Patréiner vun den Massendénger: Hellegen TARCISIUS
Den hellegen Tarcisius ass de Patroun vun de Massendénger. Vum Tarcisius get erzielt, hien hätt am 3. Jhd zu Roum geliewt. Hien war e jonke Chrëscht. Fräiwëlleg huet hien de Kranken an de
Gefaangenen d'hl. Kommunioun gedroen. Eng Kéier wou hien mat den Hostien ënnerwee war, hu Kanner hien gefroot fir matzespillen. Wéi hien "Nee" gesoot huet, hunn si hien gedierengelt. Aus Aangst, datt
sie kéinten entdecken, datt hien déi geseenten Hostie bei sech hat, ass hien fortgelaaf. Aus deem Spill ass eng Verfolgung ginn. D'Kanner wollte wëssen, wat hien ënnert senger Tunique géif verstoppen. Si hunn hien ëmmer méi
gedierengelt. Wéi dunn den Tarcisius gefall ass, hunn si hien getrëppelt a geschloen, fir un dat Wäertvollt ze kommen, wat hien ënnert sengem Kleed verstoppt hat. Un sengen schlëmmen Verletzungen as en Tarcisius gestuerwen.
Säin Graf as an de Calixtus-Katakomben an der Via Appia Antica zu Roum.Dem Tarcisius säi Festdag gouf fréier de 15.08. gefeiert. Mee
vun 1950 un gouf d'Fest "Maria Himmelfahrt" op de 15. August festgeluecht. Esou ass d'Fest vum Hellegen Tarcisius no an no an de Vergiess komm. D'Nationaléquipe vun de Lëtzebuerger
Massendénger huet d'Initiativ ergraff fir bei eis am Land een Dag, wou keen extrat Fest gefeiert gët, als den Dag vum Hellegen Tarcisius ze feieren: den 9. Juli gouf gewielt.
|