Home
Gottesdéngschter
Agenda
Aktuelles
Besennlisches
Divers
Daafkanner
Kannerpastorale
1. Kommunioun
Massdénger
Jugendpastorale
Guiden a Scouten
Et bestueden sech
Éis Poren
Verwaltung
Links ... a rechts
Impressum
Logo17502
Massdénger
[Home] [Massdénger]
[Eis Massdénger] [Patréiner] [Opbau vun der Mass] [Begriefnisfeier] [Massgebieder] [Messgebete] [Gebieder an der Mass] [Gebete in der Messe]

Info fir d’ Massendinger vu Baastenduerf

Aus zäitleche Grënn muss ech meng Charge mat de Massendinger ofginn. D’Claudine Dondelinger iwwerhëlt meng Arbecht (säin Telefonsnummer ass 80 99 24 ). D’Massendingerlëscht gëtt och weiderhi vum Marie-Anne Roeder gemeet (80 38 70)

Ech soen iech Merci fir ären Asaz, a wënschen dem Claudine vill Freed mat senger neier Aufgab.

Annette Weis

Adventsaktioun vun de Baastenduerfer Massendinger

Zënter puer Joer hu mir Massendinger eis entschloss fir am Advent Sue fir ee gudden Zweck ze sammelen. Duerfir si mir och dëst Joer rëm amgaangen Saachen ze bastelen fir un den Chrëschtbeemchen ze hänken, déi mir op deene 4 Adventsweekender no der Mass zu Baastenduerf verkafen.

Mir soen Iech lo scho “Villmools Merci”fir Är Ënnerstëtzung!

Massendénger

Equipe Lëtzebuerger Massendénger MAFREMA (MAt FReed Massendénger)

Dënsdes den 03. November 2009 ass eisen nächste MAFREMA (MAt FReed Massendénger) / COMA-Time (COol MAssendénger) zu Iechternach.

De Verlaf vun deem Dag, zu deem all Massendénger invitéiert sinn, ass dëst Joer anescht. Et sinn Atelieren mat Spill, Spaass, Informatioun, Diskussioun…déi de ganzen Dag iwwer lafen. Se sinn och net zäitlech begrenzt an d'Massendénger sichen se no hirem Interesse aus.

Als besonnesche "Gaascht" ass eng grouss Tarcisius-Statue vu 5 Meter zu Iechternach - an och hire Künstler B. Lang aus der Schwäiz kënne mer bei där Geleeënheet begréissen.

Dir mierkt: et ass dëst Joer nach méi derwäert wéi soss, fir matzemaachen an eng Hand mat unzepaken.

A fir datt och d'Equipe Lëtzebuerger Massendénger e wéineg berouegt ka raschten, wäre mer frou, wann dir äis kënnt prinzipiel matdeelen ob dir bereet sidd, bei desëm neie Mafrema matzehëllefen.

Genee Detailler komme selbstverständlech spéider - an an eise gemeinsamer Versammlung, en Dënschdeg, de 6. Oktober 2009 plange mer zesummen.

Dir kënnt och nach aner Massendéngerresponsabel oder Interesséiert uschwätzen an si motivéiere fir matzehëllefen Fir äis wär et gutt ze wëssen, zu wéivill mer sinn. Mellt iech dofir wa méiglech w.e.g
bis den 10. Juli 2009 un via Mail: massendenger@hotmail.com

Massdinger/innen opgepasst

Et as nees eng

Lourdes-Wallfahrt

 an dat vum 17.-24. Juli 2008

Fir wenn?

    ma du muss mindestens während dësem Schouljoer am 6. Schouljoer sinn.

Wivill duerfen der matfueren?

    am ganzen 85 Leit

Wat kascht et?

    ganze Präis 490 €

Wat muss ee maache fir kënne matzefueren?

    Umeldeformular komplett ausfëllen (kriss du bei dengem Responsablen)

    Acompte vun 190 € op de Konto vun de Massendenger iwwerweisen.

Houschter-Déckt 2007

Massdenger 030_27A

D'Massendénger vun Houschent an der Déckt hunn dest Jar hir Chrëstdagsaktioun zesummen mat der Madame Manny Scheidweiler-Recken vun Weller gemaach.

