.
Ech waarden op dat Kand aus eiser Mëtt,
fir mir de Wee ze weisen, op deem et Fridde gët.

Déi véiert a lëscht Käerz brennt,
nach ass Advent.
Mä dWaarden huet een Ënn, ech bereede mech vir,
wëll Krëschdag steet virun der Dir.

(Text: Equipe Kannerpastorale Housen-Houschent)

An der Equipe Kannerpastorale Housen-Houschent schaffe mat:

  • Gerard ALBERS, Nuechtmannescht
  • Eliska ANTONY-ONDRASOVA, Konstëm
  • Margot BERNERS-HEINEN, Wäiswampech
  • Elvire BOLMER-GOLDSCHMIT, Mierschent
  • Romy FEHRES-COUTURIER, Wuelëssen
  • Agnès GALES-WAGNER, Houschent
  • Mila HERMES-FERNANDES, Housen
  • Marianne KAES-WAGENER, Houschter-Déckt
  • Dorothée KLÖCKER-VIERSCH, Grooljen
  • Bernadette MOLLITOR-TRAUSCH, Grooljen
  • Melanie SCHMITZ-SCHMITZ, Housen
  • Nicole WAGENER-SCHROEDER, Houschent

Bei äis ka jiddfereen matschaffen, deen Looscht an Zäit matbréngt. Wien intéresséiert ass,  ka sech bei engem vun den uewegenannten Memberen mëllen oder den 4. Januar 2011 ëm 19:30 Auer an eisen Aarbechtsgrupp op Grooljen an déi aal Schoul laanscht kucke kommen.

Wien och an eiser Equipe matschaffen  wëllt ass häerzlech wëllkomm a kann sech um  Tel: 26 95 90 02 mellen.

All nei Member ass häerzlech wëllkomm!

Hei nach den Ausbléck op déi nächst Kannermassen a Feieren mat de Kanner:

04. Dezember 2010

Housen 18:00 Auer

Kannermass zu Éieren vun der helleger Barbara

24. Dezember 2010

Housen 17:00 Auer

Familljemass op Hëlleg Owend mat Krëppespill

05. Februar 2011

Housen 19:00  Auer

Mass zum Kannermissiounssonndeg „Kinder zeigen Stärke

09. Mäerz 2011

Housen

Äschermëttwoch – Mass fir Grouss a Kleng mat Ausdeelen vum Äschekräiz

22. Abrell 2011

Houschent 15:00 Auer

Kannerkräizwee

08. Mee 2011

Park Housen 10:00 Auer

Feier vun der 1. Helleger Kommunioun

19. Mee 2011

Housen 15:30

Kannerseegnung fir déi ganz Kleng
well op Liichtmëssdag ganz dacks schlecht Wierder ass, gouf dës Feier an dOktavzäit verluegt

???

 

Schoulofschlossmass

Aaner wichteg Datumer fir äis Kommuniounskanner:

17. Dezember 2010

Prouwen Krëppespill

21. Dezember 2010

23. Dezember 2010

01. Mäerz 2011

Kommuniounskäerz gestalten

13. Abrell 2011

Dag vum Brout baaken

20070916c

Segen für die Schulzeit

Gott schenke dir einen guten Start voller Freude und Fleiß.

Er halte seine schützenden Hände über dich und segne deinen langen Schulweg, dass gute Noten ihn pflastern.

Und wenn dir dein Schulweg beschwerlich wird, schicke er dir einen Engel, der dich über alle Stolpersteine hinwegträgt, und deinen Gedanken Geistesblitze  und deinem Eifer Ausdauer.

Amen.

Schoulofschlossmass zu Mierschent den 14. Juli 2007

Ufankslidd: Kommt erbäi, mir bauen eng Bréck

Kräizzeechen

Begréissung/Aféierung:

    Léif Kanner, léif Leit alleguer,

    Ech begréissen iech ganz häerzlech zur Schoulofschlossmass.

    Um Ënn vum Schouljoer senn mir zesummen komm fir Mass ze feieren an dem Härgott merci ze soen fir alles wat mir dëst Schouljoer erliewt a geléiert hunn.

    Hei virum  Altor gesidd Dir een Panneau mat Diicher.

