Begriefnisfeier
De Paschtouer kënnt mat de Massendénger bei d'Morgue. No enger kuerzer Begréissung gëtt ee Stéck aus dem Evangelium virgelies. No enger Stëllt gëtt d'Glaawensbekenntnis an de "Vater Unser" gebied. Den Härgott get
ugeruff fir dem Verstuerwenen seng Sënnen ze verzeien.
Duerno kënnt dann dat eigentlech Begriefnis. Mir reechen dem Paschtouer d'Wäirauchfaass an d'Schëffelchen. Hie geet mam Wäirauch ronderem d'Lued. Duerno get mat enger klenger Schëp Buedem iwwert d'Lued geschott.
Derbäi get en Text virgelies, deen déi Handlung beschreiwt. Dann ass d'Zeremonie um Kierfent schon eriwwer. Jiddereen mécht just nach mam Wäiwaasser ee Kräiz iwwert de Verstuerwenen. Wann mir fäerdeg sinn, da gi mir erem zeréck an
d'Sakristei.
Uschléissend gët meestens eng "normal" Mass gefeiert, an der de "Gloria" net gesonge gët.
|