E puer Iwerleeungen zum Advent
Am Evangelium vum 1. Advent Sonndeg gin mir opgeruf, waakrig ze bleiwen. Am deitschen drëckt daat sech besser aus Seid wachsam.
Et gin verschidden Formen fir waakrig ze gin:
Waachsamkeet vun der Angst.
Hei geschitt engt An-Sech-Eranzéien, Maueren virun all Friemes opbauen, bei all Neies eng Bedrohung vermuten, geent déi een sech wieren muss.
Daat as dMentalitéit, vum leschten Knieecht aus dem Evangelium, deen sein Talent aus Angst virun sengem Här vergruewen huet, well hie gemengt huet et géif een him et stehlen.
Hei ass dFolleg dovun , datt des Angst alles blockéiert, an datt sech neischt entwëkelen kann, hei ennerdreckt dAngst de Liewensprozess an léisst keen neit Liewen zou.
Daat kann sech an mengen eegenen Liewen esou weisen: datt ech mat kengem Mensch Kontakt well, datt ech meng Matmenschen mat Misstrauen begéinen, datt ech all Energie asetzen, datt et mir nemmen
gut geet.
Domat isoléieren ech mech selwer, soen Neen zu allem waat mech am menschlichen Zesummenliewen liewen deet, ech haalen meng eegen Zukunft a Schach.
Oder ech reagéieren aggressiv op alles, waat mech a Fro stellt, op aaner Meenungen op Menschen déi ech nach net kennen.
Do kann esou guer mein reliéis Liewen mir eng Rechtfertigung gin , déi zwar neischt mam chrëstlichen Glaawen ze din huet.
Ech bieden, Ech gin all Sonndes an meng Mass. Ech feieren de Gottesdengscht mat. Ech sin mat mengem Gott am Rengen.
Daat selwischt Schema bestemmt och villfach daat politisch-gesellschaftlichen Geschéien. Grad no dem furchtbaren Attentat vum 11.September, an aaneren terroristischen Aktioun, besteet Gefohr datt «
Wachsamkeet vun der Angst » alles bestemmt.
Mat vill Meih an Courage geschaafen Freiheetsrechter gin ageschreänkt. Verdächtigungen an Ennerstellungen kreien déi Leit a ganz Völker ze spiiren, déi eng aaner Kultur, Relioun an Glaawensiwerzeegung
hun. Alles waat friem as mecht Angst. Esou kritt eis Welt Menschen déi sech selwer oofkapselen an aaner onschellig Menschen veruurdeelen. Hei get och dacks alles an een Deppen geheit.
Durch Angst sin schons vill Kricher entstaanen. An e Krich kann keen Fridden schaafen.
Gewalt mat Gewalt ze bekämpfen huet dFolleg datt dMenschheet nie aus dem Deiwelskrees vun der Gewalt eraus könnt. An an dësem Gescheen get nëmmen dRecht, Muecht an dHerrschaft gesin déi e Selbstzweck gët an
esou dausenden Menschen an den Dout féiert.
Déi zweet Wachsamkeet as déi vun de Gefoor.
Secher as och eng Waachsamkeet virun der Gefoor am perséinlechen, wéi och am politischen Bereich berechtigt.
Secherheet as existenziel fir dMenschen. Me eng absolut Secherheet gët et net. Wann een eng absolut Secherheet am perséinlichenen Liewen well, dann kann een sech net méi no baussen trauen.
Wann een esou eng Secherheet am gesellschaft-politischen wëll hun, dann kreien mir e Staat, deen mat Zwang operéiert an sech gären zu engem Polizeistaat entweckelt.
Mir können also nemmen eng relativer Secherheet liewen, dei dBalance hält tëschent der Isoléierung vun sech selwer an dem Courage eis neien Erausfuerderungen ze stellen , den Deiwelskrees vun der Gewalt
an der Aschränkung vun der Freiheet ze durchbriechen.
Als drett hun mir Waachsamkeet vun der Hoffnung.
An dorems geet et dem Jesus. Waakrig ze sin fir dHoffnung get eis schon daat ze spiiren waat op eis duerkönnt.
Mat deser Astellung , geschitt en Opbroch, hei kann een eng Vielfalt vun Méiglechkeet entdecken, et traut een Neies ze woen an zacceptéieren.
Daat muss net spektakulär ausgesin. Am Evangelium heescht: Jidfereen kritt vum Här eng bestemmten Aufgab. Waakrig, Wachsam sin heescht also, déi Aufgab entdecken, déi Gott mir uvertraut huet.
Hei geet also net em eng passivt Oofwarden. Neen des Waachsamkeet feiert eis dozou datt mir een oppen Ouer an e klooren Bleck an en oppent Härz hun,esou datt mir spiiren waat fir eng Diiren dZukunft eis
opmachen kann.
Hei gët et allerdings keng absolut Secherheet. Mir können och negatives erliewen. Me ouni e Gespiir ze hun fir daat neit, ouni Hoffnung ze woen fällen mer erem an de Kreeslaaf vun dem aalen zreck a mir
investéieren vill Energie fir Saachen déi der Vergangenheet ugehéieren ze verwalten.
Waachsmkeet vun der Hoffnung huet och eng politisch Variant: Wien hät drugeduecht datt en totalitären Regime am Osten vun Europa ouni Gewalt eent Enn géif kreien. Wéi och z.Bsp. an Südafrika eng friedlich
Bezeiung as tëschent Schwaazer a Weisse enstaanen. Menschen vun verschiddener Hautfaarw, déi sech nach virdrun déi zwou Seiten mat Haas an Gewalét gegeniwer stungen.
Leider gin esou Evenementer vun Hoffnung an friedlichen Léisungen an de Medien net genug dokumentéiert.
Medien hun anscheinend mei Intressi un Berichter vu Gewalt an dTerror, déi de Leit Angst maachen, wéi un Initiativen déi sech engagéieren fir dWürd am menschlichen Zesummenliewen.
Esou steet haut den Advent do als Zeechen vum Opbroch. Am Bleck op deen, op deen mir waarden. Vun him kreien mir Hoffnung an Courage eis ze engagéieren fir friedlich Léisungen vun de Konflikter, a mir kreien
Kraaft Widerstand ze leesten geent all daat waat de Mensch an eis Welt futi mecht.
Sech um Liewen vu Jesus vun Nazareth z orientéieren heescht déi Werter déi Jesus eis viirgeliewt huet , a Kiirch a Gesellschaft durch eist Handelen an eise Zeit wouer gin ze loossen. Well eise Glaawen seet
eis datt dem Jesus seegt eegent Liewen, sein Handelen, seng Wierder a sein Stierwen een fir allemol bei Gott duurch Opersteeung vun den Doudigen. unerkannt, bestätigt a fir richtig an wouer gehalen gouf.
Hei as en entscheedenden Durchbroch an daat Neit geschitt, daat kengt Zreckgoen mei kennt.
Jesus as een vun eis. Och mir gin de Wee deen Hien gaangen as. Hien geet mat eis vu Geburt bis un dEnn vun eisem Liewen bis iwert de Dout eraus.
Esou können mir emmer erem Advent am Vertrauen feieren, datt den Advent vun eisem Liewen sengt Enn fënd an der Gebuergenheet an am Geheimnis vu Gott.
|