    (dKanner réagéieren loossen: Reenbou, wéi entsteet de Reenbou, seng Faarwen)

    An deenen lësten Deeg a Wochen hunn dSonn an de Reen sech esou séier ofgewiesselt dat mir dacks dobaussen e schéinen faarwegen an groussen Reenbou konnten bewonneren. Esou een Reenbou faszinéiert äis Menschen ëmmer ërem. Mir gesinn den Reenbou um Himmel an et méngt een säin Ufank an säin Ënn wären um Buedem , op der Äerd. Den Reenbou huet also ëppes mat der Äerd an dem Himmel ze dinn. Den Reenbou ass dem Härgott säin Zeechen, fir äis ze soen, dat hien tMenschen gären huet, et ass een Zeechen vum Härgott sénger Frëndschaft mat äis Menschen heinidden. Wëll den Härgott äis gären huet, verzeiht hien äis och ëmmer ërem eis Fehler. Am Scholdbekenntnis wëllen mir elo den Härgott ëm Verzeihug froen,  fir alles wat am Schouljoer falsch gelaaf ass.

Boussakt mat Zwëschengesank: (3 Kanner)

    Härgott,

    zesummen spillen ass flott a mécht Spaass.
    Heiansdo kruten mir awer och Sträit beim Spillen an der Paus.
    Mir wollten alles besser wëssen
    an haten keng Gedold mat eise Spillkommeroden.

    Härgott,

    ëppes Neies léieren ass flott a mécht Spaass.
    Méi ewéi eng Kéier haten mir awer dFëmm mat der Schoul.
    Mir haten keng Loscht eis Hausaufgaben ze maachen
    an dLéieren war fir äis eng Plo.

    Härgott,

    ëppes Neies erliewen ass flott a mécht Spaass.
    Heiansdo waren mir dofir awer nët bereet.
    Mir hunn nët nogelauschtert wann mir um Schoulausfluch ëppes gewiesen an erklärt kruten,
    léiwer hunn mir Dommheeten gemaach an dKlass gestéiert.

    Glory, Glory, Halleluja

    O Här, mir luewen Dech!

    Bei  Rout denken ech un eng Kiischt oder un Blutt.
    Ech denken awer och un engt Häerz.
    Déi rout Faarw steet fir dLéift.

    Bei Orange denken ech un eng Orange oder eng Aprikos.
    Ech denken awer och un engt Lagerfeier rondrëm dat dMenschen sëtzen.
    Déi orange Faarw steet fir dBegéisterung.

    Bei Giel denken ech un eng Zitroun oder un den Auto vum Bréfdréier.
    Ech denken awer och un dSonn, déi alles hell mécht.
    Déi giel Faarw steet fir dFreed.

    Glory, Glory, Halleluja

    O Här, mir luewen Dech!

    Bei Gréng denken ech un ee Fräsch oder un eng Cornichon.
    Ech denken awer och un dWiisen an dBëscher.
    Déi gréng Faarw steet fir dLiewen.

    Bei Hellblo denken ech un eng Vergissmeinnicht oder un meng Lieblingsjeans.
    Ech denken awer och un den Himmel.
    Déi hellblo Faarw steet fir dFräiheet.

    Bei Däischterblo denken ech un dMolbier an un dMier.
    Ech denken awer och un e rouegen See.
    Déi däischterblo Faarw steet fir dRou.

    Bei mauw denken ech un eng Promm oder un de Milka Schokola.
    Ech dénken awer och un eng besonnesch Blumm, dVeilchen.
    Déi mauw Faarw steet dir dScheinheet.

    Glory, Glory, Halleluja

O Här, mir luewen Dech!

Reebou

SEGENSGEBET

Gott,

Die Farben des Regenbogens sprechen von deinem Segen.

Das Rot sagt:
Deine Liebe trägt uns.

Das Orange sagt:
Du hältst uns in deiner Hand.

Das Gelb sagt:
Du schenkst uns Mut zum
Durchhalten.

Das Grün sagt:
Mit deiner Hilfe
wachsen und reifen wir.

Das Blau sagt:
Alles Gute kommt von dir.

Das Violett sagt:
Auch in schweren
Zeiten bist du da.

Wie der Regenbogen
am Himmel ist,
so ist DEIN SEGEN über uns.

Dagesgebied

Lieber Gott, Schöpfer des Himmels und der Erde, du hast uns das Leben geschenkt.

Viele Menschen helfen uns, im Leben Freude zu haben. Mit den Farben des Regenbogens wollen wir dir für alles danken.

