Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Lieweg Kiirch
[Home] [Kiirch] [Lieweg Kiirch]
[Lichtmess] [Ouschteren] [Oktav] [Pengschten] [Pilgerfahrt] [Katholikentag] [»Léiwfrawöschdag«] [Allerhelljen] [Chreschtdag] [Lieweg Kiirch] [Weltgebetstag]

Foyer Jorobat

Eise Par-Projet fir de Foyer Jorobat an Indien as ofgeschloss.

Duerch  dHëllef vun jidderengem sin 13.990 € zesummen komm.

Iech all nach emol en decken Merci !

DCheck iwwerrechung as a nächster Zukunft.

Bibelkurs 2006  "Duurch d' Daf an en neit Liewen"

11 Leit hun un desem Kurs deel geholl.

De Fränz Koedinger an dFränz Biwer-Pettinger hun et faerdeg bruecht eis , a kloren Wierder op dat Wesentlicht vun eiser chrëschtlicher Berufung hinzeweisen. Niewt dene geschichtlechen Elementer aus dem aalen Testament, an aus den éischten chrëschtlechen Gemeinschaften hun sie eis ze verstoen gin dat am Laaf vun der Zäit villes anescht gin as, mä dat en echte Glawen eng Realitéit as déi eist Liewen prägt a verännert.

E grousse Merci fir des interessant a liewensno Owender!

Journée sociale
"Glaawen – Liewen – Handelen" 25.03.2006 zu Esch/A

Zwe Leit waren aus eisem Parverband präsent. Hei war klor de Message, datt mir als Chrëschten  emmer um soziale Ball bleiwen mussen.

Afrika-Mass zu Woltz!

7 Leit waren aus eisem Parverband, den 1. Abrëll 2006 zu Woltz an der Afrika Mass, déi vun der Jugendpastoral mam Parverband Wooltz organiséiert gouf.

Am Kader vun enger lieweger, interkultureller Liturgie gestallt vun der Jugend,  huet dMaggy Barankitze, Präsidentin vum Haus Shalom, en Témoignage ginn. Dëst war e Message vun  Glawen, Hoffnung a Léift.

Hei konnt e rausspieren, dass duurch dLéift Menschen et färdeg brengen en dem aneren ze verzeien an ze versöhnen.

No der Mass huet an enger frendschaftlicher Atmosphär dMaggy op dFroen vun de Leit geäntwert

DMaggy  huet an deenen vergaangenen 1o Joer, 10.000 Weesekanner, déi ennert dem Krich am Burundi gelidden hun en Doheem gin.