|
Haart rhythmesch Kläng, räich gedeckten Dëscher, auserliese Geschenker ..., ass dat eis Interpretatioun vun der "Frouer Botschaft", déi d'Engele virun 2000 Joer den Hiirden um Feld bei
Bethlehem verkënnegt hunn?
Dovun ass dann awer glat näischt beim Strummert um Eck vum kalen Trottoir ukomm, beim Asylant, beim Mann ouni Aarbecht, bei der klenger Rentnerin oder deene villen hongerege Kanner. Hire Chrëschtdag
ass eng kal, däischter Wanternuecht, ouni Aussiicht op Besserung.
Fridden hunn d'Engele verkënnegt, Fridden doheem an der Famill, Fridden am Sozialen, deen di Arem net ausgrenzt, Fridden an der Politik fir gerecht an human Gesetzer, Fridden an der Wirtschaft,
deen dem ongebremste Muechtstriewen an der Habgier Grenze setzt; dat hu mir an Optrag kritt, mä mir dunn äis schwéier et ëmzesetzen.
Ech wënschen Iech, mat alle Membere vun der Parréit, dëse Fridden. E schenkt Gebuergenheet, sou wéi den hellege Jousef dem Chrëschtkand Gebuergenheet gouf.
Mir wënschen Iech Wäermt, Léift an Zouwennung op dësem Chrëschtdag, sou wéi Maria dem Jesuskand hir ganz Léift geschenkt huet.
Dann ass d'Botschaft vun den Engelen ukomm, an an eisen Häerzer ass richteg Chrëschtdag.
Yvonne Majerus
|