Wir danken durch Jesus Christus, deinen Sohn, unsern Herrn und Gott, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit. Amen.

An der Bibel, am Aalen Testament, steet eng Erzielung iwwert den Reenbou an iwwert den Noah, deen engt grousst Schëff, eng Arch baut. Mir wëllen dës Erzielung elo lauschteren.

Lesung: Geschichte Arche Noah

Halleluja

Evangelium:  „Wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen.

Kuurz Predigt:

Glaawensbekenntnis:  op däitsch gebied

Fürbitten: (7 Kanner)

    Mir bieden fir all Menschen, déi aleng an verlooss senn.
    Mir wënschen hinnen Frënn, déi hinnen Léift schenken.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all Menschen, déi sech langweilen an fir näischt Loscht hunn.
    Mir wënschen hinnen, dat sie dWelt mat de Schéinheeten entdecken, déis du äis geschenkt hues.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all Menschen, déi traureg senn. Loss sie Menschen begéinen duerch déi sie  nei Freed um Liewen kréien.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all Menschen, déi krank sënn an Peng mussen erdroen.
    Schenk du hinnen Menschen, déi sech mat Léift an Gedold ëm sie këmmeren.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all Menschen déi ënnert dem Krich  leiden an fir all Menschen déi keng eege Meenung duerfen hunn.
    Schenk du hinnen Frieden an Fräiheet.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all déi gestresst Mënschen, déi keng Zäit méi hunn. Loss sie an der Vakanz Rou an Erhuelung fannen.

Härgott héier äis.

    Mir bieden fir all déi Menschen, déi nëmmen méi dat Schlecht gesinn, déi blann senn fir dSchéinheet vun dëser Welt. Looss sie deng faarweg Welt nei entdecken.

Härgott héier äis.

Gowenlidd: Wenn meine Mutter Gäste hat

Sanctus:  Hëlleg, hëlleg bass Du Här vum Liewen

Vater unser  (lëtzebuergesch)

Agnus Déi: Shalom, Shalom, Shalom, Shalom

Kommuniounslidd: Gottes guter Segen sei mit euch

No der Kommunioun mat Tëschengesank:

    Wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen.

    Mat de Faarwen vum Reenbou soen mir dir merci fir alles wat mir am lësten Schuljoer erliewen duerften.

    Rout steet fir dLéift.

    Mir soen merci fir äis Frënn, fir dLéift vun äisen Elteren, an dVersteesdemech vun eisen Jofferen an Schoulmeeschter.

All: Härgott, mir soen dir merci.

    Orange steet fir dBegéisterung.
    Mir soen merci fir alles wat äis an der Schoul gefall huet. Mir waren begeestert wann mir gebastelt hunn, wann mir Fussball gespillt hunn, wann mir op Entdeckungstour waren oder eis Theaterstécker geprouwt hunn.

All: Härgott, mir soen dir merci.

    Giel steet fir dFreed.
    Mir waren frou wann mir ëppes Neies geléiert hunn.
    Gutt Punkten hunn äis besonnesch Freed gemaach.

All: Härgott, mir soen dir merci.

    Gréng steet fir dLiewen.
    Mir soen merci dat mir duerften an de Bësch spazéieren goen
    an dNatur an hirer ganzer Schéinheet duerften erliewen.

All: Härgott mir soen dir merci.

    Hellblo steet fir dFräiheet.
    Mir soen  merci dat mir an de Pausen  zesummen spillen konnten mat wem mir wollten.

All: Härgott mir soen dir merci.

    Däischterblo steet dir dRou.
    Mir soen merci fir déi fräi Deeg an dVakanzen, wou mir nët léieren mussten an dat maachen konnten wou rops mir grad Loscht haten.

All: Härgott mir soen dir merci.

    Mauw steet fir dSchéinheet.
    Mir soen merci fir déi schéin an faarweg Welt an där mir liewen duerfen.

All: Härgott mir soen dir merci.

Segen a Schlusslidd: Komm mir ginn eis dHand

Iwwerleedung Scheckiwwerreechung

E puer Wuert vum Vertrieder vun CSI

2370 Euros konnten dKommuniounskanner un CSI fir de Projet „Aidswaisen am Kongo iwwerweisen. Hinnen een häerzleche Merci.

 No der Mass: Ausdeelen un dKanner vun Lieszeechen mat Segensgebet