Si engagéiert sech ënnert anerem fir eng Ambulanz am Burkina Faso ze finanzéieren. D'Massendénger konnten si mat engem Scheck vun 500€ ënnerstëtzen duurch den Verkaf vun Beemchenophänger vun 2€/Stéck.

MAFREMA

Formatiounsdag fir Massendénger aus dem 4., 5. a 6. Schouljoer:

E Freideg, den 03. November 2006 (Allerhelljevakanz) vun 10:00 bis 16:30 zu Iechternach (Lycée classique, Basilika); zesumme mam

COMA-TIME fir Massendénger vun 12 Joer un.

D’Massendénger vun 12 Joer sollen sech 2 Atelien eraus sichen:

  • Flower-time
  • Play-time
  • Churd-time
  • Musée an Deko
  • Read-time

Umelden bei Birchen-Kohl Beby um tel: 99 07 57 bis spéitstens, den 20. Oktober 2006 Merci!

Lëtzebuerger Massendénger

D'Equipe "Lëtzebuerger Massendénger" ass online. Surft emol dohinn!

http://www.massendenger.cathol.lu

Neigkeeten

Massdenger/innen: Roumwallfahrt 2006

40 Massdenger/innen aus dem Land sin invitéiert un deser Roumwallfahrt deelzehuelen. Et muss e virum 01. September 1992 gebuer sin, an och wirklech nach Massdenger sin!

Wat muss du machen fir kennen matzefueren?

  • 1. Umeldungsformular komplett ausfellen, mat Ennerschrëft vun engem vun den Elteren a vum Här Paschtouer.
  • 2. en Accompte vun 200 € op de Konto BCEE: LU92 0019 1106 8699 6000 vun de Letzebuerger Massendenger mam Vermierk “Roumrees”
  • Wien interresséiert ass soll sech e Formular beim Beby Birchen (Resp. vun eise Paren) um Telefon 99 07 57 ufroen an esou seier wii meiglich umelden,
  • déi eischt sin fir.
  • Denn Internationale Massdengercamping an Däitschland (Bayerischer Wald) fir Massendenger vun 10-14 Joer Detailler kommen nach no.
  • All des Informatiounen- an nach méi noliessen op der Home Page vun de Massdenger .

Iechternach

Massdenger a Responsabel: den 3. November 2005 MAFREMA zu Iechternach.

E Formatiounsdag fir d’Massdenger aus dem ganzen Land vum 4. – 6. Schouljoer oder COMA-TIME ( COol MAssendénger-Zäit) fir d’Massdénger vun 12 Joer un.

Ges du mat, da meld dech beim Birchen-Kohl Beby wat Responsabel vun eise Massdinger aus dem Parverband as un tel: 99 07 57 an dat bis den 16. Oktober

Massendenger opgepast!!

Et as esou wäit, datt mer ais nes op den Tour man, an zwar den 14. September, den Dag ir d’Schoul nes ufänkt. Da sid der bestëmmt all aus der Vakanz erëm. Mir fueren nes op Brühl an’t Phantasialand. Elo schon wësse mer gär wien matfiirt. Meld iech sou bal wéi méiglech bei ärem Responsablen oder engem Paschtouer un, an zwar bis den 5. September.

Weider Eenzelheeten kritt der nach matgedeelt.

 

     Umellung ofgin bis den 05. September 2005. Merci!

Numm: ___________________

Virnumm: _____________________

Vun: _______________________ meld sech fir den Tour vun de Massendenger un.

Ënnerschreft vun engem vun den Elteren: ___________________

     

Massdenger:

D’Koordinatriss vun de Massendenger vum ganzen Parverband as d’Madame Beby Birchen vun Nuechtmannescht.

E grousse Merci un d’Marianne Kaes, dat bis elo vill Engagement fir d’Massendenger vum ganzen Parverband opbruecht huet.

D'Lëtzebuerger Massendénger

informéieren all Massendénger vum 6. Schouljoer un, datt d'Responsabel aus de Poren (déi an der Zentral ugemellt sinn) Detailler an Umeldungsformulaire fir d'Lourdes-Wallfahrt 2005 geschéckt kritt hun.

Fir méi iwwer dës Massendéngerwallfahrt (vum 28. August bis den 03. September 2005), gewuer ze ginn, kënnt Dir nofroen an der Massendéngerzentral um Telefon 44 74 32 43; Fax: 447 43.

