Home
Gottesdéngschter
Kiirch
Agenda
Aktuelles
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
houhou an haha
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Roum-Rees 2005
[Home] [Kiirch] [Pilgerfahrt] [Roum-Rees 2005]
[Fatima 2007] [Pilgerfahrt 2006] [Roum-Rees 2005] [Pilgerfahrt 2005] [Pilgerfahrt 2004] [Wanderwoche]

    Emol Roum an zrëck !

    Den 23. Mee um 6:30 gung et zu Schlënnermanescht lass
    Do hun déi 1. sich an de Bus geschmass
    Zu 27 man mir eis op de Wée
    Well op Roum ze kommen dauert 2 Dée
    Ennerwée gëtt de neie Bus ageweiht
    Am Frigo dofir de Schampes scho läit
    Zu Basel huele mir dat 1. Mëttigeessen ran
    DStadt Parma léist eis fir ze schlofen an
    Hierer Hâm kruten mir keng ze schmachen hei
    Ma dZëmmer waren ganz an der Rei
    8:00 Auer, Kaffi, wat eng Plo
    Wire mir dach schon do
    16:00 Auer, Yuppi, Roum kënnt méi no
    16:30 Kanner, Porta Magiore, mir sën do
    DZëmmer kreie mir nik schnell genuch
    Dés Bus fueren hu mir lo genuch

    Audienz beim Popst as ugesot
    An do as nett Kleedung gefrot
    Männer dot lang Boxen un
    Well soss sid dir bei den Detektoren drun
    Petersplatz 8:00 Auer, Rendez-vous mir mam Här Terres mir hun hei
    9:00 Auer, mir sin un de Kontrollen verbei
    Mir worden a worden, dSonn dreckt dGehirzellen zesummen
    Roud,weiss,blo Fändelen op der Broscht, fir eist Land brauch keen sich ze schummen
    10:30 de Popst kënnt mam Papamobil
    Begréisst, rechts a lenks, ganz vill
    An alle Sprochen gëtt op Härleichenprëssioun invitéiert
    Ma Lëtzebuerg huet hien nach nik geléiert
    Och goufe mir nik extra begréisst elei
    DHaaptsaach mir waren derbei
    Wann dJugend sech mat jäitzen meld
    Eisem Papa Benedikt et ganz gut gefällt
    Dann höfft hien dHand a wenkt galant
    DFeier as riwer hei
    Mënschen vun allen Natiounen waren derbei
    Wéi fridlich kann een hei zesummen stoen
    Kënten dMënschen op der Welt sich dach nëmmen ëmmer sou verdroen
    Avanti,avanti, durich dStrooss, iwert dKreizung gët gelaaf
    Bei der „la Mama um Trottoir am Schied sich eng Plaaz verschaaf
    DMëttigeessen hot geschmacht, mee Avanti, avanti, gleich virun gemaach
    Detektoren eng 2. Kéier passéiert
    Well elo gët de Péitersdoum studéiert
    Nach e Bléck op Roum vum Aventin aus
    An dann avanti zrëck an dHaus
    De Vic seet: fir schlofen a raschten ass keng Zäit lo do
    Dir sid mir all um 7:30 muer fréi am Bus rëm do

    Bei der Engelsbuerg gouf zu Fouss den Départ geholl
    Justicia, Jesuitekirch,
    Regierungsvéierel,franséich Kirch
    An Pantheon, hun eis Erwardungen iwertraff, ganz toll

    Vill kleng Fontanen gin et hei
    DFotana di Trevi as och der bei
    Deck a kleng Mënzen goufen iwert dSchëller an dWasser geschmass
    Deene si mir elo lass
    Rëm komme welle mir nach emol hier
    An dofir mierkt iech déi 1. sën ëmmer fir
    Iwert Piazza Colona, op de Kascht elo lass
    Eng Pizza, Nudelen oder soss Eppes gët sich ennert dGebeck geschmass
    DSonn um Himmel steet
    An wieder et geet
    28° Grad
    Hut der all den Huckt parat
    Lanst dat immenst MonumentVictoriana erop
    Man mir, an de römischen Käseren hirer Staat de nächste Stop
    An dSonn déi drëckt eis op de Kapp
    An doarfir man der 4er schlapp
    Fir weidergoen sën si nik méi ze erwéchen
    Den Taxi kënnen si sech nach leeschten
    Avanti, avanti, dgëtt wieder gelaaf,
    ennerwee säftig Äppel kaaf
    Souguer op Toilette, därfs du nët goen
    Mengt nik doafir bléifen mir stoen
    Mam Handy muss een damm fannen de Wee
    Avanti, avanti, daje, daje

