Scholdbekenntnis - A
Ech bekennen eiser Härgott, deen all Muecht huet, an iech, Bridder a Schwësteren: Ech hu gesënnigt durch villes wat ech geduecht a gesot, gemaach an ënnerlooss hun; t'as meng Schold, t'as meng grouss
Schold. Duefir bieden ech d'helleg Gottesmamm, all Engelen an Helleg, an och iech, Bridder a Schwësteren, fir mech ze biede bei Gott, eisem Här.
Gloria - B
Èier dem Härgott am Himmel, a Fridd op der Aerd, de Mënschen, déi hien gär huet. Mir luewen dech a veréieren deng Guttheet, mir bieden dech un a verkënnegen déng Gréisst; mir soën dir merci fir déng grouss
Härlechkeet. Här a Gott, Kinnik vum Himmel, Härgott, allmächtigen Papp.
Här Jesus Christus, eenzege Sonn, Här a Gott, Lamm Gottes, Sonn vum Papp, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech, erbaarm dech eiser! Du hëls d'Sënde vun der Welt ewech, erhéier eist Gebied. Du sëtz rietserhand
vum Papp, erbaarm dech eiser. Well du eleng bas den Hellegen, du eleng bas den Här, du eleng bas den Héchsten, Jesus Christus, mam Hellege Geescht an der Härlechkeet vu Gott, dem Papp. Amen.
Credo - C
Ech glewen un den Härgott, de Papp, deen all Muecht huet, deen Himmel an Aerd erschaf huet; an u Jesus Christus, säin eenzege Sonn, eisen Här, gebuer vu Maria, der helleger Jongfra; gelidden ënnert Pontius
Pilatus, gekräizigt, gestuerwen a begruewen; Hien ass erofgaang an d'Räich vum Doud, operstan den drëtten Dag an opgefuer an den Himmel; Hie sëtzt rietserhand vum Papp, deen all Muecht huet; vun do kënnt
hien, fir déi Lieweg an déi Doudig ze riichten. Ech glewen un den Hellege Geescht, un déi helleg kathoulisch Kiirch, un d'Gemeinschaft vun den Hellegen; ech glewen, datt d'Sënde verzië gin, datt déi Doudeg
operstin, an un d'éiwegt Liewen. Amen.
Sanctus - D
Helleg, helleg, helleg bas du, Här, Gott Sabaoth! Himmel an Aerd si voll vun denger Härlechkeet. Hosannah héich am Himmel. Héich gelueft sief hien, dee kënnt am Numm vum Här. Hosannah héich am Himmel.
Vater Unser - E
Eise Papp am Himmel, däin Numm sief gehellégt. Däi Räich soll kommen, däi Wëll soll geschéien wéi am Himmel sou op der Aerd.
Gëf eis haut eist deeglicht Brout, verzei äis eis Schold, wéi mir och dene
verzeien, déi an eiser Schold sin. Féier äis nët an d'Versuchung, mee maach eis fräi vum Béisen.
Well däint as d'Räich an d'Muecht an d'Härlechkeet fir ëmmer an éiweg. Amen.
Agnus Dei (Lamm Gottes) - F
Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech: erbaarm dech eiser! Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt ewech: erbaarm dech eiser! Lamm Gottes, du hëls d'Sënde vun der Welt
ewech: gëf eis de Fridden!
|