MinistrantenPic04

... Schmuck für den Altarraum?

Was ist das: ein Ministrant?

Übersetzt aus der lateinischen Sprache bedeutet "Ministrant" der Dienende. Der Ministrant ist jemand, der im Gottesdienst Handreichungen erledigt: Leuchter tragen, Bücher halten, den Altar decken mit dem Kelch, mit Brot und Wein, mit Schellen läuten, Geld einsammeln, das Rauchfass bedienen, Fahnen halten, Öle oder Weihwasser reichen und anderes. In manchen Gegenden nennt man die Ministranten auch Messdiener.

Pic15

Pic16

Pic17

Ministrant-sein heißt, nicht nur einige Handgriffe beherrschen und etwas mehr als die Altersgenossen über die Feier des Gottesdienstes wissen. Ministrant-sein heißt mit Interesse und Freude einen Dienst tun für die Gemeinde, eine Aufgabe übernehmen, die vielseitig ist und immer wieder neuen ehrenamtlichen Einsatz fordert.

Heute ist der Ministrantendienst offen für Mädchen und Jungen. Er ist eine besondere Form der kirchlichen Jugendarbeit. Viele Minis engagieren sich aber auch bei Aktionen für Menschen in Not.

Beispiel: Massendénger vun Houschent/Houschter-Déckt 2005

Houschent02

Déi lest 2 Jor hunn mir Ophänger fir den Chrëstbam an der Kiirch vun Houschent gebastelt. Mat dem Erléis vum Verkaf hunn mir arem an krank Kanner ënnerstëtzt.

Och an aneren Paren aus eisem Verband hunn Massendénger Geld gesammelt fir Mënschen an Nout ze hellefen.

Warum gibt es Ministranten?

Der Priester könnte die meisten Dinge auch selbst tun oder von anderen Leuten erledigen lassen. Doch Ministranten machen den Gottesdienst schöner und feierlicher, sie vertreten die Gemeinde am Altar, sie setzen ein Zeichen: ihren Dienst versehen sie für Gott. Weil der Gottesdienst ein ganz besonderes Fest ist, ist es sinnvoll, dass Ministranten in Chorkleidung und im Altarraum in der Nähe des Priesters am Gottesdienst teilnehmen. Wenn sie den Altar umstehen, vertreten sie in sinnbildlicher Weise die Gemeinde.

So wie wir den Altar sorgfältig mit Kerzen und Blumen schmücken, so ist auch die Chorkleidung der Ministranten und die Anwesenheit von vielen Altardienern im Chorraum ein weiterer Ausdruck des großen Gotteslobes. Ministranten, die ihren Dienst ernst nehmen und im Altarraum mit innerer Beteiligung am Gottesdienst teilnehmen, machen der Gemeinde eine rechte Mitfeier deutlich.

Zur Bedeutung des Ministrantendienstes

Eines steht ja wohl fest: Die Minis sind aus den Gottesdiensten nicht mehr wegzudenken. Wie kahl und leblos würde der Chorraum wirken und wie verlassen sich der Pfarrer vorkommen, müsste er dort vorn allein die Messe leiten. Aber natürlich taugen Minis nicht nur dazu, den Chorraum zu füllen. Im Gegenteil: Das zweite Vatikanische Konzil betont ausdrücklich: Auch die Ministranten (...) vollziehen einen wahrhaft liturgischen Dienst. Sie handeln weder stellvertretend für Kleriker noch an Stelle der Gemeinde. Ihnen kommen eigene Aufgaben zu, die sich aus dem äußeren Verlauf der liturgischen Feiern ergeben und auch nicht von anderen zusätzlich zu ihrem Dienst ausgeführt werden sollen.
Minis sorgen durch ihren Dienst für einen geordneten und dynamischen Ablauf. Darüber hinaus unterstreichen sie durch ihr Handeln bestimmte Vorgänge und weisen auf Wesentliches hin.

Pic01 Pic02

http://www.minis-aichach.de/mini/lexikon

http://www.minis-online.ch/lexikon.html

http://www.minis-untergrombach.de/Allerlei/Lexikon/body_lexikon.html

http://www.minis-dreifaltigkeit-offenburg.de/material/stufengebet.html

http://www.minis-kaufering.de/minibuch.php