    Beim Coloseium si mir kommen un
    Wollten nëmmen Wasser kaafen dun
    Et war nik méi fir ze laachen
    Wéi déi 20 Lekt wéi vum Erdbuedem verschwonne waren
    DRolltraap vum Metro mir du geholl fir rop
    Well dStrooss déi mir sichen,läit op der Kopp
    An der Via del Monte Oppio, fanne mir eis rëm
    Mir ducken, man eis kleng, a maulen nik rëm
    DKetty hat als 1. de Bus entdeckt
    An as gerannt wéi vereckt
    Hiert ukommen war bal geteimt
    Mä bis Heem am Bus gouf vun hëtzt gekeimt
    DSakramentpressioun um Lateran
    War just nach fir dRennscheieren dran
    Si hun dMiddigkeet iwwerbreckt
    An si schnell di hin geschreckt
    Esou ee Mënschespill nach ni gesin
    1000de lanst dStroosse stinn
    De Popst um Biedstull virum Sakrament knéit
    sou op engem Wol, hien mat an der Pressioun zéit

    Freides moies, de Besuch vun de Basilikaen as um Plangdrop
    Zu Fouss geet ët bei St. Crocce an Lateran rop
    DBeen an dFéiss si schon rem mid
    Kee wees wat elo geschitt
    Den Här Therres hot engt gudd Gespier
    A mir foaren bei dMaggiore mam Bus bis virun Diir
    Zäit fir ze schoppen as eis gin
    Sou hu mir nach munich schéin Geschäfter gesin
    Nomëttes, Plaza Popolo, war nik zerréchen
    Fir zu Fouss war keen méi ze erweechen
    No 2 Stonnen hin an hier
    Waren mir beim Hotel rem virun der Dir
    Lo Valissen paaken
    A macht keng deck Baaken
    More Moien um 10 vir 6 an nik vergeessen
    Foare mir an de Petersdoum eng Mass nach lesen

    Den Här Terres am Massgewand schon steet beret
    Well och hei et Avanti geet
    Beim Petrusgraaf mir gebied a gesongen hun
    Dem Jean Paul den II sengt Graaf as gleich niewen drun
    Vun Baccio den Här Terres hat geschwat
    Mat Baccio-Knippercher mir him ee Merci gemat
    Lo gët et Zäit fir Abschied ze huelen hei
    Déi 4 Deeg zu Roum gungen wéi am Flug verbei
    Am Bus sëtze mer fir op Heem lo all
    Ech mengen et hot eis all gefall

    Mee rem musse mir nach emol kommen hei hin
    Well dSpuenich-Trappen hu mir nach nik gesin
    Op dKuppel vum Péitersdoum welle mir och nach rop
    De Wonsch bleiwt an eiser Kopp
    Vic a Charlotte, mir soen eech elo merci hei
    An vleicht si mir déi nächste Kéier rëm derbei

     Jo/Ja

  • Roum-Rees vum 23. - 29. Mee 2005

     

    Eng Rees an engem Bus vun 30 Platzen, hin an zeréck, mat Exkursionen zu Rom.

    Op der Hinfahrt 1 Nuecht schlofen zu Parma  ( ***)

    4 Nuechten am Hotel Portamaggiore zu Rom wou mir 1999 waren.

    Wa mir zeréck kommen, 1 Nuecht zu Chiasso ( *** )  Mëttegiessen zu Modena.

    Eng Reesversecherung abegraff.

    Mir hun Hallefpension op eiser Rees fir méi Flexibel ze sin. De Paschtouer Terres as eise Guide zu Rom.

    Präis vun der Rees 620 € (bei 20 Leit) Eenzelzëmmer + 145 € Opschlag.

    Den 1. Abrël kennt e neit Gesetz, wou en Taxe-Präis  bei Exkursionen am eegene Bus kennt, Wéivill, kee wes ët ???

    Mir hun Option am Hotel bis 25. Februar 2005 fir eis unzemelden.

    Umelden kënnt dir Iech, bis den 24. Februar 2005 um Telefon 99 07 78 (Bodson Vic Schlënnermanescht). Dir sollt en Akkont iwerweisen vun 100 € pro Persoun, bis den 24. Februar, de Rest bis 15. Mai 2005 op den Konto: BCEE : LU44 0019 1955 7867 0000 vum Bodson – Kneip Vic , mam Vermierk: Roum–Rees 2005